Radioen

On air

Notturno  |  15 15 - Perfect Heaven

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sérotonine: Sou just um liewe gehal

Sérotonine - Michel Houellebecq

Sérotonine: Sou just um liewe gehal

Dat neit Wierk vum franséische Polemikauteur Michel Houellebecq ass eng batter Pëll fir ze schlécken. A sengem kalen, distanten Toun beschreift de Michel Houellebecq eng Gesellschaft ënner Antidepresseuren. Misanthropie an Depressioun sinn esou glécklech zesummen, wéi nach ni. Eng Rezensioun vum Ben Dratwicki.

auto_stories

4 min

Serotonin ass am allgemenge Sproochgebrauch e Gléckshormon, dat e berouegenden Effekt huet. Mangel u Serotonin féiert direkt zur Depressioun. "Sérotonine" ass och den Numm vum Houellebecq sengem neie Wierk. Domat ass dann och schonn den Toun uginn. Et annoncéiert näischt Guddes, um individuelle wéi och um kollektiven Niveau.

"Sérotonine" ass d'Geschicht vum Florent-Claude. En Numm, esou banal, datt en eenzegaarteg ass. Hie schafft beim Ministère de l'Agriculture a fir de Rescht ass hie just do. D'Liewe gesäit hien als eng "Ureiung vu Formalitéiten". Nëmmen an Hotelle lungert hien. En Tourist malgré lui. Zu de Fraen, dem Sex an der Léift huet hien och kee Bezuch. De Florent-Claude ass just Beobachter, an déi Distanz mierken ech als Lieser och. Beréiert sinn ech net wierklech, éischter gelangweilt.

"Bal wéi eng Zort Konfessioun"

Auteur an Erzieler soll een trennen. An awer kennt eis hanner dem Florent-Claude senge Parolen dem Houellebecq seng Gestalt an de Kapp. Genee wéi säi Protagonist huet hien am Ministère de l'Agriculture geschafft an Depressioun ass him och kee frieme Begrëff. Och stéisst een op déi eng oder aner déifgrënneg Digressioun iwwer de Proust, den Thomas Mann oder den Arthur Conan-Doyle.

"Sérotonine" huet eppes Intimes, d'Geschicht ass immanent mam Auteur verbonnen, bal wéi eng Zort Konfessioun. E battere Bäigeschmaach provozéiert och dem Florent-Claude seng eng oder aner reaktionär Remark. Mee bon, déi zwee provozéieren och gär.

Wann een d'Press ronderëm d'Buch liest ass kloer, wou de Schockeffekt ass. An de Rezensiounen ass rieds vu Sodomie, Zoophilie a Pedophilie. Et kéint ee mengen, et hätt een et mat Wolf of Wall Street ze dinn. Dobäi resonnéieren d'Schockmomenter an e bësse méi subtille Momenter. Sou zum Beispill, wann e Bauer sech während enger Manifestatioun d'Kugel gëtt, well de Marché et him net erlaabt ze iwwerliewen. Schockant ass och dem Protagonist seng Opfaassung vun der Léift.

Erzielstil: Kal, indifferent an distant

Léift, esou de Florent-Claude, si seng Elteren an hiren Duebelsuizid an hirem Bett. E Medikament mécht do d'Affär. Eng Koppel gëtt getrennt ënner Péng a Konvulsiounen.

Kal, indifferent an distant. Wéi e Rapport ass dem Houellebecq säin Toun. Schéi kléngt et net. Den Houellebecq huet e Stil, deen den Toun trefft. Ëmsou méi staark sinn déi Momenter, an deenen eis net nëmmen d'Evenement schockéiert, mee grad de banalen Toun, an deem en erzielt gëtt.

Serotonin huet e berouegenden Effekt, jo souguer betäubend, kann ee soen. Dat ass och den Dauerzoustand vum Erzieler, vun der Gesellschaft an och vum Stil. Eng Revolt ass net méiglech. Resignéiert hellt een alles hin. De Sublime fënnt een néierens. Den Houellebecq sot eng Kéier seng gréissten Ambitioun wier et, e fetten, langweilege Schmöker ze schreiwen. E Schmöker ass "Sérotonine" net, langweileg awer op alle Fall. An dat soen ech hei als Kompliment.