Radioen

On air

Resonanzen  |  Vittorio Monti (arr. Markos Destefanos) - Czárdás - Duo Marcanto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schreddermeeschter Banksy

Kultur

Schreddermeeschter Banksy

Dir hat et vläicht matkritt: am Londoner Auktiounshaus Sotheby's hat sech en Tableau vum Streetartist Banksy, just wéi de Verkaf perfekt war, automatesch selwer zerstéiert. Fir d'Bild "Girl with a Balloon", ee vun de berühmtste Banksy-Motiver, hat e Keefer iwwer Telefon 1,2 Milliounen Euro gebueden. Nom Banksy-Coup, de Kënschtler hat e Schredder an de Kader installéiert, kéint de Wäert vum Wierk weider klammen. Grouss Konscht oder Arnaque? Dat wollt d'Kerstin Thalau vum Galerist a Konschtexpert Alex Reding gewuer ginn.

auto_stories

3 min

Kerstin Thalau: Alex Reding, als Galerist sidd Dir quasi e Mediateur tëschent Kënschtler a Keefer, versicht, béid Säiten zefridden ze stellen. An dësem Fall huet e Client d'Bild vun engem Meedche mat Häerzloftballon an engem almoudesche gëllene Kader kaf, an e kritt um Enn haaptsächlech gegrimmelte Pabeier. Huet hien d'Recht op en neie Tableau oder spillen do dem Artist seng Droits d'Auteuren, déi och no enger Vente en Vigueur sinn?

Alex Reding: Dat ass ganz komplex. Do ginn et natierlech och fir de Keefer Schrëtt fir sech zeréckzezéien. Wann ech mech net ieren, ass jo dono nach weider drop gesteet ginn, dat heescht, da wousst jo jiddwereen, wat e keeft.

Deemno wier et jo de Label "Banksy", an dësem Fall d'Aktioun Schredderen, déi de Wäert vum Wierk rekordverdächteg klammen gedoen huet an net d'Qualitéit vun der Molerei?

E Konschtwierk schwätzt iwwer de Branding, deen en ausstraalt, mee och iwwer säi Message, deen e vermëttelt. Dee Message ass hei ee ganz provokanten: E weist der ganzer Welt, op iergendeng Manéier, datt se just nach en Numm kafen, an net méi ee Konschtwierk. Wann ee sech bedenkt, wat dat alles heescht, kéint een dat vläicht als Reflet vun der moderner Gesellschaft gesinn. An deem Fall huet de Banksy och eng Sozialkritik ausgedréckt.

Jo gutt, mee de Banksy mécht dat net fir d'éischt. Do kéinten engem mëttlerweil Zweiwel opkommen: d'Aktioun soll wéi eng Kritik ausgesinn, mee dohannert huet scho virdrun een d'Rechnung gemaach, datt am Idealfall vill Suen dobäi eraussprangen ...?

Lo komme mir bei de Charakter vum Individuum. Dat ass ee ganz anere Sujet. Mënschen hunn alleguer hiren eegene Charakter. Ech kann déi perséinlech Motivatioun net aschätzen. Mee den Akt, deen hie gemaacht huet, ass kritesch opzehuelen an ze verstoen. Ob hie lo méi vum Geld motivéiert ass, oder ob him de Statement méi wichteg ass, dat kann ech Iech net soen.

Wéi bewäert Dir dann d'Performance? Huet se Iech ameséiert?

Jo, ech fannen et lëschteg. Et gi jo nach ganz vill aner Saachen, déi thematiséiert ginn: D'Valeur vun engem Objet, d'Durée vun der Valeur vun engem Objet. Hien huet elo déi Valeur kritt a se an Evidence gestallt, an enger super Show. An hien huet domat eise System op d'Spëtzt gedriwwen. Dat ass ee perfekte Zeenario.

Hand op d'Häerz, respektiv den Häerzballon virum Schredderen: wier de Banksy en Albdram oder e Wonschkandidat fir Iech als Galerist, Alex Reding?

Dee Kënschtler ka keen ideale Kënschtler fir eng Galerie sinn, well hie wëllt keng Galerie. Wann een elo ee Kënschtler huet, deen esou provokant virgeet, da kann dat ëmmer e Problem fir eng Galerie duerstellen. Et gouf scho sou Fäll, wou de Galerist sech dono huet misse mam Client zerklappen, well d'Saachen net esou waren, wéi de Client et erwaart hat. Mee déi Saach mat der Perenitéit vun de Wierker ass haut ganz kloer: Et huet ee Wierker, déi net onbedéngt eng Liewensdauer vun 100 Joer hunn. Dat geet scho bei der Fotografie un, datt een heiansdo gesäit, datt eng Foto no 20 Joer net méi déi selwecht Faarwqualitéit huet. Dat ass eben ee Problem, do muss ee sech dann am Virfeld driwwer verstännegen, mat engem Kontrakt.