Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Taylor Eigsti - Bucket of F's (feat. Ben Wendel)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Revue: Nei Associatioun, neit Konzept

Cabaret zu Lëtzebuerg

Revue: Nei Associatioun, neit Konzept

2018 soll et nees eng Lëtzebuerger Revue ginn. Dat ass de Plang vun enger neier Equipe, déi déi "Nei Revue Asbl" gegrënnt huet an déi d'nächst Joer en neie Cabaret-Programm presentéiere wëll. D'asbl Groussen Theater, déi d'Revue bis 2016 organiséiert huet, war zejoert wéinst dem Konkurrenzdrock a wéinst finanzielle Schwieregkeeete gescheitert.

auto_stories

2 min

D'Revue gouf bis 2016 vun der asbl Groussen Theater organiséiert

Verschidden Acteuren hu sech elo zesummegedoen an déi "Nei Revue Asbl" gegrënnt, esou d'Stéphanie Welbes, Presidentin vum neie Veräin. Et wéilt een déi iwwer 100 Joer al Traditioun vun der Revue weiderféieren. Eng Partie Auteuren an de Regisseur stéinge scho fest, dorënner den Nico Lessyn, dee schonn eng Rei Lëtzebuerger Theaterstécker inzenéiert huet.

"E mega Konzept"

D'Stéphanie Welbes mécht sech keng Suergen, datt een dem Publikum net genuch kéint bidden: "Mir hunn elo e mega Konzept". Mam Wahljoer dëst Joer an och dat Joer drop hätt ee genuch Themen, déi een an der Revue kéint uschwätzen. Donieft soll ganz enk mat den Auteuren zesummegeschafft ginn.

Vill vun den al-agesiessenen Acteure vun der Revue sinn allerdéngs net méi derbäi, seet d'Stéphanie Welbes. D'Motivatioun hätt einfach gefeelt, fir sech nach eemol fir esou e grousse Projet z'engagéieren.

Keng Konventioun mam Kulturministère

Eng nei Konventioun mam Kulturministère wier iwwerdeems net geplangt. Fir déi "Nei Revue Asbl" géing dat nämmlecht gëllen, wéi fir all anere Veräin. Am Hierscht muss de Budget fir d'Produktioun am nächste Joer eragereecht ginn. "A Funktioun vun dësem Budget kréie mer dann e Subside zougesot oder och net." Virun e puer Woche schonn hätt sech déi "Nei Revue asbl" mam Guy Arendt, Staatssekretär fir Kultur, getraff.

2016 gouf annoncéiert, datt et méiglecherweis keng weider Editioun vun der Revue géif ginn. Wéinst finanzielle Schwieregkeeten an enger ze vill grousser Konkurrenz um Lëtzebuerger Terrain war laang net kloer, wéi et sollt weidergoen. Déi nei Revue soll am Fréijoer d'nächst Joer op der Bühn ze gesi sinn.