Radioen

On air

Resonanzen  |  Giovanni Battista Sammartini - Sinfonie a La Majeur, JC. 60, III. Allegro Brillante - Accademia d'Arcadia, Alessandra Rossi Lürig (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Präis geet un de Miikka Heinonen

Prix Grand-Duc Adolphe

Präis geet un de Miikka Heinonen

De Prix Grand-Duc Adolphe geet un de Fotograf a Kënschtler Miikka Heinonen. Dee mat 5.000 Euro dotéierte Präis ass vum Grand-Duc Henri iwwerreecht ginn. All zwee Joer zeechent de Cercle Artistique de Luxembourg dat bescht Wierk aus, dat op dem Salon vum CAL gewise gouf.

auto_stories

1 min

2016 haten d'Carine Kraus an d'Isabelle Lutz de Prix Grand-Duc Adolphe ex-aequo kritt. Et ass fir zweete Kéier, no 2007, datt de Miikka Heinonen dës Auszeechnung kritt. Virun 20 Joer ass de Miikka Heinonen op Lëtzebuerg komm, an huet sech hei als onofhängege Fotograf a Kënschtler néiergelooss.

Et géif him e grousst Gefill vun Zougehéieregkeet ginn, a wann hien tëscht Finnland a Lëtzebuerg wiele misst, da géif hie sech als lëtzebuergesche Kënschtler bezeechnen, sot den Miikka Heinonen am 100,7-Interview. Hien hätt seng ganz Carrière zu Lëtzebuerg verbruecht an hie wier dem Grand-Duché ganz dankbar.

De Miikka Heinonen huet um Salon 2017 vum CAL groussformateg Architektur-Opnamen ausgestallt, op deenen een ënnert anerem d'Arbedsgebai erkenne kann. Hien huet säin Atelier op der Schläifmillen an der Stad.