Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Endzäitstëmmung am Kasemattentheater

Theater

Endzäitstëmmung am Kasemattentheater

De Ian de Toffoli huet zesumme mat den zwee Schauspiller Luc Schiltz a Pitt Simon en dystopescht Theaterstéck kreéiert. Eng Stëmmung vun der Endzäit vun der Mënschheet, déi déi aktuell a gesellschaftlech Situatioun erëm spigelt an d'Suergen,d' Ängschten, d'Cauchemaren an d'Hoffnunge vun de Mënschen op eng schmäerzvoll an entlarvend Weis presentéiert.

auto_stories

4 min

Refugium. Foto: Kasemattentheater

Zwee Männer verschanzen sech an engem Theater. Dobaussen ass eppes schreckleches geschitt. D'Welt brécht zesummen. Krich? Terror? De Spectateur gëtt dat net gewuer. Et ass och net relevant, d'Apokalyps ass iwwert d’Mënschheet komm an déi zwee Kollege waarden. Si waarden op eng Rettung, op eng Méiglechkeet, aus hirem Refugium eraus ze kommen.

Déi zwee Personnage rekapituléieren, wéi et zu dëser däischterer Situatioun komme konnt. Firwat hir Existenz am Gaangen ass zerstéiert ze ginn. Si beweege sech tëscht Reprochen an Erënnerungen, Angscht a Hoffnung, Froen an Erklärungen, Spill an Eescht, Frëndschaft a Gewalt.

Refugium ass ee post-dramatescht Stéck. Foto: Kasemattentheater

Aus der Zesummenaarbecht entstanen

"Refugium" ass eng kollektiv Kreatioun vum Ian de Toffoli mat ënnert Anerem den Acteure Luc Schiltz a Pitt Simon. D'Ausgangsbasis war d’Geschicht ëm déi zwee Männer, déi sech am Theater refugiéiert hunn. D'Genèse vum Stéck an d'Mise en Scène wieren awer aus der Zesummenaarbecht entstanen, esou de Pitt Simon an de Luc Schiltz. Et hätt ee sech ëmmer erëm getraff an d'Geschicht zesumme gesponnen. "Mir hätte kéinte 70 Stécker maachen, mir hunn eis ëmmer nei Versiounen afale gelooss", soen d'Schauspiller. Déi Zwee Acteure begréissen et, datt si d'Stéck vun Ufank u selwer konnte mat opbauen a schreiwen. Déi Méiglechkeet hätt een zu Lëtzebuerg net esou dacks.

Keng Plaz fir Optimismus?

Eng Dystopie ass d’Resultat vun dësem Kollektiv. Ee Stéck, dat déi aktuell Weltsituatioun thematiséiert, déi net grad aluedend ass a keng optimistesch Zukunftsvisiounen erlaabt. "Ech sinn e Geck vu postapokalypteschen Zeenarioen", esou dem Ian de Toffoli seng Begrënnung fir den däischtere Sujet. Seng Wierker hätten ëmmer eng Endzäitstëmmung, "mee dat ass och d'Zäit an där mir liewen."

Dat wier awer net nëmmen eppes Negatives. "Et ka jo sinn, datt eppes Neits, eppes Besseres kënnt", gëtt de Schrëftsteller ze hoffen. "Mee mir liewen an enger Erwaardung op ee Moment, an deem et eng Kéier klaakt."

Eng brutal Baussewelt

Besuergte Bierger, Guantanamo, Tourismus, Nationalismus ... an alles an enger Sprooch, déi dës Endzäitstëmmung dréit. Sief et an enger subtiller Grammatik , sief an enger graffer Artikulatioun - d’Angscht an Onsécherheet dominéieren. Ënnermoolt gëtt déi ganz Presentatioun vu speziellen Effekter, déi der Opféierung mol en psychedeleschen Touch ginn, mol un en Tableau vum Caravaggio erënneren. "Si sinn net an engem Salon bourgeois am Gaange sech prett ze maachen, fir eng gefëllten Dinde z'iessen", beschreift de Ian de Toffoli d'Haaptpersonnagen.

Et gëtt vill mat Effekter geschafft. Foto: Kasemattentheater

D'Effekter, dat wier d'Baussewelt, déi brutal andrénge géif a géint déi ee sech géif probéieren ze verschanzen. "An awer kraucht si zu der hënneschter Dier eran." Et dréit sech dem Auteur no villes am Stéck ëm d'Geräicher an et géif ee probéieren de reelle Sound erëm ze spigelen. D'Effekter mat deene géif geschafft ginn, wier een éischter aus dem Kino oder der Televisioun gewinnt, wéi aus dem Theater. Dat wier typesch fir de post-dramateschen Theater. "Et gëtt mat Effekter geschafft, déi net just aus dem Drama kommen, mee aus der Installatioun, dem Video, de Musekskënscht an de Choreografieskënschten." Dofir wier d'Stéck méi oder wéineger plurimedial.

Mat alle Sënner

Biblesch Zeenen, surrealistesch Biller, e Witz, bei deem engem d’Laachen am Hals stieche bleift. De Kollektiv bitt dem Public eng grouss Palett, mat ville Groschattéierungen. De Spectateur kënnt net eng Sekonn zum Otem.

D’Liicht an d’Däischtert - déi zwee Elementer sinn a "Refugium" symbolesch. Si si weider Protagonisten, déi dat Gutt an dat Béist vertrieden a bilde mat de Geräischer - déi net just d’Oueren erreechen - eng impressionnant Symbios.

Innovativ soll den Theater ëmmer erëm sinn... dee Schrack ass dësem Kollektiv op alle Fall gelongen. An dat vum éischte Moment un. "D'Matière existéiert net, an et ass un eis, fir si ze kreéieren", esou de Pitt Simon. Dat wier immens stimulant, och wann een heiansdo géif flippen. Nëmmen esou kéinte Saachen zu stan kommen, fënnt och de Luc Schiltz.

Et wier gutt, datt de Kasemattentheater d'Plattform fir esou ee kollektiivt Stéck géif bidden. Lëtzebuerg géif eng Theateridentitéit sichen, an nëmmen esou Geleeënheeten géifen dozou bäidroen, datt déi géif entstoen.


"Refugium" gëtt de 14.; 19.; 20. an 22. Oktober op Lëtzebuergesch opgefouert. Den 23. an 25. Oktober op Däitsch an de 26. an 27. Oktober op Franséich opgefouert. Dat am Kasemattentheater.