Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Oly Sherman - Taste

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Portrait vum rebellesche Moler Basquiat

Molerei

Portrait vum rebellesche Moler Basquiat

Virun 18 Joer ass den “enfant terrible” vun der zäitgenëssescher Konscht gestuerwen. De Jean-Michel Basquiat, Jong vun enger puertoricanescher Mamm an engem haitianesche Papp, hat am PopArt-Kënschtler Andy Warhol säi spirituelle Papp fonnt. Bis den 4. Juni gëtt an der Galerie Zidoun-Bossuyt am Gronn eng exklusiv Ausstellung vum amerikanesche Moler gewisen.

auto_stories

15 min

"Collaboration No.19", Jean-Michel Basquiat an Andy Warhol

New York, Enn de 70er Joren. De jonke Basquiat zitt nuechtelaang duerch d’Stroossen a mécht sech als Sprayer en Numm. Säi Pseudonym SAMO steet fir « SAMe Old shit ». Dës Graffitie waren dem Basquiat seng Aart a Weis d'Verlugenheet vun der materialistescher Mëttelschicht ze kritiséieren, wéi hien an engem Interview mat der Village Voice erkläert hat. Allerdéngs wollt de Basquiat selwer ni als Street Art-Kënschter ugesi ginn, sou den Nordine Zidoun vun der Galerie Zidoun-Bossuyt. “De Basquiat huet ni Stroossefreske gemoolt. Et war en Dichter, dee Sätz geschriwwen huet”.

Permanent op der Flucht virun der Police, brécht hie mat 15 Joer d’Schoul of a leeft vun doheem fort. Fort vu senger puertoricanescher Mamm a sengem haitianesche Papp. De Basquiat hätt sengem Papp no sollten eppes Zolittes léieren, de jonke Rebell wollt awer léiwer räich ginn a méi berühmt wéi de Picasso. Fir dësem Zil méi no ze kommen huet hien och alt emol op enger Bänk oder ënnert enger Bréck geschlof.

Ufank den 80er Joren léiert de Basquiat seng Frëndin Suzanne Mallouk kennen. Dës Léift ass grad esou wëll wéi dem Basquiat sengem frenetesche Mole vun där Zäit. De jonke Kënschtler huet dem Mallouk säin Appartement regelrecht iwwermoolt mat Figuren, Hellegeschäiner, Skeletter, Krounen, Hënn a Katzen, Autoen, Boxhändschen oder nach Doudekäpp. Och Miwwelen an esouguer de Frigo blouwe virum vum Basquiat senger Molsucht net verschount.

Hat de Warhol de jonke Basquiat ausgenotzt?

Wéi d'Suzanne Mallouck de Loyer fir d’Wunneng net méi konnt opbréngen, huet den Andy Warhol, deen ewell ganz fréi e groussen Amateur vum Basquiat war, kuerzerhand d’Wunneng komplett opkaf. Mam Warhol verbënnt de Basquiat awer méi wéi nëmmen eng gutt Frëndschaft.

1984 gëtt et éischt Kollaboratiounen tëschent dem “enfant terrible” an dem Poopst vum Pop Art. Eng vun ongeféier 140 ass déi knapps zwee op dräi Meter grouss “Collaboration No 19”, déi zur Zäit an der Galerie Zidoun-Bossuyt am Gronn ausgestallt ass. Dëst Bild weist ganz kloer wéi déi zwee Moler sech géigesäiteg ergänzen an hir Leidenschaft fir d’Improvisatioun zesummen ausliewe kënnen. “D’Kritiker soten deemools, datt de Warhol de Basquiat benotzt hätt fir säi Comeback an der Molerei”, sou den Nordine Zidoun. “Hautdesdaags gesäit een dat e bëssen anescht, elo schwätzt ee vum Warhol senge Meeschterwierker aus den 80er Joren”.

D’Zesummenaarbecht ass awer wéinst dem Basquiat säin extremen Drogekonsum, virun deem de Warhol permanent gewarnt hat, op en Enn gaangen.

De Basquiat huet reegelrecht am Akkord gemoolt, hien huet mat enger onheemlecher Produktivitéit an Drénglechkeet gezeechent, wéi wann hien Angscht gehat hätt den Dag drop net méi ze erliewen. Den Artist huet esou an zéng Joer iwwer 1.000 Toilen an iwwer 2.000 Zeechnunge produzéiert.

Keng Ënnerlag war viru sengem Pinsel sécher

Alles wat sech him als Mol- oder Zeechenënnerlag gebueden huet, ass iwwermoolt ginn, mat archaesche Gestalten, rätselhafte Chiffren oder Wierder. Well hien am Ufank vu senger Carrière keng Suen hat fir Toilen, huet hien all Fatz Pabeier an all Stéck Holz bemoolt. Kee Kleederschaf, keng Dier war viru sengen dadaistesche Versen, kryptesche Messagen a skurrille Figure sécher. Schwaarzen Humor war dem Basquiat säi Markenzeechen.

All dës Elementer wierken frech, frësch, originell, awer och spirituell. Dem Basquiat seng Molerei ass raffinéiert, an d’Sujete si bal impeccabel op den Ënnergrond opbruecht, sou wéi wann hie sech eppes bei Gréisste wéi dem “art brut”-Meeschter Jean Dubuffet, dem Picasso, oder nach dem Cy Twombly ofgekuckt hätt.

