Déi meescht Leit géifen aus der Groussregioun kommen: Aus Lëtzebuerg, Frankräich an der Belsch. Aus Däitschland géifen der vill manner kommen, seet d'Kristel Pairoux vum CLAE. Déi meescht wiere Schrëftsteller, déi aus eegene Stécker géife kommen, an déi haaptsächlech fir Widmungen do wieren.
Zesumme mat verschiddenen Organisatioune géif een Treffe mat Schrëftsteller organiséieren, déi aus ville verschiddene Länner kommen, dorënner Italien oder Bosnien.