Radioen

On air

Resonanzen  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Politesch a sozial regressiv wéi eis Zäit

Drama/Comedie

Politesch a sozial regressiv wéi eis Zäit

D'Suite vun der britescher Erfollegsserie "Downton Abbey" ënnert deem selwechten Titel um groussen Ecran. Deen "Här ass Här a Max ass Max"-Film ass een duerch an duerch reaktionäert Wierk.

auto_stories

3 min

Politesch a sozial regressiv Zäiten hunn och d'Filmer, déi bei se passen. 2015 war déi lescht Staffel vun der britescher Serie "Downton Abbey" gelaf. An d'Suite vun den Aventurë vun enger englescher Adelsfamill an hirem Personal tëschent den zwee Weltkricher ass elo am Kino ze gesinn. Den Dréibuchauteur (Julian Fellowes) grad ewéi de Gros vum Cast sinn déi selwecht bliwwen, d'Regie iwwerhëlt den Amerikaner Michael Engler, dee bis elo virun allem am Serie-Format - dorënner "Downton Abbey" - aktiv war.

Eng Fro vun der Éier

Et muss een d'Serie net gesinn hunn, fir den Duerchbléck an deem "Här ass Här a Max ass Max"-Film ze behalen, trotz der Hellewull u Personnagen an den deementspriechenden Niewenhandlungen. D'Ausgankssituatioun ass relativ einfach: déi britesch Kinnekskoppel kënnegt sech fir e Besuch an der Provënz un. Den Openthalt, inklusiv Owesiessen a Bal, wëll also gutt virbereet sinn - et ass eng Fro vun der Éier. Problem: d'Personal vum Schlass um Gutt Downton Abbey kritt den Tross vu Buckingham Palace virun d'Nues gesat, eppes wat sech dem Earl of Grantham säi Butler, seng Kächinnen, seng Botzfraen a soss "petites mains" awer net wëlle gefale loossen.

De Film ass opgebaut wéi eng Serie, mat enger Suite vu liicht verdaulechen Zeenetten. Mol gëtt d'Perspektiv vum Personal, mol de Bléckwénkel vun den ieweschten Etagen ageholl. Et sinn déi kleng an och alt emol manner kleng Alldagssuergen, déi dat Beiennascht ëmdreiwen, sief dat Problemer ëm eng Ierfschaft, oder eng Schwangerschaft, déi Karriärspläng duerchernee bréngt, oder Jalousieszeene vun engem an eng Kächin verléiften Dénger.

Downtown Abbey ass pompös opgezunn an ënnermoolt mat enger Musek, déi no enger Zäitchen esou wierkt wéi eng ze fetteg Zooss, an där een ze dréchene Brot schwamme gelooss gëtt. Deen een oder anere méi dramatesche Moment gëtt - stëmmungs-ekonomesch - kompenséiert, duerch déi zynesch Bemierkunge vun enger eelerer Lady, wann net vun enger erfuerener Kichekraaft, déi sech de Mond net verbidde léisst an hire Meeschteren och alt emol zeréckmault.

Adel a Personal: all am selwechte Boot?

Déi Parallelismen solle verdäitlechen, datt Downton Abbey eigentlech een organescht Ganzt ass: sëtze mer dach net all am selwechte Boot, quitt datt jiddereen op senger Plaz ass an och do soll bleiwen? sou de Message. Dat ass dann och de groussen Ënnerscheed tëschent deem Film a senge renomméierte Virbiller: dem Robert Altman säin 18 Joer ale "Gosford Park" (iwwregens och scho vum Julian Fellowes zenariséiert) an da "La Règle du Jeu", dem Jean Renoir säi Meeschterwierk aus dem Joer 1939, zwee Filmer, an deenen de Klassekampf, dat heescht d'Rebellioun vun deene klenge Leit géint déi dominant Aristokratie, ausdrécklech am Mëttelpunkt stoung.

An "Downton Abbey" sinn et dogéint Fraktioune vum Proletariat, déi sech ënnertenee bekrichen, eppes wougéint den Adel natierlech näischt huet - virausgesat, déi Escarmouchë ginn diskret am Hannergrond ausgedroen. D'Personal vum Provënzschlass stellt seng bedéngungslos Solidaritéit mat senge Meeschteren ënner Beweis. Sou fält ee vun den Dénger duerch iwwerdriwwene Stolz a penetranter Ënnerwierfegkeet op, wat gewollt ridicule, gläichzäiteg awer ganz sympathesch soll eriwwer kommen.

D'Welt vun Downton Abbey ass eng harmonesch Welt, déi vu kenger Gilets jaunes-Revolt oder soss gréisseren Exzesser gestéiert gëtt. Déi zum Zäitpunkt vun der Handlung nach jonk russesch Revolutioun gëtt iergendwann eng Kéier um Rand ernimmt. Ee mësslongent Attentat vun engem iresche Republikaner huet den Effekt vun engem Vulleschass um Revers vun engem Frack. D'Homosexualitéit vun engem vun de Personnagen muss als Alibi-Progressismus an engem duerch an duerch reaktionäre Film duerhalen...