De 15 Joer alen Charley lieft eleng mat sengem Papp an einfache Verhältnisser am Nordweste vun den USA. Seng Mamm huet hien ni kannt. Enges Daags léiert de Jong den Del kennen, een eeleren Här dee Päerd ziicht, fir sech mat Courssen iwwert Waasser ze halen. Dem Charley bitt sech d'Méiglechkeet fir sech e puer Su ze verdéngen. Wéi op eemol dem Charley säi Papp stierft, bleift dem Jugendleche just nach eng Tatta, op där hir Sich hie sech mécht - zesumme mat engem Päerd.
Vun de Verhältnisser gedriwwen
D'Mënsche ginn am Film net idealiséiert, mä op eng nuancéiert Aart a Weis gewise wéi se sinn. Wéi den Charley als Strummert duerch eng Stad zitt, gëtt hie vun engem anere Strummert an deem senger bescheidener Roulotte häerzlech opgeholl. Nodeems de Jong sech dann eppes Klenges bei engem Job verdéngt huet, schléit dem Mann seng Häerzlechkeet a Gewalt ëm: den Charley wier him Sue schëlleg.
Allgemeng sinn d'Persounen, déi den Charley op sengem Wee begéint, duerchaus hëllefsbereet, wéi zum Beispill d'Serveuse, déi hie lafe léisst, obwuel hie giess huet ouni ze bezuelen. De Päerdsziichter Del (Steve Buscemi) ass am Fong ee gudde Kärel. Fir Courssen ze gewannen, dat heescht seng Kuuscht ze verdéngen, fuddelt hien a sprëtzt senge Päerd Opputschmëttel. Dem Andrew Haigh seng Personnagë sinn net u sech schlecht, si gi vun de soziale Verhältnisser gedriwwen. "Lean on Pete" gëtt iwwregens een interessanten Abléck an d'Welt vun de provinzielle Päerdscourssen, wäit ewech vum Glamour, deen ee gewéinlech mat deem Milieu verbënnt.
D'Päerd als Double
Den Charley identifizéiert sech do mat engem vun de Päerd, fir hien eng Zort Double: de "Lean on Pete" (vertrau dem Pete) leeft Courssen, de sozial isoléierte Jong joggt fir d'Zäit erëmzekréien.
Wéi den Del d'Päerd wëllt verkafen (well d'Déier näischt méi géif daachen), ass dat fir den Charley ee Signal: hie mécht sech mam Pete op d'Flucht, fir d'Päerd ze retten, fir sech ze retten. Wann hie mam Päerd schwätzt, féiert den Charley a Wierklechkeet ee Monolog mat sech selwer. Während dësen, virum Hannergrond vu spektakuläre Landschafte gefilmten Dialog-/Monologzeenen, konzentréiert sech d'Kamera net op d'Päerd, mä op de Jong. De Pete gëtt net als vollwäertege Personnage behandelt. Et geet hei ëm de Jong.
Dem Andrew Haigh säi "Lean on Pete" ass een einfachen, filmesch konventionell ëmgesate Film, deen haaptsächlech vu senger gudder Interpretatioun lieft. Virun allem och vum zeréckhalende Spill vum jonken Charlie Plummer.