Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng ästhetesch Sprooch voller ongewinnter Biller"

Prix Servais

"Eng ästhetesch Sprooch voller ongewinnter Biller"

"Larven - Kurze Geschichten" ass ee Sammelsurium vu Kuerzgeschichten iwwer Mënschen, deenen hiert Liewen hätt kënnen anescht verlafen. Beschriwwe mat engem ganz geneeë Bléck an awer och mam Don, duerch d'Sprooch an hir Biller eng Atmosphäre ze schafen, déi engem en onbekannten, bal feeënhaften Universum vu Sproochkonscht opmécht.

auto_stories

2 min

D'Gewënnerin vum Prix Servais 2017 Nora Wagener

"Larven - Kurze Geschichten", geet ëm Persounen, bei deenen am Liewen eppes schif gelaf ass. D'Wierk koum bei Hydre Editions eraus an offréiert e Bouquet vu 16 Texter, déi engersäits duerch déi ästhetesch Sprooch voller ongewinnter Biller a stilistescher Diversitéit immens insolite sinn. Anerersäits kënne sech vill Lieser och mat de Geschichten identifizéieren. Jiddereen hat schonn emol Phasen am Liewen, wou net alles riicht gelaf ass. Jiddereen ass och Deel vun der Gesellschaft, déi am Wierk vun der Nora Wagener subtil ass an op d'mannst deelweis kritiséiert gëtt.

"D'Kiischt um Kuch"

D'Nora Wagener huet sech iwwert de Präis gefreet. "Ech muss soen, et eng grouss Freed, datt een e Geschenk oder ee Merci fir d'Buch kritt. Et ass eppes, wéi eng Kiischt um Kuch vum Schrëftstellerliewen." Dat géing och bedeiten, datt all déi Leit, déi mat der Schrëftstellerin geschafft hunn, iwwer dëse Wee honoréiert géinge ginn. D'Verleeër, d'Grafiker oder d'Lektore géingen éischter am Hannergrond stoen, mä trotzdem e groussen Deel zu esou engem Buch bäidroen. "Déi éischt Reaktioun ass ëmmer eng ganz verhale Reaktioun, well ee virun de Kapp gestouss ass. Et ass am Fong eppes wéi eng net existent Reaktioun, ausser ze soen, datt ee sech wierklech freed." Fir dat Ganzt ze realiséieren, bräicht een e bësse méi laang.

Interview mat der Nora Wagenerplay_arrow

De Prix Servais ass mat 6.000 Euro dotéiert a gëtt de 4. Juli zu Miersch am Nationale Literaturarchiv iwwerreecht.

De Jury vum Prix Servais 2017 ass besat vun:

  • Simone Beck
  • Jeanne E. Glesener
  • Odile Linden
  • Claude Mangen
  • Pierre Marson
  • Jeanne Offermann
  • Alex Reuter
  • Aimée Schultz
  • Sébastien Thiltges

De Communiqué vum Jury