Radioen

On air

De Weekend  |  Isabelle Medinger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Rascht-Auer" - "Gelaacht, gewonnert, ameséiert"

Lëtzebuerger Buchpräis

"Rascht-Auer" - "Gelaacht, gewonnert, ameséiert"

De Jay Schiltz hat sech, Ufanks dës Joers schonn, duerch dat Buch gelies wat elo zu Walfer de Lëtzebuerger Buchpräis kritt huet: Rasch(t)auer vum Roland Harsch. An hien huet déi Wuertkonscht genoss, déi de Lëtzebuerger Auteur do zum Beschte gëtt.

auto_stories

3 min

De Jay Schiltz huet sech duerch d'Buch gelies – a gelaacht

Duerch d’Buch gelies ass am Fong net richteg, éischter derduerch gelaacht, mech derduerch gewonnert, et huet mech ameséiert, plazeweis nodenklech gestëmmt, a mech gefrot, wat ech dann eigentlech iwwert dat Buch elo soll schreiwen, fir deem gerecht ze ginn wat engem do u Wuertspill a Wuertwitz – besser nach u Wuertkonscht – entgéint spréngt.

Schonn eleng den Titel vum Buch verdéngt e puer Zeilen: Rascht-Auer, den T am Schrëftbild liicht decaléiert, duerch d’Kette vun enger Täschenauer – dat ergëtt Rasch-Auer, ee Wuertspill, natierlech, Rasch a Rascht, séier a lues, mee awer och: wee rascht, dee rascht och, an dat alles wéinst engem Buschtaf. An dat ass nëmmen den Optakt fir 265 Säiten déifsënneg Wuertakrobatik, souwuel déif, wéi sënneg.

E Buch, vill Zäit(en)

Opgedeelt huet de Roland Harsch säi Buch a verschidde Kapitel wéi "Neizäit" – zimlech stresseg – "Kannerzäit", souwäit een sech erënnere kann, "Schoulzäit" – matzendran a ronderëm – oder "Genee Véier-Zäit". Kapitele mat Titele fir all erdenklech Zäit; Gedichter an Texter dertëschent.

Och virun der grousser Literatur mécht de Roland Harsch net halt, mee iwwersetzt an adaptéiert, wierkelt drun ronderëm, bis et passt: an d’Spillzäit. Zum Beispill Bumerang, fräi nom Joachim Ringelnatz.

Eenzeg an eleng wéinst dem Reim

An da rutscht en heiansdo beim Schreiwen aus, den Här Professer, an erlaabt sech eng Boutade, net dacks, mee e bësse wéi beim Christian Morgenstern, wou sech ee Wisel op ee Kisel setzt, net fir ze raschten, mee eenzeg an eleng, wéinst dem Reim. 

An da gëtt et och am Buch iwwert d’Zäit héich Zäit. A méi ass och zum Roland Harsch sengem neie Buch net ze soe wéi – Zitat: "Ech hätt gär e Stéck vum Buch, awer eent wou een net ze vill muss dru knaen. Déi läschte Kéier hat ech hannen d'Spëtzt, ouni Fett a Fues, zart ewéi Botter. Et zergoung der op der Zong. Ee Gedicht."

Roland Harsch – Rascht-Auer bei den Edition Guy Binsfeld eraus komm sollt een sech gënnen, an e bëssen Zäit gewannen, beim Liesen.

Lauschtert dem Jay Schiltz seng Kritik mat villen Zitater aus dem Buch:

 

An "klickt" och hei drënner, fir en Extrait aus dem Roland Harsch senger Ried bei der Remise vum Buchpräis 2015 ze lauschteren. Ass et eng léif gemengte Kritik um Fonctionnement vum Buchpräis? D'Gewënner gi jo op Basis vu "Klicks" ermëttelt...