Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Presse(on)fräiheet a Serbien

Reporter ouni Grenzen

Presse(on)fräiheet a Serbien

D'Situatioun vun der Pressefräiheet an Europa huet sech verschlechtert, sou d'Reporter ouni Grenzen an hirem aktuelle Bericht 2019. Europa ass ganz grav vun dëser Verschlechterung betraff, ee Land dovun ass Serbien, wou investigativ JournalistInne vum serbesche President Vučić Ligener vernannt ginn, D'Valerija Berdi huet sech mam onofhängege Journalist a Schrëftsteller Saša Ilić iwwer d'Situatioun a Serbien ënnerhalen.

auto_stories

6 min

Valerija Berdi: Sasa Ilić, Dir sidd Schrëftsteller, Journalist an en Intellektuellen - wéi ass et haut als solchen a Serbien ze liewen an ze schaffen?

Sasa Ilić: Et ass zimlech schwéier an dat schonn esou laang, zanter déi Neo-radikal - wéi ech si nennen - un der Muecht sinn. Zanterhier ass en immensen Drock op d'Journaliste gemaach ginn, op déi Intellektuell, op d'Schrëftsteller. Et ass ganz wéineg Plaz bliwwe fir kritescht Denken a fir kritesch Stëmmen. Et ass eng perfid Privatisatioun vun de Medien, déi parteiesch instruéiert ass. D'Kapital ass duerch d'Partei erakomm, d'Medie si besat ginn an déi Medie si vu kritesche Stëmme gebotzt ginn. Wann dir wëllt onofhängeg bleiwen, wann dir wëllt fräi denken a schwätzen, da si dir zu enger Zort Marginaliséierung veruerteelt, déi d'Nerven an d'Existenz a Fro stellt.

Verschiddener hu sech schonn am Joer 2012 erginn a sinn op d'Campagne gesprongen, datt dës Regierung eng Fortsetzung vum Djindjić senger Moderniséierung ass. Dat geet bis haut esou weider a gëtt och esou an den offizielle Regierungs-Mainstream-Medie vermëttelt. A mir anerer sinn zesummegedrätscht an Enklaven, fir et esou ze nennen, a stinn ënner permanenten Drock.

Et ass eng grouss Onzefriddenheet a Serbien. Manifestatioune géint déi aktuell Regierung an dann awer och de Problem vun der Pressefräiheet. De serbesche President Aleksandar Vučić huet déi onofhängeg Journalisten als Ligener bezeechent a gesot, datt hien absolut näischt Positives un hirer Aarbecht gesäit. Am Weste gëtt de Vučić awer net besonnesch kritiséiert.

Mir si scho laang mat dem Problem konfrontéiert. Bréissel a Berlin kucke bei dësem Regime duerch d'Fangeren, well se mengen, datt se mat Hëllef vun dësem Regime de Problem vun der Normaliséierung vun der Relatioun mat Priština kéinte léisen. An datt se dann de Kosovo vun der europäescher Agenda kéinten erofhuelen. Mee si kucken net bis un de Fong. Si mengen, dat wier wéi e Punkt an engem Formulaire ofhaken. A la: Kosovo-Problem ass geléist, et ass e Rechtsstaat, mee an der Realitéit ass d'Situatioun um Terrain wierklech dramatesch. An dat ass dat, op wat all déi onofhängeg Journalisten an Intellektueller hiweisen, datt dëse Prozess sech immens schlecht entwéckelt. Mir sinn elo Zeien, datt dëse Prozess, deen ënner dem Zeeche vun der Normalisatioun vun der Relatioun steet, entgleist ass.

Mir haten de Mord um Politiker Ivanović virun engem Joer zu Mitrovica a mafiéis Strukture sinn an d'Politik am Nord-Kosovo erakomm, an déi stinn ënner der Kontroll vu Belgrad. Mengt een, esou géif een de Problem vun der Normalisatioun léisen? Natierlech net! Alles ass matenee verstréckt. Dat sinn net eleng de Vučić an den Thaçi, déi dat um Terrain maachen, si hunn hir Handlanger, natierlech inoffiziell. No bausse maache si wéi wann. Sou taktéiere si, an dës Situatioun arrangéiert si ganz gutt. Eng demokratesch Transitioun ass am Gaangen, mee si kënnt néierens un, mir sinn an enger Sakgaass, an dat ass déi penibel Situatioun.

