Radioen

On air

De Moien  |  José Afonso - Grândola, Vila Morena

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Round-up vun der Berlinale

Berlinale70

Round-up vun der Berlinale

Déi 70. Editioun vun den Internationale Filmfestspiller zu Berlin ass no zéng Deeg eriwwer, d'Biere si verginn. Eng Aschätzung vun eiser Korrespondentin Sarah Pepin.

auto_stories

3 min

Um Potsdamer Platz an der däitscher Haaptstad kéiert elo nees Rou an. E Samschdeg den Owend goufen do am Berlinale Palast d'Biere verginn, de Gëllene Bier fir de beschte Film krut de Film "There is No Evil" vum iranesche Regisseur Mohammad Rasoulof.

Verdéngte Präisser

Ee verdéngte Präis - de Film weist a véier Episoden op ganz ënnerschiddlech a beandrockend Aart a Weis op d'moralesch Verantwortung vun eis Mënschen hin. De Rasoulof behandelt hei d'Doudesstrof am Iran. Hie selwer konnt säi Präis net entgéint huelen, well hien zanter iwwer zwee Joer net aus sengem Heemechtsland dierf ausreesen. Dee schonn dacks zu Cannes ausgezeechente Regisseur ass zanter Joren Opfer vun der iranescher Zensur.

Déi weider Präisser waren u sech all, am Géigesaz zu anere Joren, novollzéibar a verdéngt. Der Paula Beer hir Performance als promouvéiert quasi-mythologesch Historikerin am Christian Petzold sengem moderne Märchen "Undine" war faszinant an intensiv a krut dofir de Präis vun der beschte Schauspillerin. Dëse Präis dierft der Paula Beer hir villverspriechend Karriär nach emol gepuscht hunn, falls dat iwwerhaapt néideg ass. Déi 24-järeg Schauspillerin glänzt zanter Joren op der Leinwand, ënner anerem an der Serie "Bad Banks" oder am François Ozon sengem Film "Frantz".

Och de Präis fir de beschte Schauspiller fir d'Performance vum Elio Germano ass verdéngt. Den Italiener spillt den ausgeschlossene Moler Antonio Ligabue am Giorgio Diritti sengem Film "Volevo Nascondermi" mat enger genialer Force.

Et goufen och Problemer

Mee wann een op de Festival allgemeng kuckt, muss een awer och sou munch Problemer feststellen. Et war keen einfache Start fir den neien Direkterduo Carlo Chatrian a Mariette Rissenbeek. De Coronavirus, d'Attentat zu Hanau, all dat huet d'Festivalatmosphär beaflosst.

Dozou koum de Skandal vum Alfred Bauer am Virfeld vum Festival. Den Alfred Bauer war laangjäregen Direkter vum Festival, no deem och e Präis benannt war. Recherchë vun der Wochenzeitung Die Zeit haten opgedeckt, datt hie méi Nazifonctionnaire war, wéi geduecht.

Ee wotleche Festival

Vun all deem ofgesinn hunn d'Journalisten a Kritiker, mee natierlech och de Public gespaant op d'Filmselektioun gekuckt. Déi grouss Hoffnungen op Erneierung hu sech awer net ganz manifestéiert. Am Géigendeel zu de leschte Jore war manner Hollywood-Glamour an der Competitioun - dofir méi Arthouse-Kino, deen awer och net onbedéngt ëmmer méi iwwerzeegend war.

Iergendwéi gouf et wéineg richteg Begeeschterung, an och wéineg staark Ofneigung. Et kéint een dat Ganzt wotlech nennen, mat vill Filmer, déi zwar gutt Elementer haten, awer net op ganzer Linn iwwerzeege konnten. Beispiller heifir si "Schwesterlein" vun der Stéphanie Chuat a Véronique Reymond an och "Berlin Alexanderplatz" vum Burhan Qurbani.

Eng nei Sektioun

Déi nei kompetitiv Sektioun Encounters fir nei filmesch Erzielweisen hat e puer Bijouen ze bidden, notamment de Film "Gunda" vum Victor Kossakovsky iwwer Schwäin, schwaarz-wäiss, wonnerbar gefilmt an ouni Dialog. Et huet ee sech awer gläichzäiteg och d'Fro gestallt, wéi d'Sektioun Encounters sech dann elo vun de Sektioune Forum oder dem Panorama ënnerscheet, a firwat een iwwerhaapt zwou Competitioune braucht.

En Gros ass de grousse Filmrausch trotz Jubiläumsjoer ausbliwwen - mee déi nächst Editioun kënnt bestëmmt.