Schach huet de Pierre Fattebene duerch Zoufall entdeckt. Hien hat mat sengem Cousin eng Kéier am Schaf gewullt, an do si si op e Schachbriet gestouss. Dat huet si faszinéiert, konnten awer näischt domat ufänken. Eréischt wéi säi Monni heemkoum an d'Figuren opgestallt an erkläert huet, hu si d'Spill verstanen.
Wéi den Diddelenger Schachclub Bréiwer erausgeschéckt huet, huet de Pierre Fattebene sech entscheet, kucken ze goen. Wéi hien do seng zweet Partie gewonnen huet, ass hie beim Schach bliwwen.