Wéi ass et mat westleche Journalisten? Hu Dir d'Gefill, datt et do Solidaritéit an Interessi gëtt fir hir serbesch Kolleeginnen a Kolleegen?

Ech weess et net, et schéngt offensichtlech ze sinn, datt si déi Saachen net interesséieren, oder si sinn esou ënner dem Afloss vun de grousse Medien an Europa, a si mengen, et wier esou, wéi et zerwéiert gëtt. Eréischt wann d'Leit, déi op den Terrain kommen, gesi si, datt alles net esou immens ass. Et gëtt einfach ugeholl, datt de Vučić an Thaçi eng Friddensaarbecht maachen. Si maachen awer just wéi wann, an dat just fir un der Muecht ze bleiwen. Mee d'Demokratisatioun vum ganzen Territoire, dem Retablissement vu friddleche Relatiounen, iergend enger normaler Relatioun tëschent dem Kosovo a Serbien, tëschent Priština a Belgrad, kann net op dës Manéier realiséiert ginn, an dat ass e Fakt.

Gesitt dir dann eng Method, wéi d'Situatioun a Serbie sech endlech kéint verbesseren?

Iergendwellech méi seriö Politiker an Europa misste Folgendes gesinn: Et gi Kräften an der Zivilgesellschaft, am Kosovo an a Serbien, an déi Volleksgruppen, Initiativen, Veräiner, engagéiere sech schonn zanter 10, 15, 20 Joer. Wann een déi all géif op Pabeier bréngen, da géif ee begräifen, datt et do e wonnerbart Netzwierk gëtt, e soziaalt Netz um Terrain, dat kéint genotzt gi fir d'Instauratioun vun enger neier Relatioun, enger neier Solidaritéit an der Instauratioun vun engem permanente Fridden. Kuckt wéi d'Geschichten aus der Vergaangenheet an de Mainstream-Medien all Dag lieweg gehale ginn, wann dir d'Säite vun deenen Tabloide kuckt, da mengt dir, de Krich um Kosovo wier nach am Gaangen. Dat ass dach net normal! Sou baut ee keng nei Relatioun tëschent Noperen op, déi bis gëschter mateneen am Krich waren. Ech mengen, datt dës Politik mat dem existéierenden zivillen Netzwierk, dat virun allem an der Kultur ze fannen ass, e Schachzuch kéint maachen. Op alle Fall ee méi bedeitenden, wéi deen, deen elo iwwer déi offiziell Politik gemaach gëtt. Et ass, wéi wann dir de Milošević an den Tudjman lieweg hätt, an dir wéilt elo mat hinnen Demokratisatioun duerchzéien. Dat gëtt et dach net! Dat ass einfach net dee Geescht, net deen "Mindset".

Wat awer ëmmer erëm erstaunt, ass datt dat serbescht Vollek ëmmer erëm deenen hir Stëmm gëtt, déi offensichtlech näischt maache fir datt et de Mënsche besser geet. Wéi ass dat ze erklären?

Ech mengen, datt de Problem do méi déif läit. Nom Mord um Premier Djindjić, wou den Impuls a Richtung Moderniséierung ënnerbrach gouf, ass et zu engem "Gonflement" vun der krimineller a korrupter Privatisatioun komm, dem Djindjić seng Partei ass an den Ofgrond gefall an huet sech selwer zerstéiert an d'Leit sinn do an eng Depressioun gefall, déi al Strukturen hu sech revitaliséiert, de Vučić krut eng enorm Ënnerstëtzung aus Europa an hien ass als den neien Djindjić promovéiert, déi Al sinn erëm operstanen an déi Frustréiert hunn eng nei Méiglechkeet gesi fir ze profitéieren. An esou ass dës Struktur gewuess an anerer sinn einfach apathesch an depressiv bliwwen.

Am Resumé kann een da soen, et wier fir jiddweree besser gewiescht, Jugoslawie wier bestoe bliwwen, oder?

Oh, dat ass esou eng Fro ... natierlech wier et besser gewiescht, mee et war net genuch Verstand do fir dat zu dem Moment ze realiséieren. Mir wëssen, datt jugoslawesch Optioune consideréiert gi sinn, mee si waren net wëllkomm, well déi nationalistesch Strukturen déi ekonomesch Kollapsen ausgenotzt an de sezessionisteschen an nationalisteschen Diskurs opgezwongen hunn. A mir liewen d'Konsequenze vun der ganzer Period.