Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Positiv Iwwerraschungen

"Shazam!" an "The Kid Who Would Be King"

Positiv Iwwerraschungen

De Kannerfilm ass e groussen a wichtege Pilier fir de kommerzielle Filmbusiness. All Woch gi Kanner-, Jugend-, Familljefilmer am Kino offréiert. Datt sech an där Offer vill Mëttelméisseges bis Schlechtes verstoppt, ass normal. Et kann net alles Pixar oder Ghibli oder en neien Dennis Bots Film sinn. Mee positiv Iwwerraschunge gëtt et. "Shazam!" an "The Kid Who Would Be King" sinn zwou vun deene Iwwerraschungen.

auto_stories

4 min

"Shazam!" ass e Superheldefilm aus dem Haus DC, an deem e Bouf Superkräfte kritt an "The Kid Who Would Be King" ass eng Neierzielung vun der Arthus-Saga an der Haut-Zäit, an där och e Bouf mat der Hëllef vum Schwäert Excalibur Kräfte kritt. An allebéid Protagoniste musse léieren, Responsabilitéiten ze iwwerhuelen.

Dat sinn alles keng Iddien, déi d'Erzielrad nei erfannen - 'with great power comes great responsibility' kennt ee genee esou vum Spider-Man - mee déi zwee Filmer verbënnt esou vill, datt et op der Hand läit, se zesummen ze bespriechen. D'Comic-Superhelden sinn een iwwer zwee Ecken Arthus-Interpretatiounen, mee literaturhistoresch Ofhandlungen doriwwer sollen elo net Thema sinn.

Themen änele sech

Béide Filmer geléngt et ganz onofhängeg vu produktiounstechnesche Moyenen - "Shazam!" ass eng amerikanesch, "The Kid Who Would Be King" eng englesch Produktioun - ähnlech, wann net déi nämmlecht Sujeten ze abordéieren. Ouni dobäi didaktesch, pädagogesch oder moraliséierend ze ginn.

Foto: IMDb

Den interne psychologesche Bou vum Léierprozess kritt a béide Filmer vill legitim Plaz. Am "Shazam!" ass de Prozess méi witzeg, wann net topeg opgebaut - de Protagonist vu "Shazam!" verwandelt sech mam Wuert Shazam! an en erwuessene Mann mat roudem Spandexkostüm an net kloer definéierte Superkräften, déi no an no entdeckt ginn - mee an de zwee Filmer ass et esouguer méi wichteg, wéi mat de Kräften am Fong ganz aner Minnefelder am Liewe vun de Protagonisten getriggert ginn. Virop de Verloscht vun Elterendeeler.

Skeletter an CGI-Monsteren

Beim "Kid Who Would Be King" ass d'Notioun vu Kamaraderie inherent an der Geschicht mat agestréckt - Ritter vun der Tafelronn an esou weider an esou virun - mee ass och a "Shazam!" vun enormer Wichtegkeet fir den dramateschen Héichpunkt am leschten Drëttel vum Film.

D'Kräften an d'Schwäert sinn do, mee eleng ass den Antagonist net ze bezwéngen. An déi sinn net vu schlechten Elteren: Am "Shazam!" huet de Béise seng Acolytten a Form vun CGI-Monsteren, déi déi siwen Doudsënne verkierpere sollen an ausgesinn, wéi wa se grad aus engem Doom-Videospill géife kommen, an am moderne Ritterfilm sinn et Skelettfiguren op Skelettpäerd, déi a Flame stinn, an och aus dem Buedem kommen.

Foto: IMDb

Dës Figure reizen definitiv aus, wat fir Klenger zoumuttbar ass, mee anerersäits huet deen heiten am zaarten Alter "Men in Black" a "Pirates of the Caribbean" gesinn, déi potenziell iergendwou awer konnten Angscht maachen, mee d'cocasse Spillereie mat eben dëser Grenz vum Zoumuttbaren huet et genee gemaach. All Erwuessenen huet dofir fir sech selwer ze decidéieren, ob Film eent oder zwee fir déi Kleng un der Hand ok ass.

Eng gelonge Mëschung

Ganz niewebäi, an ouni visuell oder soss dramaturgesch wierklech bewosst drop ze drécken, ass aus béide Filmer esou eppes wéi e Blockbuster Feeling aus fréieren Zäiten ze spieren. Ouni iwwer hir eege Féiss ze trëllen - wéi zum Beispill "Captain Marvel" virun e puer Wochen - ass "Shazam!" eng Mëschung aus "Big" a "Goonies", genee wéi "Kid Who Would Be King" "Goonies" mat de "Pirates" ze verbannen ass.

Mee net nëmmen. Ouni e Fonken Zynismus - a "Shazam!" och bis zu engem gewëssene Punkt - versichen déi zwee Realisateuren op hire jonke Public duerzegoen. Natierlech si se mat zwou Stonnen an zwou Stonnen zéng ze laang - allebéid, an et ass e bëssi Chaos am Dréibuch, mee et ass den iwwergräifende Charme iwwer déi ganzt Längt vun de Filmer, déi et mécht. Filmer, déi wëssen, wat se am Fong sinn. Genrefilmer mat hire Coden, an deene se sech wuel spieren an iwwerraschend erfrëschend bleiwen.

"Shazam!" an "The Kid Who Would Be King" si weder Pixar-Filmer - also déi super Pixar-Filmer - nach si se "Spider-Man: Into the Spider-Verse", mee se luussen uewen awer iergendwou eraus aus der Onmass vu Kanner-, Jugend- a Familljefilmer.