Véier Joer laang huet de Realisateur Joe Piscatella de Joshua Wong begleet, dee sech zu Hong Kong als Teenager scho géint d'Supermuecht China positionéiert an et fäerdeg bréngt, massiv Demonstratiounen auszeléisen.
"De Joshua huet 2012 mat Aktivismus ugefaangen a konnt verhënneren, datt China den eegene Schoul-Curriculum och zu Hong Kong imposéiert, deen do als manipulativ gëllt", seet den Jason Y. Ng. Hien ass Schrëftsteller zu Hong Kong an e Personnage am Documentaire "Joshua: Teenager vs. Superpower".
Entwécklung als Studenteleader
De Joshua hätt 2014 dunn eng wichteg Roll während der sougenannter Prabbeli Revolutioun gespillt. "De Film erzielt also d'Geschicht vu senger Entwécklung ass Studenteleader", seet den Jason Y. Ng.
Duerch d'Geschicht vum Joshua versteet een net nëmmen déi grouss politesch Enjeuen tëscht Hong Kong a China. Et erlieft een och op eng ganz perséinlech Manéier den Alldag an d'Dreem vu jonke Leit während den Demonstratiounen, déi fir e puer Wochen Hong Kong op e Stëllstand bruecht hunn. Fir den Jason Y. Ng ass de Film esou staark, well en den Engagement vum Joshua thematiséiert, dee seng Kandheet fir seng Gesellschaft geopfert huet.
Hong Kong wier en ekonomeschen Hub, wou vill Mënsche Sue wéilte verdéngen. Ideologesch Prinzipie wieren dofir keng Prioritéit fir d'Gesellschaft. "Et brauch een also jonk Leit, déi voller Energie an Iddien sinn, fir Theme wéi d'Meenungsfräiheet oder d'allgemengt Wahlrecht erëm an de Fokus ze bréngen." Duerch dem Joshua säin Engagement hätt d'Gesellschaft en neit Bild vun der Jugend kritt.