Radioen

On air

Notturno  |  Anna Mieke - Twin

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Revolutions - Records & Rebels 1966-1970

Ausstellung

Revolutions - Records & Rebels 1966-1970

Twiggy an d'Beatles, Peace, Love a Flower Power, d'Antibabypëll a Konsum: am Bréisseler ING Art Center leeft eng Ausstellung, déi virun allem weist, wéi nohalteg déi sozial Entwécklung an de Joren 1966 bis 1970 war.

auto_stories

2 min

Et betrëtt een d'Ausstellung an et ass een direkt an der Carnaby Street. Nei Moud, nei Matière an nei Gesiichter bestëmmen dat neit Liewensgefill. Ethnolook aus Plastik a Polyester, faarweg a provokativ Kleeder och fir Männer, de Mini fir d'Fraen, dobäi eng Coiffeur, déi de Bigoudien an Hauwen Äddi seet. Mary Quant a Vidal Sassoon sinn d'Staren, d'Twiggy dat neit Virbild fir fortschrëttlech Fraen.

Déi richteg Musek fir de richtege Feeling

D'Ausstellung ass a sechs Kategorien agedeelt a passend zu all Thema kritt ee keng Erklärungen, mee Musek iwwer den Audioguide ze héieren. No swinging London gëtt déi ganz Konter-Kultur vun den Enn 60er Jore gewisen, déi jo net just am Kleedungsstil ze erkennen ass.

D'Musek, vun the Who iwwer d'Rolling Stounes an d'Beatles, ass et och den afro-amerikanesche Swing, Soul a Funk, deen der Iddi vum Rassewahn entgéinttrëtt, deen immens populär gëtt. Malcolm X a Martin Luther King sinn dann natierlech och Sujet vun der Ausstellung.

Massekonsum a Protester

Awer och de ganze Konsum: d'Generatioun vun 68 ka sech alles dat erëm leeschten, op wat d'Nokrichsgeneratioun huet misse verzichten. Dobäi kënnt eben, datt d'Konsumwuer fir bal jiddwereen abordabel gëtt. Nieft dem Massekonsum si Protester géint de Vietnam-Krich, géint de Rassismus a fir d'Gläichberechtegung vu Fraen, fir d'Akzeptanz vun der Homosexualitéit hei illustréiert a Form vu Filmer, Affichen, Fotoen, Zeitungsartikelen a Wueren, alles begleet vun der passender Musek.

Zum Schluss kann een et sech nach gemittlech an enger Zort Kinossall maachen an Auszich vu Woodstock ukucken. Natierlech sëtzt oder läit een do um Buedem op gemittleche grousse Këssen zu den Téin a Biller vum Janis Joplin, Jeffersen Airplane, Joe Cocker, Sly an natierlech Jimmy Hendrix.

Vill Klischeeën

Eng interessant an originell Ausstellung, déi engersäits ganz vill mat Klischeeë schafft a wéineg an d'Déift geet. Et gëtt een net vill Neies gewuer, anerersäits erlaabt deen esou plasteschen Opbau e Gefill fir déi Zäit ze kréien, an déi sëllech Kuriositéiten, wéi e Fön vum Vidal Sassoon, d'Kleeder vun de Beatles oder d'Gittar vum Pete Townshend sinn derwäert, sech an d'Swinging Sixtees entféieren ze loossen.