Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Precarious Pavilion: e gewiefte Lieu de Rencontre am Mudam

Ausstellung

Precarious Pavilion: e gewiefte Lieu de Rencontre am Mudam

Mat hirem "Precarious Pavilion" probéiert déi kroatesch Textilkënschtlerin Hana Miletić déi sozial Fiedem, duerch eng Rei Evenementer zesummenzewiewen. De Ben Kobs war am Mudam fir mat der Kënschtlerin iwwer hir Installatioun ze schwätzen.

auto_stories

3 min

"Precarious Pavilion" heescht déi nei Installatioun vun der kroatescher Kënschtlerin Hana Miletić am Foyer vum Mudam. Dobäi handelt et sech ëm ee Metallgerüst, dat d'Kënschtlerin mat engem gewiefte Stoff am Schachbrietmuster ëmwéckelt huet.

Ee mobilt Wierk, dat sech upasst

De Pavilion soll als Lieu de rencontre am Häerz vum Musée fungéieren. Der Textilkënschtlerin war et heibäi wichteg keng separat Struktur, mee en Espace ënnerhalb vum Espace ze schafen.

Et ass ee Wierk, dat fräi mobil ass, mee sech trotzdeem de Raimlechkeete vum Foyer upasst, seet d'Hana Miletić. Si hätt ëmmer wëllen eppes produzéieren, wat oppen ass, mee gläichzäiteg Schutz géif bidden; eng Struktur, déi temporär ass, déi och ronderëm transportéiert ka ginn.

"And that very much determined the materials that I used, the proportions that I chose, and how I placed it within the larger space. So it's kind of instigated by that, and then it adapts, of course, to the larger space in which it's hosted."

An dësem ganz intimen a gemittlecher Kader sollen an Zukunft divers Evenementer stattfannen, déi den intergenerationellen an interkulturellen Austausch fuerdere sollen.

Ee Stréck-Workshop vun der ASBL "Mamie et moi" soll et Jonk an Al erméiglechen Erfarungen a Kenntnisser mateneen ze deelen. Am Partenariat mat der Flüchtlingsinitiativ "RYSE" gëtt ee Café des Langues organiséiert an deem ee sech fräi iwwer Friemsprooche kann austauschen.

Ee Lien tëschent Programm a Konscht

D'Placéierung vum Espace tëscht deenen zwee Ausstellungsraim soll et erméiglechen en direkte Lien tëscht dem Programm an der Konscht ze kreéieren, sou d'Kënschtlerin:

"I was looking for ways to push against these distinctions and maybe have something that's, kind of, hybrid. It is in the exhibition space but it's not an exhibition space, it's not a workshop space but it hosts a workshop where these distinctions become less sharp. What I was very much looking for is whether within a larger open space you can place something that can create a certain intimacy and maybe that can become a container for certain things that maybe cannot happen in this open Foyer, sort of square-like area."

Ausserdeem goufen am Virtrag weider Aspekter vun der Hana Miletić hirem kreative Schafe behandelt.

Nieft hirem Trajet vun der Stroossefotografin zur Wiewerin, huet si och hir komplex Relatioun zu hirem Medium thematiséiert, seet d'Hana Miletić:

"I think with textiles it's so evident and so palpable that it's something that can be very harmful to the environment and all sorts of workers involved. That's something we know historically, but something that is also very present in our everyday life because a lot of our resources for clothes in the so-called West depend on fast fashion workspaces in the so-called Third World. So it's not something that we can turn away from."

De Programm ronderëm de Precarious Pavilion zitt sech duerch de ganze Summer. Och Deeler vun der Virtragsrei "Les 25 ans de la Collection Mudam" wäerten an der Hana Miletić hirem Lieu de rencontre stattfannen.