Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Monophona - Elastic (I Do)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Oppen, wéi d'Mier

Kulturhaaptstad 2016

Oppen, wéi d'Mier

"Ongi ertorri" (wëllkomm op Baskesch), sou begréisst San Sebastian seng Visiteuren. Domadder huet et sech awer och schonn mam Affichéiere vum kulturellen a politesche Selbstverständnis op dëser Kräizung tëscht Frankräich, dem Baskeland a Spuenien. Net dat Eegent gëtt an d’Vitrine gestallt, mee dat wat d’Mënsche gemeinsam hunn - keng Trennung, mee Zesummeliewen. Impressioune vun Donostia, wéi d'Basken d'Kulturhaaptstad nennen.

auto_stories

6 min

Eng "Tamborrada" fir d'Ouverture vum Kulturjoer 2016 op der Plage vu San Sebastian (© Aarhus Official 2017)

Wann een iwwert déi laang Promenade laanscht d’Plage deambuléiert an de Capricë vum Atlantik nokuckt oder sech an de klenge Gässele vun der Alstad mat hire pittoresken Bodegas an Tapas-Baren verléiert, brauch ee guer net no iergendwellechen Indicen ze sichen, déi op d’Kulturjoer 2016 hiweisen. Et gëtt keng. Keng nei Kulturgebeier, keng ëffentlech Skulpturen, keng nei Trottoiren oder Stroossen.

„Mir wollten net a Steng investéieren, mee a Mënschen“, seet de Pablo Berástegui, de Chef vun der Fondatioun, déi de Programm vun der europäescher Kulturhaaptstad organiséiert. „Eise But war et vun Ufank un, nei Weeër ze bauen, op deenen d’Mënschen sech kënne begéinen, wou se kënnen openeen duergoen.“

Aus der eegener Geschicht léieren

D’Baskeland huet eng beweegten Geschicht hannert sech, Joren vun Terrorismus a Gewalt, an deenen brutal fir déi politesch Onofhängegkeet gestridde gouf. „Zu San Sebastian sinn an deene Joren méi Mënschen duerch Terrorismus ëmkomm, wéi op iergendeng aner Manéier“, seet de Pablo Berástegui.

D’Organisateure vum Kulturjoer si vun der Prämisse ausgaangen, datt d’Gewalt an all Gesellschaft inhärent ass. De beschte Wee, fir se meeschter ze ginn, ass net d’Géigegewalt, mee den Dialog, d’Versteesdemech.

„Wéi kann d’Kultur d’Mënschen erëm zesummebréngen? Wéi kënne mer iwwert dee Wee ënnerschiddlech Reliounen, ënnerschiddlech politesch Usiichten an den Dialog kréien? Dat ass eisen Thema - d’Kultur schaaft sozial Kohärenz.“ D’Organisateuren gesi sech do ganz an der Traditioun vun der fréierer griichescher Kulturministerin Melina Mercouri, déi d’Iddi vun der europäescher Kulturhaaptstad lancéiert hat: Vun eneen léieren, openee lauschteren, enaner respektéieren.

Dräi Liichttierm

Et versteet sech vum selwen, datt d’Mier am Programm vu San Sebastian 2016 eng wichteg Roll spillt - awer och erëm net am Sënn vun der Réckbesënnung op Zäiten als maritim Festung, wou ee sech géint all Friemes huet misse wieren. D’Mier ass eng Allegori vun der Offenheet, genau esou, wéi ee vun der Plage vu San Sebastian ee wonnerbare Bléck op den Atlantik huet a seng Gedanken iwwer den Horizont eraus zéie loosse kann.

D’Saile vun eisem Programm sinn dräi Liichttierm“, erkläert de Pablo Berástegui. „Si sollen de Wee an eng besser, an eng méi inklusiv Gesellschaft weisen.“ „Evénements phares“ brauch een allerdéngs am Programm net ze sichen. „De Gros vun eise Projeten leeft net op der grousser Bühn, mee a klengen, lokale Strukturen. Et si Programmer, Prozesser, Aktivitéiten mat Mënschen, déi net wëllen am Focus stoen. An esou hu mer eng Balance gesicht, tëscht dësen Aktivitéiten an deene groussen, publikumswierksame Manifestatiounen.“

Nohaltegkeet

Op Silvester 2016 geet dat europäescht Kulturjoer zu San Sebastian op en Enn. Dat ass awer kee wichtege Rendez-vous fir de Chef vun der Fondatioun, de Pablo Berástegui. Och de Start an d’Aventure op Neijoerschdag 2016 keen entscheedenden Datum. „De wichtegen Ament kënnt den 1. Januar 2017 - dat ass fir eis deen eigentlechen Ufank. Da gesi mer, ob eise Som opgeet.“

D’Fondatioun mécht 2017 net hire Buttek zou, si gëtt net opgeléist, mee schafft nach weider bis Dezember 2018. „Mir wëllen déi Projete begleeden, déi mer initiéiert hunn. Wat hu mer 2016 geléiert? Wat bleift vun dësem Experiment?“ Een Experiment, keen Evenement - esou gesinn déi Responsabel d’Kulturjoer 2016 zu San Sebastian.  A wéi an der Fuerschung, soll aus dësem kulturellen Laboratoire eppes Nohalteges, eppes Konkretes entstoen - Kultur, déi d’Mënschen weiderbréngt.

Den Interview vum Guy Engels mam Pablo Berástegui: