Radioen

On air

Notturno  |  The Disliked - Salmon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng traureg Nummer vu Realsatir

Affaire Böhmermann

Eng traureg Nummer vu Realsatir

An Däitschland zitt d’Affaire ëm de Satiriker Jan Böhmermann a säi Gedicht un d’Adress vum tierkeschen President Erdogan ëmmer méi grouss Kreesser. Iwwerdeems de Böhmermann selwer sech zanter Deeg net méi äussert an optrëtt, verstäerkt sech déi ëffentlech Diskussioun ëm de Moderator an d’Fro, wéi wäit Meenungsfräiheet goen kann oder däerf. Hannendrun entwéckelt sech déi ganz Affaire allerdéngs zu engem Politikum.

auto_stories

5 min

"Merkel an Erdogan leeschten sech eng traureg Nummer vu Realsatir, déi an hirer Zilsetzung net méi zweedäiteg a verluge kéint sinn"

"Satire dierf alles", sot de Kurt Tucholsky. An et gëllt och dee schéine Saz, deen dem Voltaire an de Mond geluecht gëtt: "Och wann ech net mat der d’Accord sinn, giff ech mäi Liewe ginn, fir dass de deng Meenung kanns soen." Den Ament erlieft den däitschen Satiriker Jan Böhmermann de prakteschen Nährwäert vun dësen Idealvirstellungen. Do kënnt mer da schonn éischter ee Saz vum Karl Kraus an de Sënn, deen di aktuell Diskussioun an Däitschland wuel éischter beschreift: "​Satir, déi een Zensor versteet, gehéiert zu Recht verbueden".

Den tierkesche President huet déi Satir allem Uschäin no verstan a versicht elo de Satiriker Böhmermann mat alle Mëttel, déi him an Däitschland zur Verfügung stinn, monddout maachen ze loossen. Dobäi ass et wuel mühselig, drun ze erënneren, datt dee selwechten tierkesche President nach virun e puer Wochen däitsche Journalisten un d’Häerz geluecht huet, sech dach wann ech gelift net an intern tierkesch Affairen an ze mëschen.

Trotzdem bereet, d'Meenungsfräiheet ze verdeedegen?

Natierlech kann een iwwert déi sougenannte Schmähkritik vum Jan Böhmermann diskutéieren. Si gehéiert sécher net zu deenen literaresch relevantesten an qualitativ wäertvollsten, wat den däitsche Sproochraum an der lescht ervirbruecht huet. A natierlech kann een och driwwer diskutéieren, ob ee Politiker sech tatsächlech all Méigleches muss oder soll gefale loossen, Meenungs- oder Satirefräiheet hin oder hir.

Wourëms et awer au premier degré emol geet, ass, ob ee grad do wéinst bereet ass, d’Meenungsfräiheet trotzdem a weiderhin ze verdeedegen als eent vun den éischte Grondrechter vun eiser fräier an demokratescher Gesellschaft. Oder ob een et zouléisst, de Gebrauch vun der Meenungsfräiheet staatlechersäits anzeschränken, néierzeknëppelen an hir de Maulkuerf un ze doen, wéi et ebe grad an der Tierkei geschitt a wat eng vun den Ursaachen ass, firwat den EU-Bäitrëtt vun der Tierkei ëmmer nees a Fro gestallt gëtt, eben wéinst deene Wäertvirstellungen.

Een Deal dee net ka platzen

Datt elo iwwer d’Grenzen vun der Meenungs- a Satirefräiheet diskutéiert gëtt, ass u sech kee ganz berouegend Zeechen, virun allem well déi däitsch Bundeskanzlerin et verpasst huet, sech kloer an däitlech virun déi Wäerter ze stellen. Allerdéngs – an dat ass de Punkt – wou déi ganz Affaire am Gaangen ass, an ee Politikum ze rutschen, an deem de Jan Böhmermann um Enn just nach d’Bauernopfer ass: Déi däitsch Bundeskanzlerin huet mam tierkeschen President een Deal, dee net kann platzen, well sech soss den innepoliteschen Drock nach weider verschäerft.

D’Tierkei soll Däitschland an Europa hëllefen, d’Flüchtlingskris ze léisen. Dofir bezilt Europa vill Geld an dofir kritt d’Tierkei Versprieche gemaach. Deen Deal kann an däerf net platzen, a scho guer net, andeems ee Satiriker mat sengen Texter an déi politesch Parade fiert.

Bereet, Wäerter hannerfroen ze loossen

De Satiriker Jan Böhmermann ass zum politeschen Problemfall ginn, doduerch datt hien eppes opgedeckt huet, nämlech – wéi den tierkeschstämmegen Kabarettist Serdar Somuncu dat an der Talkshow beim Anne Will op der ARD beschriwwen huet – datt hien opweist, wou d’Grenz ass tëschent de Standarden, déi mir hei bei eis hunn an deem wat anerer vun eis fuerderen.

Merkel an Erdogan leeschten sech eng traureg Nummer vu Realsatir, déi an hirer Zilsetzung net méi zweedäiteg a verluge kéint sinn a wou d'Bundeskanzlerin bereet ass, Wäerter hannerfroen ze loossen, déi den tierkesche President iwwerhaapt emol net kennt oder wëllt kennen. Dat huet de Jan Böhmermann mat senger Satire offensichtlech gemaach.