Radioen

On air

De Moien  |  Magnus & John - Fuse Together

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Portrait vun der Generatioun "Brexit"

GEZEECHENT

Portrait vun der Generatioun "Brexit"

"The Impending Blindness of Billie Scott" vun der Zoe Thorogood erzielt vun enger jonker Kënschtlerin virun hirer éischter grousser Expo. Eng Verletzung un den Ae gëtt hir zwou Wochen Zäit fir zéng friem Leit ze portraitéieren.

auto_stories

2 min

"The Impending Blindness of Billie Scott" vun der Zoe Thorogood ass d'Geschicht vun enger jonker nordenglescher Kënschtlerin, dat just zwou Wochen Zäit huet, fir hir éischt grouss Ausstellung zu London virzebereeden, well si wéinst enger Verletzung un den Ae lues a lues blann gëtt.

Den Ufank ass sécherlech opgesat a melodramatesch, mee am Endeffekt ass et och just e Pretext fir d'Billie Scott aus hirem WG-Zëmmer ze kréien an op d'Rees ze schécken, wou si zéng friem Leit portraitéiere wëllt.

De Wee ass d'Zil vun dësem Comic. De mëttleren Deel, wou d'Billie ënnerwee ass, fir hir Portraiten ze molen, ass dee spannendsten.

Net direkt politesch

Si lant séier zu London a begéint hei ville jonke Mënschen, déi all net wëssen, wouhin hire Wee geet, all iergendwéi verluer sinn, zum Deel och traumatiséiert. En plus lieft d'Billie zu London vill op der Strooss oder an Heemer, deelweis souguer op engem Dreckstipp, esou dass een den Androck kritt, hei eng vergiessen, verluere Generatioun ze gesinn.

D'Graphic Novel ass eraus komm bei "Avery Hill".

"The Impending Blindness of Billie Scott" ass keng Graphic Novel, déi sech direkt politesch positionéiert, trotzdeem kann ee se als Portrait vun enger Generatioun Brexit liesen, vun enger brittescher Jugend, déi an eng onkloer Zukunft bléckt, eng Generatioun "no future".

Bléck op eng jonk Generatioun

D'Referenz op de Punk gesäit een och am Stil vun der Zoe Thorogood, mat hiren onreegelméissegen an nervöse Linnen, schife Perspektiven a liicht chaotesche Biller, wou nieft dem Schwaarz-Wäiss dacks just Rout oder Orange genotzt ginn, fir Akzenter ze setzen.

Et gëtt awer och Hoffnung am Comic, engersäits an de Frëndschaften, déi d'Billie schléisst, an an der Konscht. Et gëtt souguer en Happy End, deen awer esou empathesch a kitscheg ass, mat ganz simpele Messagen, datt en am Fong hanner de Rescht vum Buch zeréckfält.

Trotz dëse schwaache Momenter lount sech "The Impending Blindness of Billie Scott" awer wéinst dem Bléck, deen et op déi jonk Generatioun a Groussbritannien gehäit.