Radioen

On air

Notturno  |  Billy Bruner - Sweetness

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Salam": Film suergt scho virun Diffusioun fir Kontroversen

Frankräich

"Salam": Film suergt scho virun Diffusioun fir Kontroversen

A Frankräich huet den Dokumentarfilm "Salam" iwwer d'Rapperin Diam's scho virun der Diffusioun fir Kontroverse gesuergt. D'Pionéierin vum franséische Rap huet ënner hir musikalescher Karriär virun 13 Joer ee Schlussstréch gezunn an ass zum Islam konvertéiert, d'Diam's géif Reklamm fir Salafismus maachen, esou d'Kritik.

auto_stories

3 min

D'Mélanie Georgiades alias Diam's, ass d'Boma vum franséische Rap. Keng Fra beschreift d'Realitéit an de Banlieue esou treffend, wéi si. Hiert Lidd "La Boulette" huet sech 2006 an eist kollektiivt Gediechtnes verfestegt.

D'Diams prangert d'Politik un, ass dobäi dacks visionär. Virun 18 Joer huet si den Text vu Marine geschriwwen, e Lidd iwwer déi rietsextrem Spëtzekandidatin Marine Le Pen.

Zanterdeem huet sech erschreckend wéineg gedoen, ausser datt de Front Nationale zanter fënnef Joer Rassemblement Nationale heescht an datt d'Partei 89 Sëtz an der Assemblée Nationale dobäi krut.

Foto: Black Dynamite BrutX

Der Mélanie Georgiades hiert Talent gouf séier vu lenke Politiker entdeckt. An de Presidentiellen 2007 huet d'Kandidatin vum Parti Socialiste Ségolène Royal op hire Waltreffen d'Lidd "La Boulette" spille gelooss.

Den Debat public war deemools allerdéngs anescht. Zwar gouf schonn zanter dem Jacques Chirac 1995 d'Gettoiséierung vun de Banlieue problematiséiert, ma deemools gouf kaum explizitt iwwer Relioun gestridden.

Am Débat présidentiel tëscht der Ségolène Royal an dem Nicolas Sarkozy war rieds vun Araber, seele vu Moslem. Dat héiert een och an den Texter vun der Diams, wéi am Lidd "Ma France à moi".

Den Islam an der Diskussioun

Am Laf vum Nicolas Sarkozy sengem Mandat huet sech den Discours verschiibt. Ëmmer méi Politiker mengem am Islam eng Gefor ze erkennen, 2012 schéngen d'islamistesch Attentater zu Toulouse hir Thees ze verfestegen. Zanterdeem gëtt a kengem Land an Europa esou vill iwwer Relioun debattéiert wéi a Frankräich.

D'Ironie vun der Geschicht: 2010 konvertéiert d'Diam's no laanger Depressioun zum Islam an zitt sech aus der Ëffentlechkeet zeréck. Dobäi hat si als Zypriotin virdru keng Beréierungspunkte mat der Relioun.

No siwe Joer Funkstëll erschéngt hiren Dokumentarfilm "Salam". Ugekënnegt gouf dës Doku viru knapp zwee Méint mat engem Exklusivinterview vu Brut, wou verschidden Aussoe vum Diam's op Kritik stoussen.

"- Si vos enfants un jour veulent faire de la musique, vous leur dites quoi ?

- Je leur souhaite mieux que ça. Non vraiment, je leur souhaite de se construire sur quelque chose qui les impliquera moins que tout ce qui peut toucher aux passions."

Et feelt u kritescher Distanz

Salam ass en Autoportrait vun enger Rapperin, déi hir rebellesch Vergaangenheet bereit. Vu datt d'Diams gläichzäiteg Regie féiert a Protagonistin ass, feelt et u kritescher Distanz. Déi wier awer néideg gewiescht, fir datt am Film net annerhallef Stonne spirituell gesouert gëtt.

Wéi e Stethoskop moosst déi fréier Rapperin de Bols vun der Gesellschaft wéi keng aner, an dat zanter 20 Joer. Hiren Documentaire weist, datt d'Relioun a Frankräich eng ëmmer méi grouss Roll spillt - virun allem bei deene Jonken.

Sou weist eng rezent Etüd, datt iwwer d'Hallschent vun den 18-34 Joer ale Fransousen u Gott gleewen - d'Tendenz klëmmt. Esou héich ass den Taux zanter 40 Joer net.

D'Relioun, fir méi genau ze sinn den Islam, huet sech a Frankräich an der ëffentlecher Debatt verankert. D'Diam's weist indirekt an hirem Documentaire, datt dat och eng Zäit esou bleiwe wäert.