Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Amber Mark - Comin’ Around Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Noriff haut oder: R.I.P. 2.0

Popkultur

Noriff haut oder: R.I.P. 2.0

Huet den Doud vum David Bowie Iech wierklech sou beweegt, oder hat Dir just Angscht net méi Deel vun der Community ze sinn? Dem Tom Dockal iwwer de neien Emgang mam Doud vu bekannte Perséinlechkeeten.

auto_stories

6 min

Den Doud vum Bowie huet Spueren hannerlooss – och am Ëmgang domat (©Mick Rock)

Verstarb früher jemand, wurde Erde aufgewühlt und sein Leichnam in einem Loch vergraben. Ein ziemlich makaberes Ritual unserer Vorfahren, das man zum Glück nur noch aus Büchern kennt. Heutzutage werden Tote natürlich ins Internet gestellt. Und dort liefert man auch seine Anteilnahme ab. Doch auch dabei gilt es, eine gewisse Etikette zu kennen und zu beachten.

Dat schreift den däitschen Auteur, fréiere Chefredakter adjoint vum Magazin Intro, an haut fräie Journalist, Linus Volkmann, am Artikel R.I.P., du Opfer_Ein Leitfaden für Pietät 2.0. Den Artikel ass tëscht zwee "An-d'Gras-Bäissender" de 6. Januar online beim Kaput Magazin verëffentlecht ginn. De Lemmy Kilmister vu Motörhead wor nach liicht wootlech an den David Bowie huet sech bereet gemaach, fir de Läffel ofzeginn. 

Mee um Ursprong fir deen Artikel stoung eng aner, just bedéngt musikalesch Berühmtheet. "Inspiréiert huet mech den Doud vum Helmut Schmit, dat war ganz prototypesch. De Staatsmann ass fir d'éischt seng Dauerpresenz gefeiert ginn, an op eemol ass, wéi an engem Drama, en turning point komm, wou op eemol seng negativ Säite méi an den Zentrum geréckelt sinn. An all déi, déi am Internet doriwwer geschriwwen hunn, hunn den Uschäi gi wéi wann si ët eescht géife mengen, obwuel et eigentlech eng Inszenéierung war", seet de Linus Volkmann. 

"Haut liest een 1000 Statusmeldunge vu senge Frënn"

Handelte es sich bei dem aktuellen Todesfall allerdings um eine sehr prominente Persönlichkeit, ist Folgendes zu beachten: Niemand möchte im wabernden Kondolenzsumpf untergehen. Also spitzen Sie zu und bedenken, dass Grautöne nur was für Verlierer sind. Die Wahrheit ist schwarz/weiß, außerdem kannten Sie den Vogel doch eh nicht. Also entweder war er die sakrale Lichtgestalt, von dessen Taten sie sich durch das Leben führen ließen – oder er war ein faschistisches Stück Dreck, der Tiere quälte, Ausländer verachtete, von Frauen und Homosexuellen gar nicht zu reden! Faustregel: Wird schon stimmen.

Fir seng perséinlech Condoléancë kënnen, wa méiglech, all Dag op de sozialen Netzwierker zum Ausdrock ze bréngen, an ofzeweien, wien een an den Himmel oder an d’Hell schéckt, sief nobruecht, dat Wikipedia kann aushëllefen. Ënnert dem Artikelnumm "Nekrolog" mat als Sufffix déi respektiv Joreszuel, kënnen déi aktuellsten Doudesfäll aus alle Domäne consultéiert ginn.

All zweete gudden Dag héiert een um Radio, liest een um Internet oder gesäit een op der Telé, datt XY, eng figure phare vun Déngenskierche verscheed ass an e grousst Lach hannerléisst. Et kritt ee bal dat Gefill, dat fréier awer eng Grëtz manner gestuerwe ginn ass. Dat Gefill huet de Linus Volkmann och. "Ech si mer sécher, datt dat un de neie Medie läit, an der Tatsaach datt jiddereen net nëmme Rezipient mee och Sender ginn ass. Do duerch entsteet och déi Well. Wéi den George Harrison gestuerwen ass, huet een e puer Noriff gelies, vu Journalisten. Haut liest een 1000 Statusmeldunge vu senge Frënn".

"Näischt ass sou gefrot wéi e Noruff"

Bei allem Willen zu zeitintensiver Trauerarbeit: Das frühste Todes-Posting erreicht die größte Resonanz. Hier geht es mitunter um Sekunden! Stichwort: Early adopter of death.

De Klaus Walter, fräischaffenden DJ bei ByteFM a virun allem Journalist am Beräich vun der Populärkultur, deen haut regelméisseg fir ënner anerem  SPEX a TAZ schreift, huet bis 2008 an dat bal 25 Joer déi legendär Museksemissioun mam Numm Der Ball ist rund beim Hessischen Rundfunk presentéiert. "Wéi mir mat Der Ball ist rund ugefaang huet, war mol grad de Club vun de 27-Järege gestuerwen. Deemools war Iwwerdosis a Selbstmord en Thema. Lo ass et eben en Zeeche vun der Zäit datt Leit u Kriibs an Häerzinfarkt stierwen" seet hien. Anerersäits wier "näischt sou gefrot wéi e séiere Noruff".

Vum Doud vun enger Perséinlechkeet profitéieren och eng ganz Rei Leit. Bei de Museker ass et dee ganz perfiden, ma net z’ënnerschätzende Faktor, dat esou Leit ewéi de Bowie oder de Michael Jackson posthum zum Deel esou vill Placke verkafen, wéi se dat déi lescht 25 Joer vun hirem Liewen net gemaach hunn. Ganz aktuell si jo nees eng ganz Rëtsch vu Bowie Disquen nees an de Verkafscharts. 

"Et ass schonn zimmlech obszön"

An dann huet een natierlech d’Journalisten, déi mat all Doud eng Excuse hunn, fir en Artikel ofzeliwweren. Jiddereen ass also Deel vum Verwehrtungsmechanismus. Och de Linus Volkmann: "Ech sinn och am Medienprekariat aktiv, an déi ganz Doudesfäll wäerten och rëm de Journalismus op, well d'Leit ee brauchen deen ee méi oder manner korrekten Noruff schreift. Et ass zimlech obszön", seet hien. Hien hätt säin Artikel dofir och geschriwwen: fir eben net d'Gefill ze hunn, "ee klengt Zännrad am System ze sinn" 

Nachruf… Naja, wer möchte schon lesen in so einem Moment der innere Einkehr. Ein random-mäßig zusammengegoogeltes YouTube-Video, das sie zur Hälfte geschafft haben, sollte den Toten beziehungsweise auch ins richtige Licht rücken.

An der Reegel kann ee jo awer behaapten, dat d’Matleedsbekundungen an der Reegel jo just einfach nëmmen eng Manifestatioun vum perséinlechen Kulturkapital sinn. "Dat huet och eppes mat Disctinctioun ze dinn à la : 'Ech kennen och deen obskure Bassist, deen an där Band tëscht 1947 an 1948 op der Finnlandtour dobäi war'. Dat ass net agreabel, kloer. Dat ass et och scho virum Internet ginn, mä Facebook verstäerkt dat natierlech". 

"Jidderee schwëmmt mat"

Just esou niewebäi gesot, dat Verhalen ass bal exklusiv op dat männlecht Geschlecht zeréckzeféieren. Mee... de Bowie war an dëser ganzer Diskussioun e bëssi d’Ausnahm, déi d’Theorie bestätegt. Well, wat an de ganze Feuilletonen an um Internet z’observéiere wor  du quasi jamais vu. All Mënsch, mee wierklech all Mënsch hat seng eegen Andréck an Erfahrunge formuléiert."Beim Bowie ass et net duergaang ze soen, datt een hie kennt, mee datt hien ee beweegt a beaflosst huet. An dat obwuel ee ka sécher sinn datt déi meescht just e puer Lidder kannt hunn, mee jiddereen huet gemengt matschwammen ze mussen". 

An den Ae vum Klaus Walter huet deen neien Ëmgang mam Doud vu Perséinlechkeeten och en Afloss op eis Erënnerungskultur. "Leit treffen sech, schwätzen iwwer Lidder a Videoen a si geréiert. Ech denken do, zum Beispill, un de Video vun deem Chouer vun e puer Honnert Leit dee Space Oddity sengt. Mat de neie Medien entstinn eben nei Emgangsweisen, déi Millioune meilewäit ewech si vu Rock'n'Roll", seet de Klaus Walter. Hie selwer huet "souvill wéi nach ni" kommentéiert a gepost nom Doud vum David Bowie. Hien seet: "Et hëlleft och géint d'Péng".