Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Populismus kënnt aus der Mëtt"

Literatur

"De Populismus kënnt aus der Mëtt"

De Robert Menasse gesäit keng Zukunft fir Europa, wa weiderhin national geduecht gëtt. Den éisträichesche Schrëftsteller plädéiert fir eng nei Form vun Demokratie, déi regional an net national funktionéiert.

auto_stories

4 min

An éischter Linn wier hien e Prosaschreiwer, seet de Robert Menasse iwwert sech selwer. Säin éischte literaresche Coup huet de Wiener mat sengem Roman "Sinnliche Gewissheit" gelant, deen hie virun 29 Joer beim Rowolth Verlag publizéiert huet.

E Roman, dee sech an enger Bar am brasilianesche San Paolo ofspillt, wou sech däitschsproocheg Emigranten treffen an hir Erliefnisser erzielen. Et ass deen éischten Deel vun enger Trilogie. D'Geschichte spillen a Brasilien an dat huet seng Grënn: De Robert Menasse war tëschent 1981 an 1988 op der Uni zu São Paolo als Lektor an als Dozent fir Literatur agestallt, ier hien zréck op Wien geplënnert ass, wou hien als Schrëftsteller och als Iwwersetzer aus dem brasilianesche Portugisesch schafft.

En Opklärer vum ale Schlag

Nieft der Prosa, déi beim Robert Menasse ni onpolitesch ass, ass hien en Essayist an hëlt kee Blat virun de Mond. Den Éisträicher positionéiert sech kloer zu der Politik an hire Wieler. Wéi hie viru véier Joer mam Heinrich-Mann-Präis ausgezeechent gouf, huet d'Jury hien en Opklärer vum ale Schlag genannt. Hie géif keng Récksiicht huelen a scho guer net op déi Opgekläert, war de Fazit vun der Jury.

Récksiicht hëlt dee vum Kant, Hegel a Marx gepräägten Intellektuellen och net op déi europäesch Politiker. Seng Roserei op déi politesch Situatioun an der Europäescher Unioun huet de Robert Menasse kierzlech an engem Virtrag an der Abtei Neimënster artikuléiert:

"De Rassismus, de Rietspopulismus an den Nationalismus kommen net vu riets, se kommen aus der Mëtt. D'Rietspopuliste sinn nëmmen d'Lautsprecher."

"National Politik funktionéiert net méi"

De Robert Menasse gesäit kee Sënn um Festhale vun Natiounen, well haut keng Problemer bannent nationale Grenze kéinte geléist ginn. Grad esou wéineg kéinte Problemer un den nationale Grenzen opgehale ginn:

"All sozial, gesellschaftlech, politesch a wirtschaftlech Phänomener si schonn transnational. Et gëtt haut näischt méi, dat an eist Liewen agräift an net scho laang iwwert d'Grenzen ewech geet. Wéisou soll da Politik haut nach national funktionéieren?"

Dat geet net méi, do ass sech de Robert Menasse sécher.

Regioune si Kulturraim, déi gewuess sinn

"Nationen sind Betrug, Regionen sind Heimat," schreift de Robert Menasse a sengem Band "Heimat ist die schönste Utopie - Reden (wir) über Europa". Et ass e Recueil vu senge Rieden, an deenen hie Froen an Iwwerleeungen iwwer den aktuellen Zoustand an d'Zukunft vun Europa an de Raum formuléiert.

De Robert Menasse plädéiert fir d'Opléisung vun Natiounen a gesäit an de Regiounen eng Alternativ: "De Virdeel vun de Regiounen ass, datt et Kulturraim sinn, déi gewuess sinn. Si kënnen net duerch d'Natioune gebrach ginn."

Regioune prägen d'Identitéit, esou de Robert Menasse: "Regioune sinn net aggressiv, net esou wéi d'Natiounen. Natioune kralle sech Territoiren. Regioune wuessen op natierlech Aart a Weis."

"Nationalismus ass net akzeptabel"

Den Nationalismus wär eng Kriminalgeschicht. Et misst een ëmmer erëm un d'Geschicht erënneren, déi weist, zu wat den Nationalismus gefouert huet. Et géif och keng "douce" Form vun Nationalismus ginn, esou wéi et och "kee Schwéngsbrot ouni Schwäin gëtt".

Et wier noutwendeg, déi Europäesch Unioun politesch weider auszebauen. Den Nationalismus wär Vergaangenheet an d'Verdeedegung vun der Natioun als Iddi hätt virun der Geschicht all vernünftege Gronn a Sënn verluer, schreift de Robert Menasse a senger Ried "Von der Schwierigkeit und der Notwendigkeit, aus der Geschichte eine Idee zu machen":

"Et muss een den Nationalisten dowéinst ëmmer erëm soen, datt wa si hiren Ënnergang wëllen, da solle se stolz op hir Natioun sinn, den nationale Fändel schwéngen an d'Nationalhymne sangen. Wann een awer en dezent, fräit a souveräänt Liewe wëll féieren, da muss een d'Nationaliste vergiessen."

Am Hierscht publizéiert de Robert Menasse säin neie Roman mam Titel "Die Hauptstadt", an dee spillt zu Bréissel.

Interview mam Robert Menasseplay_arrow