Radioen

On air

Notturno  |  De La Soul - Pain Feat. Snoop Dogg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Quelques jours dans la vie de Tomas Kusar"

Buchtipp fir de Summer

"Quelques jours dans la vie de Tomas Kusar"

Dem Antoine Choplin säi Wierk beschreift déi déif Sympathie tëscht engem politesch engagéierten Theaterauteur an engem Eisebunner an der Tschechoslowakei. Eng Erzielung, déi beréiert ouni ze beléieren.

auto_stories

3 min

"Ça doit vous faire du bien d'être un peu au calme, juste entre vous", dit Tomas. Ses paroles restent en suspens un moment. L'homme blond empoigne une bouteille et commence à remplir des petits verres.

"Vous allez au bal, maintenant?" demande-t-il.

"Euh, non, balbutie Tomas. Je vais pas y aller."

"Si vous voulez, vous pouvez boire un verre avec nous."

"Merci, mais je voudrais pas déranger."

"Ça dérange pas", dit l'homme blond en se levant et en faisant deux ou trois pas vers Tomas, la bouteille à la main. "Et ça, c'est de la vodka. Plutôt de la bonne. Alors si ça vous dit."

Ils se serrent la main.

"Je m'appelle Václav."


Hien heescht Václav, hie botzt d'Bänken, fir datt sech d'Eisebunner zu Trutnov op eng dréche Plaz kënne setzen. Hie schleeft Béierfässer, fir dono mam Tomas Kusar Schach ze spillen. Awer och fir hien ze warnen, datt all Mënsch, dee sech mat him ophält, ënner Observatioun steet. Hien heescht Vaclav Havel.

Den Tomas Kusar ass e Barrierewiechter an der klenger Stad Trutnov an der fréierer Tschechoslowakei a mat ganzem Häerzen Eisebunner. Hie féiert eng zäertlech Relatioun mam Lenka, verbréngt gäre seng Owender mat den Aarbechtskollege bei engem Patt an ass e passionéierten Naturfotograf.

D'Ufäng vun enger Frëndschaft

En Aarbechterliewen, dat Millioune vu Mënschen net just am fréiere sougenannten Ost-Block gefouert hunn. Bis zu deem Dag, wou eng Theatertrupp op Trutnov kënnt, an den Tomas déi éischte Kéier en Theaterstéck gesäit. Hei léiert hien e blonde Mann mat engem Schnutz kennen, deen net just säi Liewe verännert, mä an him e fondéierten a prospektive Bléck op d'Welt erwächt.

De beréierenden an intelligente Gedanken iwwer den Theater folgen couragéiert Engagementer an Aktivitéiten. Dës ginn hei als esou selbstverständlech duergestallt, datt si eng permanent Héngerhaut ausléisen. Et gëtt ee sech nämlech iwwer dem Liese bewosst, datt all dës Dote guer net esou einfach sinn.

Wat bal iergendwéi romantesch ugeet, entwéckelt sech zu enger Geschicht, wou de Verrot, d'Mësstraue an d'Kontroll grad esou eng bedeitend Roll spillen, wéi d'Entwécklung vun enger illuminéierter Denkaart, déi vum Humanismus, dem Wonsch no Fräiheet a Gerechtegkeet bestëmmt ass.

Linear a präzis Erzielung

Den Antoine Choplin beherrscht eng Erzielkonscht, där een haut seele begéint. Hien huet virun allem eng bescheiden, awer ëm sou méi präzis an déifgrënnesch Sprooch. Eng Sprooch, déi ouni déi bei ville Schrëftsteller beléiften iwwerluede Metaphorik auskënnt.

"Quelques jours dans la vie de Tomas Kusar" ass u sech eng einfach a linear Geschicht, ouni iergendwellech Niewesträng, déi Spannung opbauen. E Wierk mat pädagogeschen Tëschegedanken, déi ëm sou méi Déifgang hunn an d'Lieser dës Aventure vum friddleche Widderstand materliewe loossen, ouni ze verklären, ouni ze beléieren.

Ee faszinéierende Pas de deux

Kuerz Reflexiounen, wéi "les acteurs sont des gens, qui deviennent d'autres gens" beréieren. Déi onopdrénglech Renconter tëscht dem Václav Havel an dem Tomas Kusar an dat dezent Entfale vun hirer Frëndschaft hunn eppes vun engem faszinéierende Pas de deux, deen do ophält, wou des Erzielung am Fong ufänkt. Um Balcon vum Schlass zu Prag, den 29. Dezember 1989. Wou den Tomas Kusar net d'Beem, mä nach ëmmer ganz schei an zréckhalend, eng Foto vu senge Frënn mécht. A sech trotz oder grad wéinst dem Wee, deen hien hannert sech huet, mat der Mass am Haff solidaresch a verbonne spiert.

Ech hunn den Antoine Choplin mat dësem Wierk entdeckt a sinn esou frou, datt ech deemnächst vill Stonne mat senge méi ale Wierker verbréngen däerf.


Choplin Antoine, "Quelques jours dans la vie de Tomas Kusar" (La fosse aux ours, 2017)