Radioen

On air

Notturno  |  Feist - In Lightning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rehberger-Skulpturen amplaz Stroosse-Schëlder

Konscht am ëffentleche Raum

Rehberger-Skulpturen amplaz Stroosse-Schëlder

Tëscht Basel a Weil am Rhein féiert e Wee voller Skulpturen net nëmmen iwwert d'Grenzen. Mee och vun engem bekannte Konschtmusée bis bei een Aneren: vun der "Fondation Beyeler" bei de "Vitra Campus". Um Rehberger-Wee oder och "24 Stops" weisen zënter dem Juni Installatioune vum Tobias Rehberger d'Richtung.

auto_stories

4 min

Eng vun den éischte Statioune si Vullenhaiser déi tëscht den Haiser hänken.

"24 Stops" huet de Wee tëscht der "Fondation Beyeler" an dem "Vitra Campus". Et ass e Wee deen duerch d'Natur féiert, laanscht de Floss, duerch Wisen a Wäibierger. Et héiert een d'Villercher sangen, de Floss dauschen a begéint deem engen oder anere Spadséiergänger, Jogger oder Vëlofuerer.

A Matten an der Idylle sti skurril Skulpturen a grelle Faarwen: Oder wéi de Kënschtler selwer, den Tobias Rehberger si beschreift: "Skulpturen déi ausgesi wéi Ufoen, déi grad gelant sinn."

Faarweg Vullekäfeger hänken tëscht Haiser, Beienhaiser stinn am Gréngen, iwwergrouss Luuchtepottoe wuessen aus dem Buedem, duerch eng konterbont Spektiv kann een op Basel kucken. Oder et klëmmt een op e knallgielt Gestell fir sech d'Landschaft unzekucken. Dës Installatioune sollen engem de Wee weisen, tëscht dem Baseler Konschtmusée, der "Fondation Beyeler" an dem Architekturpark "Vitra Campus" zu Weil am Rhein an Däitschland.

Skulpture ginn d'Richtung un

Firwat Panneauen opstellen, wann et och Anescht geet? Dat huet sech den däitsche Kënschtler Tobias Rehberger geduecht. Et kéint een de Wee och mat Hëllef vun Objete fannen, esou de Sculpteur. "Wann ee vu wäitem eng nei Skulptur gesäit, dann ass dat d'Richtung an déi ee muss goen."

Aus deem Grond sollten d'Objeten a Weeweiser déi den Tobias Rehberger an d'Natur gestallt huet, opfalen. Sou wéi de bloe Wiederfändel, déi faarweg Wand-a Buedem, de geometresche Bam, déi iwwergrouss Klacken, Champinion-ähnlech Ënnerstänn oder nach dat quiitschgielt Guckgucksnascht beim Grenziwwergang tëscht der Schwäiz an Däitschland.

Beim Grenziwwergang steet eng vun de Skulpturen

Muss e Konschtwierk eng Funktioun hunn?

Dobäi war et dem Kënschtler wichteg fir sech iwwert seng Skulpture mam Sujet vun der Funktionalitéit an der Konscht ausernaner ze setzen. Muss ee Konschtwierk eng Funktioun hunn?

Jo an Nee, seet dozou den Tobias Rehberger. All d'Objete vu "24 Stops" hätten eng Roll, si géingen d'Richtung uginn. Doriwwer eraus wiere Skulpturen derbäi, déi zwar abstrakt ausgeséichen, mee eng Funktioun hätten. Bei Anere wier et de Géigendeel. "Et ginn Aarbechten, deenen hir Funktioun absurd ass. Bei aneren ass se liicht z'erkennen. Ech wollt domadder spillen, wéi wäit Skulpture fonktionell Objete kënne sinn."

Vum Héichsëtz aus kann ee sech d'Landschaft ukucken

Eng Funktioun hunn dann zum Beispill de Buer fir ze drénken, den Héichsëtz, d'Dreckskëscht, d'Ënnerstänn oder nach d'Spektiv.

D'Regioun kenneléieren

Et geet awer beim Rehberger-Wee net net nëmmen drëm, de Wee vun A op B ze fannen, mee och dorëms, d'Géigend z'entdecken.

A fir dat ze maachen, kann ee sech déi ergänzend App "24 Stops" op den Handy lueden. Déi weist engem net nëmme wat fir eng Attraktioun een als nächst erwaart, mee iwwer Tounopnamen a Filmer kritt een d'Objeten erkläert an et gëtt ee villes iwwert d'Regioun ronderëm de Rhäin gewuer. Donieft soll d'App de Spadséiergänger oder Konschtamateur dozou verleeden, d'Natur méi bewosst wouer ze huelen. Zum Beispill doduerch datt hien opgefuerdert gëtt, sech op d'Geräisch vun de Vigel ze konzentréieren, oder Steng oder Blummen ze sammelen.

Et geet och dorëms, d'Regioun z'erliewen

Dem Tobias Rehberger no gëtt et net eng eenzeg Manéier fir dee no him benannte Wee z'erliewen. "Deen ee gesäit d'Skulpturen als komesch Objeten, déi op sengem Spadséierwee stinn. Deen zweete fënnt vun A op B. Deen Drëtten trëfft sech bei engem Objet mat engem Kolleg. An dee Véierte betruecht et als Konscht." De Kënschtler géing sech awer wënschen, datt de Wee däitlech mécht, datt et och aner Léisunge géif ginn, wéi einfach Panneauen opzestellen."

"Mir brauche méi Konscht ëm eis erëm"

Säi Wee géing donieft Villes iwwert dem Tobias Rehberger säi Versteesdemech vun der Konscht verroden. Konscht am ëffentleche Raum wier wichteg an et wier gutt, wann d'Konscht am Alldag méi present wier. "D'Iddi, datt ee muss an de Musée goe fir Konscht ze gesinn, datt ee sech virun e e Konschtwierk stellt, dat ukuckt an erëm Heem geet - dat gefält mir net."

Och Buedemmolereie weisen de Wee

Ee Lieblingsobjet ënnert de Skulpturen déi tëscht der "Fondation Beyeler" an dem "Vitra-Campus" aus der Landschaft kucken, huet den Tobias Rehberger awer net. Dat wier nämlech genau esou, wéi ee Lieblingskand ze benennen. Si gefalen himm all.