Dacks deit de Basquiat bei sengen abstruse Figuren déi bannescht Organer un. “Gray’s Anatomyheescht e medezinescht Buch, dat seng Mamm him geschenkt hat fir besser ze verstoe wat mat him geschitt ass, wou e mat siwe Joer no engem Autosaccident seng Mëlz verluer hat. “Gray’s Anatomy” ass fréi zu enger vum Basquiat sengen Inspiratiounsquelle ginn. “Fir mech ass dat de richtegen Ufank vu sengem Wierk”, sou de Galerist Zidoun.

Underground-Kënschtler

D’80er Joren zu New York waren awer och d’Zäit, wou d’Street Art-Szen mat hirer anarchescher Energie a wëller Club-Kultur explodéiert ass. Ee vun de Protagoniste vun dëser Zäit ass de jonke Keith Haring, dee mat senge skurrille Männercher d’Façadë vu New York dekoréiert huet. Och dem Basquiat seng bizar Texter, déi hien an der Nuecht spraye geet, erreechen d’Opmierksamkeet vun der Szen. Séier gëtt dem Basquiat seng Stroossepoesie vun den Underground-Galeristen ëmschwäermt.

De Basquiat wollt awer ëmmer méi si wéi nëmmen ee vu villen Undergound-Muséker a Stroossekënschtler. Et huet hien ëmmer méi a Richtung SOHO gezunn, wou déi richteg Szen sech ofgespillt huet a wou och deemools mat Konscht scho vill Geld gemaach ginn ass.

Fir dohin ze kommen huet hie sech mat sengem Agent, dem Diego Cortez, zesummegedoen, an de Cortez huet de charismatesche Moler op der legendärer Expo “New YorkNew Wave” am deemools scho bekannte Musée "PS1", zesumme mam Keith Haring an dem Robert Mapplethorpe, ënnerkritt. Vill aflossräich Leit waren op der Plaz, dorënner dem Warhol säin Zürecher Galerist, de Bruno Bischofsberger.

Vun deem Moment un ass et fir de Basquiat biergop gaangen an de Kënschtler huet d’Galeristen ugezu wéi d'Matten. Eng éischt Eenzelausstellung zu Modena, en eegene groussen Atelier an deem hien Dag an Nuecht aktiv war, an Toilen esou grouss wéi ni virdrun, stoungen him zur Verfügung. Et ware weider Ausstellungen zu Paräis, Turin oder Wien, grad ewéi d’Bedeelegungen un der Documenta Kassel oder zu Basel op der Konschtfoire.

Exzesser an Drogendoud

Awer net nëmmen um kreativen a kënschtlereschen Niveau huet de Basquiat sengem Numm all Éier gemaach. Partien, Affären, Drogen, Optrëtter bei Performancen a Concerte – de Basquiat war net ze bremsen. Tëscht all sengen Exzesser op berüchtegten Plazen wéi dem Mudd Club, dem Palladium oder dem Club 57, huet hien eng Affär mam Madonna, a packt et 1985 op d’Titelsäit vun der New York Times.

Den 12. August 1988, ee Joer nom Andy Warhol sengem onerwaarten Doud, fënnt déi ongebremsten a liewenshongreg Kreativitéit vum Jean-Michel Basquiat hiert Enn. De 27 Joer ale Kënschtler gëtt doud a ganz eleng a sengem Atelier an der Great Johns Street fonnt.

Ee brutale Mix aus Opiaten, virun allem Kokain, huet de Moler aus Downtown New York, dee wéi ee Komet an de Kënschtlerhimmel geschoss ass, fir ëmmer aus dem Liewe gerappt. D’Faarwe vum Tableau, un deem hien als lescht geschafft huet, waren zu dem Moment nach naass. Den Titel hat de Moler awer schonn op d’Toile geschriwwen : “Riding with Dead”, wéi wann hie gewosst hätt wat op en duer kéim.

Haut, 18 Joer no sengem Doud, brécht de rebellesche Moler all Rekorder. Net méi spéit wéi den 10. Mee ass een zwee an en hallwen op fënnef Meter groussen Autoportrait ouni Titel vun 1982 fir 57,3 Milliounen Dollar, ëmgerechent knapps 50,4 Milliounen Euro, bei engem weltbekannte Verkafshaus ënnert den Hummer komm.

Dëse Portrait ouni Titel, dee während engem Openthalt zu Modena gemoolt gouf, weist e schwaarzen Doudekapp mat Haren. Och bei dësem Tableau weist sech nach emol wéi visionär dem Basquiat säi Wierk ass. Dat wëllt Liewensgefill dat sech duerch dem Moler säi komplett Wierk zitt, gëtt hei voll a ganz am typesche Basquiat-Molstil ausgedréckt, an en hemmungslose Mix tëschent graffen a manner graffe Linnen, tëschent figurativen an abstrakten Elementer, weist de Chaos, déi psychesch Instabilitéit awer och d’Naivitéit, déi de jonke Moler säi Liewe laang a sech hat, a seng Biografie a seng Molerei gepräägt hunn.