Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Sam Evian - Stay

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pseudonymmer vun Auteuren a Journalisten

Invitée am Moies-Magazin

Pseudonymmer vun Auteuren a Journalisten

"Kleines ABC der Pseudonyme in Luxemburg" ass e Buch, an deem 15 Joer Aarbecht stiechen, déi d'Nicole Sahl mat villen anere realiséiert huet. D'Conservatrice huet dës Sisyphusaarbecht am Literaturarchiv zu Miersch virgestallt.

auto_stories

2 min

Et wier zwar net dat éischt Wierk, wat sech mat Pseudonymmen zu Lëtzebuerg beschäftegt, mä et wier dat éischt Buch an där Form, wat och esou komplett wier. Virdru wieren et just Lëschte ginn, wou nëmmen d'Nimm drop stoungen. D'Nicole Sahl hätt probéiert, fir iwwer déi Lëscht erauszegoen, fir Geschichten iwwer d'Leit ze zielen, déi net mat hirem richtegen Numm ënnerwee sinn.

D'Nicole Sahl schafft am Lëtzebuerger Literaturarchiv zu Miersch a sëtzt deemno relativ no un der Quell. De Projet vun de Pseudonymmen hätt als Nieweprodukt vum "Autorelexikon" ugefaangen. Déi ganz Recherche zum "Autorelexikon" wier bei der Nicole Sahl gewiescht, well si d'Nimm huet missten an enger Datebank uleeën. Doduerch hätt si e Gespier fir déi verschidden Auteure kritt. Am "Autorelexikon" géif et och eng Recherchefunktioun ginn, wou een d'Auteuren no hirem Pseudonym siche kann.

Dausende vu Pseudonymmen

Am Buch wieren allerdéngs net just Schrëftsteller an Auteure vermierkt, mee et géif och eng Oplëschtung vu Journaliste ginn. Am "Autorelexikon" géif een 1.349 Pseudonymmer fannen, mee déi gewossten 8.123 Pseudonymmer sinn net alleguerten am Lexikon opgelëscht.

D'Nicole Sahl hätt net wëllen eng weider Oplëschtung maachen, mä si hätt e Choix gemaach an déi Pseudonymmer erausgesicht, wou et och eppes ze ziele géif. Et géif allerdéngs en Index am Buch ginn, wou een déi verschidden Nimm kéint nosichen.

Digital a mënschlech Hëllef

Et hätt sech séier ronderëm geschwat, datt d'Nicole Sahl déi verschidde Pseudonymmer géif recherchéieren, a vill Aarbechtskollegen, och aus der Nationalbibliothéik oder den Archiven, hätten hir regelméisseg Informatioune weiderginn. Well déi verschidde lëtzebuergesch Zeitungen am e-Luxemburgensia digitaliséiert goufen, hätt si och kënnen do eng digital Recherche maachen, wat um Pabeier vill méi schwéier gewiescht wier.