Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Sudden Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Self-hybridations" vun der ORLAN

Kultur

"Self-hybridations" vun der ORLAN

Am Kader vum siwenten Europäesche Mount vun der Fotografie kënnt Dir zu Lëtzebuerg op 16 verschiddene Plaze Fotoausstellunge kucke goen an haaptsächlech Aarbechte vu jonken, nach onbekannten, Talenter entdecken. Mee et ginn Ausnahmen. D'ORLAN, 1947 als Mireille Suzanne Francette Porte op d'Welt komm, huet sech zanter den 1970er an der Konschtwelt etabléiert. D'Kerstin Thalau huet d'Kënschtlerin am Cercle Cité begéint.

auto_stories

3 min

Den European month of photography, kuerz EMOP, ass déi Kéier mat "Bodyfictions", also Geschichten, déi de Kierper zielt, iwwerschriwwen. Den Titel passt bei d'ORLAN wéi eng zweet Haut. Zanter den 1970er steet de Kierper, an zwar hiren eegenen, am Zentrum vun hirem Schafen, thematiséiert si a Peinturen, Skulpturen, Fotoen, Performancen a Videoinstallatiounen déi politesch, reliéis a sozial Pressiounen, deenen eise Kierper ausgesat ass. Zanter 1978 huet si eng ganz Partie plastesch-chirurgesch Agrëff bei sech selwer virhuele gelooss, verschiddener dovunner goufe gefilmt an d'Opname public gemaach, fir op e Recht op d'Verwandlung vum eegene Kierper no eegene Virstellungen ze pochen a sech géint gängeg Schéinheetsidealer ze positionéieren. An zanter Enn der 1990er huet si un der Foto-Serie "Self-hybridations" geschafft, vun där si verschiddener am Cercle Cité presentéiert.

Wat Dir hei gesitt, ass eng Suite vun de "Self-hybridations". Dobäi huet et sech iwwregens ëm postoperativ Aarbechte gehandelt. D'Performances vun den "Opérations chirurgicales" sollte mir en neien Image verschafen, fir datt ech nei Biller schafe kéint. Fir d'"Self-Hybridations" hunn ech Autoportraite vu mir geknipst, an déi mat Mënschekäpp aus fréieren, respektiv aneren, Zivilisatiounen digital kombinéiert, mat präkolumbianeschen zum Beispill. Hei si fir mech déi wichtegst déi mat der Kappdeformatioun. Am Fong huet sech all Gesellschaft dofir interesséiert, wéi ee Kierperen designed. Kappdeformatioune scho bei Babye ware bei etleche Brauch. Dat ass bei de Präkolumbianer, de Maya, den Azteken, den Olmeken esou Usus gewiescht, mee och bei den Egypter a bei den Afrikaner.

Tëscht den "Self-hybridations"-Autoportraite fält en asiatesche Bok a jäizege Faarwen op. Ausgangspunkt dofir waren d'Maske vun der Oper vu Peking. Der ORLAN huet net gefall, datt Fraen do als Kënschtlerinnen net zougelooss sinn. Männer spillen deemno och Fraerollen. Deem wollt d'ORLAN net nëmmen e Masken-Autoportrait entgéint setzen: si huet eng lieweg Foto kreéiert.

Als Kënschtlerin wollt ech aus mengem Wierk erausklammen. Scho fréier hunn ech Aarbechten zum Thema "sortir du cadre" presentéiert. Hei wollt ech elo d'Akrobatik vun der Peking-Oper beherrschen. Dofir hunn ech mäi Kierper scanne gelooss; d'Opnam gouf animéiert, fir datt mäi Kierper capabel wier, all méiglech mënschlech an onmënschlech Beweegungen ze maachen.

De Gros vun de selektionéierten EMOP-Fotokënschtler verziele Bodyfictions ouni Käpp, am Mëttelpunkt steet de Kierper, net de Portrait. Anescht bei der ORLAN, déi sech wënscht, an Zukunft bei hire Fans, hire Sammler - an allen technesch méigleche Verrenkungen - vu Kapp bis Fouss duerch d'Stuff ze sprangen.

E Sammler kann de Peking-Print bei sech un der Mauer hänken hunn, schéi fei brav. Wann en da Kolleege fir en Iessen invitéiert, wëllt e vläicht mäi Konschtwierk weisen, well am Fong huet en net just e Bild, mee och eng ORLAN-Performance doheem. Fir déi ze gesinn, muss e mäi Print einfach mat der Gratis-App "augmente" um Handy scannen. Da gesäit een den Avatar aus dem Bild sprangen a ganz vill Beweegunge maachen. Et kann ee sech mat mengem Avatar fotograféieren an d'Foto, wéi all anere Selfie, ronderëm d'Welt schécken.