Radioen

On air

Notturno  |  John Coltrane - My Favorite Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chlamydien, véier Frënn an e Coup Ex-Frëndinnen

Seriekritik

Chlamydien, véier Frënn an e Coup Ex-Frëndinnen

Chlamydien, véier Frënn an e Coup Ex-Frëndinnen. D'Serie "Lovesick" ass net déi Neisten. Mee fir de Moment ass se mat hire positive Vibes op eisen Ecranen zimmlech wëllkomm.

auto_stories

4 min

Laughing out loud, ass en Ausdrock, deen dës Serie vläicht am beschte beschreift. Am Mëttelpunkt steet den Dylan, gespillt vum Johnny Flynn, deen erausfënnt, datt hie Chlamydien huet, eng sexuell iwwerdrobar Krankheet. Hie muss also senge fréiere sexual Partner Bescheed soen, fir datt si sech teste loossen. Wat een am Fong mat enger peinlecher SMS kéint léisen, gëtt fir den Dylan zu enger Rees a seng Vergaangenheet, andeems hien all seng Exe kontaktéiert an deelweis och trëfft.

All Episod besteet also aus eng fréierer Libesgeschicht. Wärend an den Episoden tëschent Vergaangenheet a Géigewaart vum Dylan sengem Liewe geswitcht gëtt, léiert ee seng beschte Frënn kënnen, mat deenen hien zu deem Zäitpunkt an der Story och zesumme wunnt. Déi Véier ginn duerch déck an dënn an erliewe Parallel zum Dylan hir eege Bezéiungsdramen.

De Luke ass en notoresche Fraenheld, wärend den Angus eng Hex bestuet huet. Am Chaos vun deem Ganzen ass dann nach d'Evie, bei deem ee sech heiansdo freet, firwat hatt nëmme mat deenen deels egoisteschen an awer haaptsächlech verluerene Jonge befrënnt ass?

Mee sou ass dat ebe mat Frënn, et versicht ee si esou ze huelen, wéi si sinn. Betounung op versicht. Well hir Frëndschaften zesumme mat hire Liebschaften duerch een Déif an Héich nom anere wanderen. Dat flott dobäi ass, datt de Spectateur sech zeréckleeën, an deem ganze Gefills wéi och Frëndschaftschaos nokucke kann. D'Personnagë sinn dobäi herrlech iwwerspëtzt, natierlech net ze vill, ebe just gekonnt dezent, fir datt een hir Situatioun novollzéie kann.

Ze betounen ass, datt et sech net ëm eng Sitcom handelt. D'Charakteren an der Serie "Lovesick" ginn do schonn e bësse méi déif a weisen net nëmmen hir witzeg Säit. Wat si duerchliewe sinn d'Clichéën, déi all Persoun Mëtt Zwanzeg bis Mëtt Drësseg esou aus dem Dating Djungel kënnt.

Konstant Weiderentwécklung

Et ass eng englesch Serie, déi op verschiddene Plaze ronderëm Glasgow gedréit ass. De schottesche Liewensstil kënnt net wierklech eraus, dofir ass dee méi dréchene britteschen Humor awer present. Datt och vill ausserhalb vum Studio gedréit gouf, gëtt den Acteure méi Handlungsméiglechkeeten, domadder och méi Authentizitéit. De Produzent an Auteur vu "Lovesick" ass och keen Onbekannten. Hien huet als lescht de Skript vum Film "Judy", de Biopic iwwer d'Judy Garland, geschriwwen an huet och fläisseg bei der Serie "The Crown" matgeschriwwen.

D'Serie "Lovesick" kritt et virun allem hin, och iwwer déi dräi Staffelen net u Sympathie an Dynamik ze verléieren. D'Charaktere gewannen un Déift, andeems een hir Geschicht besser kenneléiert (all Episod ass jo e Sprong an hir Geschicht), wärend hir Geschicht sech an der Géigewaart weiderentwéckelt. Wat komplizéiert kléngt, ass clever geléist a funktionéiert gutt.

D'Schauspiller, déi och all an der Serie "Misfits" matgespillt hunn, droen hir ënnerschiddlech Rolle wonnerbar. Schlussendlech spille si mat enger Rei vu Klischeeën, vermëschen se, léise sech dovunner a falen dann erëm voll dran. Dës Mëschung tëschent engersäits witzegen Handlungen, anerersäits extrem mënschlechen Theeme wéi Léift a Frëndschaft, si gutt duergestallt unhand vun den eenzele Charakteren.

Aus männlecher Perspektiv

En Zitat aus dem Dylan senger Roll beschreift et ganz gutt: "Finding love is all heartbreak, disappointment and misery until it isn't any more." Et ass engersäits tragesch, ustrengend, éierlech an awer och witzeg.

Wien iwwer den Humor ewech kuckt kann och gesinn, datt et an dëser Serie vill ëm de männleche Point de Vue vum Verléift si geet. Wat interessant ass, well déi meescht Häerzschmäerz-Serië gréisstendeels duerch de rosa Brëll vu Frae kucken. Hei steet awer e jonke Mann mat zimmlech ville Gefiller am Mëttelpunkt. Endlech emol! An hie gëtt natierlech net eens, sou wéi all Mënsch eben. Mee de Mann kann och sensibel a romantesch sinn.

Dëst klengt elo definitiv enger renger Frae-Serie. Mee den Dylan an déi aner Charaktere si keng Männer vun deenen ee schwäermt. Si sinn net iwwerdriwwe sexy oder muskuléis. A si di sech genee sou schwéier wéi mir all och. A genee dat ass et, wat agreabel ass. Natierlech ass et liicht iwwerspëtzt, mee am Fong hu mer scho bal alleguerten déi selwecht Feeler gemaach op der Sich no Léift a beim Fair si mat eise Frënn. Iwwregens och de Luke, dee virdru genannte Fraenheld. Mee schlussendlech stécht een entweder de Kapp an de Sand, oder et versicht een d'Saachen ze huelen, wéi se sinn, an am beschte laacht een doriwwer