Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Samuel Hamen - Quallen

Buchkritik

Samuel Hamen - Quallen

"Vielleicht gelingt es ja, der Qualle nicht jedes Mal mit einem Ooh! oder Iih! zu begegnen, sondern ruhig ze bleiben angesichts ihrer ..." schreift de Lëtzebuerger Schrëftsteller Samuel Hamen a sengem neie Buch "Quallen", dat am däitsche Verlag Matthes & Seitz erauskoum. Argumenter fir op den Iih! ze verzichten, gi genuch an dësem Wierk gebueden.

auto_stories

3 min

"Quallen zucken nicht mit Wimpern, sondern mit Tentakeln", beschreift de Samuel Hamen seng wuel éischter onangeneem Renconter mat engem Jelliskapp an enger Vakanz, déi hien als Kand op Korsika verbruecht huet.

Eng Rees an d'Welt vun de Jelliskäpp

No dëser kuerzer perséinlecher Etappe, hëlt de Schrëftsteller eis mat an eng historesch, biologesch a literaresch Welt vun de Jelliskäpp.

Ronn 1.500 klassifizéiert Aarte vu Jelliskäpp ginn et, déi éier se an der wëssenschaftlecher Systematik etabléiert waren, bis an d'18. Joerhonnert eran och "Pulmo Marino", also Long vum Mier genannt gi sinn.

Dës a weider ganz sachlech Informatioune sinn am Samuel Hamen sengem Buch "Quallen" ze liesen.

Natierlech feelt do och net de weideren Numm fir dëst geheimnisvollt Wiesen - Medusa - an dëser hir Geschicht aus der griichescher Mythologie, mee och natierlech an der weiderer Literatur wéi zum Beispill beim Paul Valérie. Hei rifft d'Medusa, ewéi bei munchen anere Männer Fantasie vun der sënnlech-verféierender an awer dämonescher Fra ervir.

E geheimnisvollt Liewewiesen

Et ass nach net allze laang, datt d'Jelliskapp wëssenschaftlech erfuerscht ginn, an esou sinn nach vill Froen onbeäntwert, a mat all dëse Rätsel befaasst sech dann och de Samuel Hamen. Och mat der Fro, wat denke mir iwwer dëst dach geheimnisvollt Liewewiesen, dat keng Long, keen Häerz a kee Gehier huet.

Esou mécht sech den Auteur op d'Rees an aner Kontinenter, wou et dann och méi kulinaresch a medezinesch mam Sujet vun de Jelliskäpp gëtt an déi Approche schonn op den Aristoteles zréckzeféieren ass. Net iwwerall an ëmmer gi mat Jelliskäpp negativ Gefiller associéiert.

Vum Jules Verne, iwwer den Hugo Ball bis d'Sylvia Plath, fir elo just dës ze nennen an nëmmen déi literaresch Ausenanersetzung mat de Jelliskäpp ervirzehiewen, de Samuel Hamen huet hei eng ëmfangräich Recherche hanner sech.

Fazit

Et sinn net just d'Opzielunge vun Nimm, mee sëlleg Zitater beleeë seng Quellen. Et geet vu Poesie bis Science-Fiction, esouguer de Film a BD si vertrueden.

Mee all dat géif u sech net duergoen, fir e besonnesche Portrait ze schafen. Wien dem Samuel Hamen seng Bicher kennt, dee weess, datt hien u sech an der Erzielung, am Roman, bis elo doheem war an dëst Wierk liest ech effektiv wéi e Roman.

Dem Auteur geléngt et all säi Wëssen an eng Form ze bréngen, datt et sech ganz fléissend liest, datt d'Iwwergäng vu reng wëssenschaftlech Punkten op dat Abenteuerlecht, vum Literareschen an dat Perséinlecht ganz elegant sinn - esou elegant wéi d'Beweegunge vun de Jelliskäpp.

Et iwwerrascht op kee Fall, datt déi däitsch Schrëftstellerin Judith Schalansky dëst illustréiert Wierk an hier Rei "Naturkunden" opgeholl huet.