Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neokonzeptuelle postdekunstruktivistesche Rekonstruktivismus

Roland Quetsch

Neokonzeptuelle postdekunstruktivistesche Rekonstruktivismus

De Roland Quetsch ass kee gewéinleche Moler. Zënter 2000 baut a manipuléiert hie seng eege Supporten. De 37-järege kritiséiert, datt et keng Plaz fir Lëtzebuerger Konscht am Grand-Duché gëtt.

auto_stories

4 min

Foto: Galerie Bernard Ceysson (© Rémi Villaggi)

Dem Roland Quetsch seng Wierker baséieren um Prinzip vun der Konstruktioun an der Fragmentatioun vum Support a vun der Pixel-Kompositioun. Dacks si se esou ausgeriicht, datt se Gruppen forméieren.

Et wär alles zimlech basesch Molerei, erkläert den Artist: "Holzrumme gi mat Stoff bespaant an da kënnt Faarf drop." Markant u senger Aarbecht ass, datt hien e System mat Moduler entwéckelt huet, deen ursprénglech op enger Iddi vu Fragmentatioun vun enger Fläch baséiert huet.

Duerch d'Aarbecht mat dëse Moduler géif eng richteg Fräiheet entstoen: "Ech ka Biller drop molen, ech muss awer net. Ech ka se an de Raum stellen, ech ka se ophänken, ech ka se op de Buedem leeën, ech ka se freckt maachen, ech ka se ganz maachen, ..."

No enger Bezeechnung fir seng Kreatioune gefrot, improviséiert de Roland Quetsch: "Neokonzeptuelle postdekunstruktivistesche Rekonstruktivismus"

Ende Neu

A senge rezente Wierker, déi bis Ufank Mee an der Galerie Bernard Ceysson ausgestallt waren, erkennt een den Equiliber zwëschent Skulptur a Molerei. Verschidden Deeler si matt, anerer blénkeg: Zeie vum Artist sengen Interventiounen un den Tableauen, nodeems se fäerdeg waren.

Bei deenen éischte Wierker wär et einfach gewiescht, seet de Roland Quetsch. "Déi alleréischt ware sou schlecht, datt se hu misse futti goen." Fir sech déi Approche duerno als Method z'appropriéieren, wär méi schwéier gewiescht. Virun allem hätt hien de Feeler gemaach, iwwer e Resultat nozedenken. Et misst een einfach maachen a kucken, wat dobäi erauskënnt.

Kee politesche Message

Och wann de Roland Quetsch sech fir Politik an Aktualitéit interesséiert, wëll hien dat net mat senger Aarbecht verbannen. "Ech si kee Moler dee fënnt, datt hie sech misst politesch engagéieren a senger Aarbecht. Ech sinn zwar mat ganz ville Saachen net averstanen, awer op menger Aarbecht muss net 'Fuck You' dropstoen. Et muss net dropstoen, datt ech vill vun deene Saachen, déi an de Muséeë gewise ginn, net immens fannen."

Lëtzebuerg wier eigentlech eng gutt Plaz fir ze schaffen, esou den Artist. De Virdeel vun engem klenge Land wier, datt ee vill an d'Ausland géing kucken a sech net op eng Plaz géif beschränken.

Keng Plaz fir Lëtzebuerger Konscht

Zu Lëtzebuerg géif de Konschtmilieu wuessen, sou de Roland Quetsch. Dat wier eng Chance. Allerdéngs géif de Kontakt zwëschent dem Public an der Lëtzebuerger Konscht net genuch encouragéiert ginn. Ausser engem klengen Eck am MNHA géif et keng Plaz fir d'Konscht vu Lëtzebeurg, kritiséiert de Roland Quetsch. Just privat Galerië géife spannend Saache weisen, déi um Bols vun der Zäit wären.

Dem Roland Quetsch seng Wierker kann ee vum 25. Juni un um Art2Cure an der Galerie l'Indépendance vun der BIL gesinn. A vum 9. Juli un an der Abbaye Saint André zu Meymac a Frankräich.