Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Si hu keng Illusiounen a maache wat se kënnen

Luxfilmfest

Si hu keng Illusiounen a maache wat se kënnen

Ënnert dem Deckmantel vun enger skuriller Kriminalkomedie huet de Chines Geng Jun eng philosophesch Fabel gedréint. "Free and Easy" ass ee kontemplative Film iwwer Mënschen, déi hir Illusioune verluer hunn a maache wat se kënnen. Aus der Haaptkompetitioun vum Luxfilmfest.

auto_stories

3 min

Foto: DR

Eng hallef Doze Männer lafen sech ëmmer erëm an enger verkommener chinesescher Klengstaat iwwert de Wee. De Reesender wëll seng Seefe lassginn, de buddhistesche Mönch freet no Donen, de gleewege Chrëscht sicht no senger vermësstener Mamm, asw. All hu se iergend eppes un de Mann ze bréngen, déi eng schéngen awer méi éierlech ze si wéi déi aner...

"Free and Easy" vum chinesesche Realisateur Geng Jun ass eng Suite vu skurrile Face-à-facen tëschent net manner bizarre Personnagen. Déi treffen an deene verschiddenste Konstellatiounen openeen, mol sinn et der zwee, mol dräi oder méi - Situatiounen um Modus vun der Farce, déi un Aki Kaurismäki-Filmer erënneren.

"Am Fong maache mir dee selwechten Job"

Ugedriwwe gëtt d'Handlung vum de Reesender, dee seng Seefen a Wierklechkeet als Trick benotzt fir d'Leit auszeraiberen. Seng Affer schléifert hien an andeems hien se d'Seefe (véier verschidde Gerëch!) riche léist, ee Modus operandi, deen ëmmer erëm widerholl gëtt. Zwee Poliziste versichen dem Déif op d'Spuer ze kommen.

"Free and easy" ass awer méi wéi nëmmen eng Kriminalkomedie, déi op Slapstick-Elementer setzt. Ënnert der Uewerfläch vun den Ënnerhalungs-Zeenen geet et am Film ëm philosophesch Iwwerleeungen. "Am Fong maache mir jo dee selwechten Job", seet de Reesender zum falsche buddhistesche Mönch. Alle béid si se Gauner, déi d'Leit bedréien.

Grad ewéi de Reesender, dee seng Seefe verkeeft, verkeeft de Mönch seng Relioun - een Opium vum Vollek grad ewéi d'Seef, déi d'Leit aschléifert. Déi éischt Seef verdeelt de Reesender fir näischt, fir Reklamm ze maachen. "Free and easy", fir näischt an einfach.Deen éierlechste vun all deene Personnagë schéngt nach dee mat där spektakulärster Schnëss ze sinn, nämlech den hëllefsbereete gleewege Chrëscht, een naïven, ee gudde Mënsch, deen am Fong näischt ze "verkafen" huet.

Philosophesch Fabel

All déi aner Personnagë sinn dofir net grondschlecht. De Realisateur Geng Jun platzéiert se an een desolaten urbanen Decor. Ass et d'Resultat vun enger Wirtschaftskris, vun enger Pescht, engem Krich? Et ass eng Welt, an där d'Mënsche maache wat se kënnen, se hunn hir Illusioune verluer a wierken hëlleflos (wéi deen ee Personnage, deen dru verzweifelt, datt déi vun him geplanzte Beem ofgeseet a geklaut goufen).

Wa se Béises maachen, dann nëmmen hallefhäerzeg, zum Gudde si si duerchaus fäheg. D'Mënsche pendelen tëschent deem engen an deem anere Pol. Et ass wéi an dëser Slapstick-Zeen, an där e Polizist, an der Mëtt, vezweiwelt versicht, gläichzäiteg zwee Duoe riets a lénks vun him mam Revolver a Schach ze halen, woubäi all Kéiers déi zwee Männer a sengem Réck probéiere fortzelafen.

"Free and easy" ass ee luesen a kontemplative Film, eng philosophesch Fabel, där hire Message sech net onbedéngt direkt erschléisse léisst.