Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Anatomie vun der Gesellschaft

Roberto Arlt - Die sieben Irren

Eng Anatomie vun der Gesellschaft

"Die sieben Irren" vum Roberto Arlt aus dem Wagenbach Verlag erzielt déi abstrus Geschicht vun e puer verkraachten Existenzen, fir déi déi gesellschaftlech Normen all hifälleg gi sinn. Dëse Roman ass eng Anatomie vun der Gesellschaft vu gëschter an net manner vun haut, mol provokant, mol grotesk, mol beängschtegend.

auto_stories

4 min

"Wuchtig wie ein Kinnhaken" soll säi Wierk sinn, versprécht deen argentinesche Schrëftsteller Roberto Arlt, an dat Verspriechen hält hien effektiv mat sengem Buch "Die sieben Irren", dat am Berliner Klaus Wagenbach Verlag erauskomm ass.

Leit, déi vum Liewen enttäuscht goufen

"Die sieben Irren" erzielt déi abstrus Geschicht vun e puer verkraachten Existenzen, bei deenen all d'Norme vun der Mënschlechkeet a vun der Moral hifälleg gi sinn. Et ass d'Bekenntnis oder éischter d'Geständnis, dat den Erdosain (deen hei als Ech-Erzieler optrëtt) während dräi Deeg mécht, deen dës Geschicht niddergeschriwwen huet, an als Kommentator sporadesch seng Remarken afléisse léisst.

Nieft dem Erdosain, deem et dauernd u Sue feelt, ginn et nach weider Personnagen, wéi de melancholeschen Zouhälter oder dee wahnsinnegen Apdikter, déi alleguer am klengkriminelle Milieu ugesidelt sinn. Et si Leit, déi vum Liewen enttäuscht goufen, déi eng Randexistenz féieren an trotzdem nach vun hirer Aussergewéinlechkeet iwwerzeegt sinn.

Sech um System ze revanchéieren

Dobäi bidden déi wirtschaftlech Krisen a sozial Spannungen nom Éischte Weltkrich déi richteg Viraussetzungen, fir datt Leit, déi all Méiglechkeeten a Perspektiven ewechgeholl kruten, hir Chance gesi sech um System ze revanchéieren.

Dem Arlt seng Figure si Psychopaten, déi sech duerch Nidderträchtegkeet an Näischnotz ervirdinn, deenen all Ligen helleg sinn. Bereetwëlleg gi si Matleefer vun engem Astrolog, deen déi sozial Uerdnung zerstéiere wëllt, nom Motto "Wer die richtige Lüge für die Masse hat, wird der König der Welt sein".

Fir dat ze erreeche schwieft deem Stärendeiter e Geheimbond vir, dee vun enger Chaîne vu Bordelle soll finanzéiert ginn. Mat deem Geld solle revolutionär Zelle substantiell ënnerstëtzt ginn, mam Zil, en despotesche Regimm ze etabléieren.

D'Thematik ass nach ëmmer aktuell

Och wann de Roman an den 1920er Jore spillt an 1929 verëffentlecht gouf, ass en haut eemol méi brandaktuell. Den Dekor huet wuel geännert, d'Verhalensmechanisme vum Mënsch sinn awer déi nämmlecht bliwwen. Parallelgesellschaften a Schléifer, wéi ee se hei untrefft, déi op hire Moment waarden, si leider keng Fiktioun.

Eng Handvoll Cingléë plangen eng "Seelenrettung der Menschen, die von der Mechanisierung unserer Kultur in die Erschöpfung getrieben wurden." Lige liwweren d'Prämissen, jo d'Fundament, op deenen hir Versprieche baséieren.

Eng einfach Manipulatioun vun de Mënschen

"Das Übel des Jahrhundert ist das Fehlen einer Religion" konstatéiert den Arlt, an ouni Glawe feelt dem Mënsch e Réckgrat. Wéi liicht glawenshongereg Individuen anzefänke sinn, wéi liicht si manipuléiert kenne ginn, kritt een an dësem Roman op eng grotesk Aart a Weis virun Ae bruecht.

Wou den Arlt et versteet, d'Symptomatik vun der mënschlecher Séil duerzestellen, hir Exzentrik an Ambivalenzen an alle Varianten an Déiften ze beschreiwen, do kann hien ouni Zweiwel mat engem Döblin, mat engem Kafka oder mat engem Dostojewski konkurréieren.

E Rebell an Autodidakt

De Roberto Arlt gouf 1900 zu Buenos Aires gebuer. Scho mat aacht Joer refuséiert hie weider an d'Schoul ze goen, trennt sech fréi vu senger Famill an hält sech laang mat Geleeënheetsaarbechten iwwer Waasser. Als Autodidakt gëtt hie mat 20 Joer säin éischt Buch eraus.

Haut gëllt de Roberto Arlt als Begrënner vum argentinesche Groussstadtroman an als bedeitende Stilist. Besonnesch seng Zeitungskolumnë ginn zu de Klassiker vun der argentinescher Essayistik gezielt. Doriwwer eraus war den Arlt ee vun éischten, deen de Lunfardo literaturfäeg gemaach huet, e Slang vun den ënneschte soziale Schichte vun Awanderer, déi an deene groussen urbane Milieue wéi Buenos Aires, Rosario a Montevideo ufanks vum 20. Joerhonnert geschwat gouf.

Eng messerschaarf Anatom vum Wahn

Dem Arlt seng Wierker loosse sech schwéier anuerdnen. Zu Recht behaapt de Ricardo Piglio, ee vun de wichtegste latäinamerikaneschen Auteuren, deen d'Nowuert fir dëst Buch geschriwwen huet, datt d'Liese beim Arlt an d'Verdame féiert. Dem Arlt seng visionär Qualitéiten a virun allem seng Antizipatioun vun enger Welt, an där d'Ligen den Alldag vergëften, si 77 Joer no sengem Doud erëm brandaktuell.

"Die sieben Irren" ass eng schwéier ze erdroen, awer lucide messerschaarf Anatomie vum Wahn, schreift de Roman Bucheli an der Neue Zürcher Zeitung, an effektiv, et ass dem Arlt, wéi kengem anere gelongen, déi wesentlech Mechanismen, no deenen d'Gesellschaft zu allen Zäite funktionéiert, a sengem Roman un d'Droen ze bréngen. D'Relatioun tëschent der Muecht an der Fiktioun, tëschent Geld a Wahnsinn, ginn d'Grondlage vu senger Erzielstrategie hier.

"Die sieben Irren", eng Anatomie vun der Gesellschaft vu gëschter an net manner vun haut, mol provokant, mol grotesk, mol beängschtegend, soll ee sech trotzdem a grad dowéinst net entgoe loossen.