Radioen

On air

De Moien  |  Daniel Balthasar - Got What You Wanted

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schutz virun der Baussewelt oder Gléck?

Offiziell Kompetitioun

Schutz virun der Baussewelt oder Gléck?

Luguber Atmosphär, schwaarzen Humor a soss Absurditéiten: mat sengem éischte Fiktiounsfilm "The Waiter" reit sech de Steve Krikris an déi bizare griichesch Well à la Yorgos Lanthimos an.

auto_stories

2 min

De Renos (Aris Servetalis), Serveur an enger Patisserie zu Athen, féiert een disziplinéiert, rouegt, einsaamt Liewen. Owes zitt hien sech, vu Gréngs ëmginn, a säin Appartement zeréck. Enges Daags verschwënnt säin Noper. Ee Friemen huet hien ersat. Wat ass mam Noper geschitt?

De griichesche Realisateur Steve Krikris huet, no ongeféier 500 Publicitéiten, hei säin éischte Long-métrage gedréint. Ee Film noir ("clair-obscur"-Ästhetik), deem säi luesen Erzielstil a skurrillen, schwaarzen Humor un d'Coen Brothers (Barton Fink) oder och un den Aki Kaurismäki erënnert. "The Waiter" hëlt sech Zäit, fir eng luguber Atmosphär opzebauen: Zeene gi widderholl a variéiert (wat plazeweis eng gewësse Komik produzéiert), Erwaardunge gi geschaaft...

Ambivalent Konfrontatioun

De Film geet och spuersam mat den Dialogen ëm, um Ecran brauch net all ze vill ze geschéien, villes gëtt nëmmen ugedeit: um Spectateur dann, fir eent an eent zesummen ze zielen... an ze zidderen!

"The Waiter" lieft net zulescht vun der Konfrontatioun tëschent dem Serveur Renos (Aris Servetalis), eng Zort Buster Keaton, dee keng Minn verzitt, egal wat hie grad viru sech um Teller leien huet, an dem ambivalente Friemen (Giannis Stankoglu), deen eng faszinant a geféierlech Präsenz ausstraalt, gläichzäiteg verféiert an Angscht mécht, an de Renos aus senger Reserve lackelt. Déi flott jonk Fra (Chiara Gensini) tëschent den zwee Männer: gemeinsamen Unzéiungspunkt oder Mauer, déi eng latent Homosexualitéit andämmt?

Bizare griichesch Well

Mat "The Waiter" reit sech de Steve Krikris onmëssverständlech an déi bizare Well vu griichesche Realisateuren à la Yorgos Lanthimos, Babis Makridis, a wéi se net all heeschen, an - eng Band vu Kollegen, wou deen een sech och alt emol als Acteur fir deen aneren zur Verfügung stellt.

Griicheland huet an deem leschte Joerzéngt eng Rëtsch Filmer ervir bruecht, an deenen déi sozio-ekonomesch Kris iwwer dat Däischtert, dat Absurd zum Ausdrock kënnt, verschafft gëtt. Virun deem Hannergrond thematiséiert "The Waiter" ënnert anerem d'Schwieregkeet, fir sech aus der Alldagsroutine ze léisen. Eng Routine, déi zwar Schutz virun de Gefore vun der Baussewelt bitt, mee zum Präis vun engem Verzicht op ee méiglecht Gléck.