Radioen

On air

De Moien  |  Jesca Hoop - Hatred Has A Mother

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ruhrpott meets griichesch Mythologie

Theater

Ruhrpott meets griichesch Mythologie

Léift an Haass, Jalousie a Einsamkeet, Ofhängegkeet a Responsabilitéit ... Relatiounen tëscht Gesëschter hunn d'Literate schonn an der Antik begeeschtert. De Mani Muller an d'Carole Lorang hu sech net just vun der Thematik, mä och vu bedeitende Schrëften aus der Literaturgeschicht inspiréiere gelooss.

auto_stories

3 min

"Miroirs troubles / Dunkle Spiegel" ass e musikalescht Theaterstéck, dat zweesproocheg opgefouert gëtt a seng Première am Kapuzinertheater feiert. Mam Gottfried Kinkel sengem "Ein geistlich Abendlied" ginn d’Geschichten ëm Relatiounen tëschent Geschwëster ageleet. Et ass eent vun de Schubert-Lidder, dat vun der Sopranistin Véronique Nosbaum exzellent interpretéiert gëtt. Dräi Koppelen, dräi ganz ënnerschiddlech Relatiounen a sechs ganz verschidde Perséinlechkeeten. Wou jidderee seng eege Geschicht huet, déi awer ouni de Brudder oder d'Schwëster eng ganz aner wier.

"Et ass en Thema, mat deem vill Leit eppes kënnen ufänken," seet d'Regisseurin vum Stéck Carole Lorang. "Et ass och eng Relatioun, déi ëmmer do ass, egal wéi schlecht oder gutt se ass. Ech verstinn et och e bësse wéi eng Libeserklärung un de Brudder oder d'Schwëster."

Gepräägt vun zwou grousse Kulturen

Zwou Sprooche ginn op der Bühn geschwat, Däitsch a Franséisch. D’Iwwersetzungen an déi aner Sprooch ginn iwwertitelt. Eng logesch a kloer Decisioun, déi net just den Zuschauer entgéintkënnt. Et hätt een de Projet genee mat deene Schauspiller wéilte maachen, a si wieren ebe Francophon a Germanophon. "Dunn hu mer iwwerluecht, wéi mer dat iergendwéi kéinten eranhuelen an de Projet. D'Iddi ass entstanen, datt se all mateneen an engem Haus wunnen. Dat steet wahrscheinlech iergendwou hei bei eis an der Géigend, wou Leit mat verschiddenen Nationalitéiten a verschiddene Sproochen zesumme liewen a sech iergendwéi een deem aneren upassen." Dem Mani Muller a Carole Lorang hir Aarbechte wiere gepräägt vun zwou grousse Kulturen.

De Leander a Lorenz Klee als Kastor a Pollux am Theaterstéck "Miroirs troubles / Dunkle Spiegel" (Foto: Bohumil Kostohryz))

Eng weider Gesëschterkonstellatioun Kastor a Pollux verkierperen an dëser Ëmsetzung Dioskuren. Et sinn zwee Hallefbridder, déi gläichzäiteg och Zwillingsbridder sinn. Beim Zeus war alles méiglech, an dës zäitgenëssesch Interpretatioun ass spannend an originell. Gespillt ginn déi zwou Rolle vum Franz Leander Klee a vum Lorenz Klee, déi och ausserhalb vum Theater Bridder sinn.

Eng Libeserklärung un tëscht Gesëschter

D'Literaturgeschicht ass voll vu Libesbezéiungen tëscht Brudder a Schwëster. Mol gi se méi agepaakt presentéiert, mol voller Passioun an Erotik. D'Leila Schaus an den Ali Esmili spillen d'Rolle vum Isabelle a Pierre. Dat sinn zwee Protagonisten aus dem Melville sengem Roman Pierre ou les Ambiguïtés. Ee Wierk, dat 1852 bei senger Parutioun e regelrechte Skandal ausgeléist huet.

Déi drëtt Kompositioun ass déi vun zwou Schwësteren. Déi eng eng erfollegräich Operesängerin an déi aner eng Fra, déi éischter am Schied steet.

De Spigel am Stéck "Miroirs troubles / Dunkle Spiegel" ass als Metapher fir d'Selbsterkenntnis ze verstoen. An der Literatur ass dësen dacks negativ, onheemlech, voller Rätselen a Geheimnisser duergestallt. Beim Dostojewski a beim Hesse ass de Spigel e relevante Sujet, an och an dësem Stéck huet en eng luguber, onheemlech an awer och entlarwend Roll ...

D'Musek géing och an dësem Theaterstéck eng grouss Roll spillen, seet d'Carole Lorang. "Den Emri huet eng super Aarbecht gemaach. Hien huet all déi Atmosphären an Ambiance verschaaft." D'Equipe ronderëm d'Regisseurin Carole Lorang an dem Regieassistent Francis Schmit huet et fäerdeg bruecht, e kaleidoskopescht Zesummespill tëscht Liicht, Musek, Kostümer, Kuliss, Intellektualitéit, Ënnerhalung, Tragik a Humor an beandrockender Bühnepresenz vun de sechs Charakteren ze schafen.

Zwou Schwësteren an hire Relatioun zueneen (Foto: Bohumil Kostohryz)

Et ass e Stéck, dat sech op ganz vill Niveauen ofspillt. Eng inhaltlech an dramaturgesch Konzentratioun, déi duerch hir expressiv, ronn a stëmmeg Villfältegkeet bal all Sënner fërdert a befriddegt.