Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Tommy Guerrero - It Gets Heavy Feat. Gresham Taylor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Éischte Weltkrich, Putain de guerre!

Austellung a Concert

Den Éischte Weltkrich, Putain de guerre!

Déi franséisch Kënschtlerkoppel Jacques Tardi an Dominique Grange waren zu Lëtzebuerg op Besuch fir hir Lidder ze presentéieren. Dobäi hu si en déifgräifende Plaidoyer géint de Krich ofgeliwwert.

auto_stories

3 min

D'Kënschtlerkoppel Tardi a Grange op Besuch an Neimënster

De Jacques Tardi huet sech als Auteur an Zeechner vu Bandes-dessinéen e Numm gemaach. An hien huet seng eege Vue op d'Ursaachen, d'Motivatioun an den Ëmgang mam Éischte Weltkrich. Säi Wierk "Putain de guerre", dat de Moment och a Neimënster ausgestallt gëtt, ass eng kritesch Ausernanersetzung mat den Erënnerungen, den Transmissiounen an de Realitéite vum sougenannte Grousse Krich.

Hien a seng Fra, d'Sängerin Dominique Grange, hunn sech scho fréi mam Grousse Krich beschäftegt. Als Kanner krute si en vun de Grousselteren erzielt kritt. "Mäi Grousspapp war Chirurg. Dat Bild wat hie mir vermëttelt huet, war dat vun der mënschlecher, kierperlecher Gewalt an der Absurditéit dovun", seet d'Dominique Grange. Dem Grousspapp seng Beschreiwunge wieren awer sou "réi" gewiescht, datt se hir als Kand Angscht gemaach hätten. "Ech hu mer virgestallt, wéi hien d'Fleesch erëm an déi zerrasse Kierpere géif drécken an se erëm géif zesummebitzen".

Zenséiert Lidder, ee Joerhonnert duerno

D'Dominique Grange an de Jacques Tardi sammelen a féieren zesumme Lidder op, déi am éischte Weltkrich geschriwwe gi sinn. D'Lidder sinn e Plaidoyer géint de Krich, géint all Kricher, géint Zerstéierung a Genoziden. A verschidde vun deene Lidder ginn nach haut op verschidde Plazen net gär gehéiert. Zum Beispill "La Chanson de Craonne", wat d'Kënschtlerkoppel och a Neimënster opgefouert huet, a wat vun den Zaldoten am Éischte Weltkrich gesonge ginn ass.

D'Lidd ass wéinst antimilitaristeschem Contenu zenséiert ginn – am éischte Weltkrich an och duerno. "Bei der Commemoratioun iwwer Schluecht vun der Somme an der Picardie sollt d'Lidd vun enger Chorale vu Jonke gesonge ginn. Mee et ass ganz spontan vum Programm geholl ginn, well de franséische Staatssekretär fir d'Veteranen dat sou entscheet huet", erzielt eng "skandaliséiert" Dominique Grange. "Et ass net ze gleewen, datt déi, déi an de Grief gelidden hunn, nach ee Joerhonnert méi spéit de Mond verbuede kréien".

Net sou einfach wéi beim Boris Vian

De Jacques Tardi wiert sech grad esou géint de patriotesche Bléck op de Krich. Hien huet och seng Ernennung zum Chevalier de la Légion d'honneur 2013 refuséiert. Bei senge Recherchë fir de Band "Putain de guerre" huet hien sech och mam wirtschaftlechen Aspekt vum Krich beschäftegt. Zum Beispill dee vum franséischen Zaldotenhelm. "En ass milliounefach a Frankräich produzéiert ginn, an a Russland, Holland an an d'Belsch verkaf ginn. A wat e méi verkaf gouf, wat de Präis méi geklommen ass a wat d'Qualitéit méi ofgeholl huet. Dat alles bréngt enorm vill Suen an".

Den Auteur an Zeechner huet sech och vill mat den Deserteur beschäftegt. Mee hien ass nëmmen zum Deel averstane mam Boris Vian, deen a sengem Lidd "Le Déserteur" e Bréif un de President schreift fir kloerzestellen, datt hien net wäert mat an de Krich goen. "Dat war net sou einfach, zemools wa jidderee wollt goen. Ech versiche mech an d'Haut vun deem Typ ze versetzen, dee sech alleng spiert, well hien net well goen a géint eng Beweegung geet", seet de Jacques Tardi.

D'Ausstellung vum Jacques Tardi senge Grafiken ass nach bis de 7. September an Neimënster ze gesinn