Radioen

On air

Notturno  |  4s - Amsterdam

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Si hate verstanen, wéi gëeent si waren"

Een Thema, e Buch

"Si hate verstanen, wéi gëeent si waren"

Et ass d'Geschicht vun enger Revolt géint déi onmënschlech kapitalistesch Ausbeutung: dem japanesche Schrëftsteller Kobayashi Takiji säi proletaresche Klassiker "Le Bateau-usine" vun 1929 ass ëmmer nach héich-aktuell.

auto_stories

8 min

''Les bateaux-usines étaient équipés de huit chaloupes de pêche. Au péril de leur vie, les hommes durent arrimer solidement ces embarcations pour les protéger des crocs blancs de la mer, menaçants comme ceux de milliers de requins.

'"Que valent un ou deux gars de votre espèce ? Mais vous avisez pas de perdre ne serait-ce qu'une chaloupe ! Hors de question ! " Les propos de l'intendant avaient le mérite d'être sans ambiguïté...''

Den Hakkô-maru hat den Hafe vun Hakodate, op der japanescher Insel Hokkaido, verlooss a Richtung Norden. D'Schëff, mat senge 400 Mann u Bord, ass méintelaang am Mier vun Okhotsk ënnerwee, tëschent Ostsibirien, der russescher Hallef-Insel Kamtschatka, de Kurilen an der Insel Sakhalin, fir do ënner extreme Wiederkonditioune Krabben ze fëschen. Well een sech no un de russesche Gewässer an ëmstriddenen Territoirë beweegt, gëtt déi kommerziell Missioun vun engem Kampfschëff vun der japanescher Marinn begleet...

Onmënschlech Konditiounen

1929, am Alter vun nëmme 26 Joer, hat de Kobayashi Takiji ''Le Bateau-usine'' (Originaltitel : Kani kôsen) verëffentlecht. De Roman liwwert eng präzis a realistesch Beschreiwung vun den onmënschleche Konditiounen, deenen d'Aarbechter an d'Fëscher deemools a Japan ausgesat waren - eng Realitéit, déi duerch eng Biller- a Metaphere-räich Sprooch ëmsou méi gräifbar gëtt. Gläichzäiteg ass et d'Geschicht vun enger Revolt, zu deenen dës grujeleg Bedéngungen a virun allem d'Bewosstsi vun der Ausbeutung lues a lues gefouert hunn...

''Dans la pénombre, des hommes grouillaient comme des porcs. A l'odeur aussi, une odeur à faire vomir, on se serait cru dans une soue.

" Ce que ça pue !

- Bah, c'est notre odeur, voyons ! Qu'est-ce que tu crois ! C'est l'odeur de la charogne ! "

D'Mënschen u Bord vum Hakkô-maru ginn net seele mat Déieren, mat Insekte verglach :

''Le dortoir tout entier était un immense " merdier ". Dans les couchettes, des êtres humains fourmillaient comme des asticots.'

(...)

Les êtres humains confinés dans cet endroit, grelottant de tous leurs membres, avaient l'impression d'avoir été confondus avec des saumons et jetés par erreur dans les chambres réfrigérées.''

Ausbeutung op engem geféierleche Wrack

D'Krabben, déi am äiskale Mier gefëscht goufen, ginn um Schëff selwer traitéiert : d'Fleesch gëtt aus de Schuele geholl an a Konserve verpak. Den Hakkô-maru, ee Schëff, eng Fabrick, e ''bateau-usine''... a Wierklechkeet e risegt Wrack, eent vu villen, déi d'Patrone fir en Apel an e Stéck Brout opkaaft hunn, hinnen awer ganz grouss Profitter erméiglechen. Am Roman ginn dës Schëffswracke mat Prostituéierter verglach, déi hir Syphilis ënnert enger décker Couche Schmink verstoppen... Anescht ewéi um Festland, wou d'Gewerkschaften trotz der Repressioun aktiv waren, haten d'Aarbechter op deene Schëffer net vill ze radetten :

'' Les bateaux-usines étaient des " usines " avant d'être des " navires ". La loi sur la navigation ne s'y appliquait donc pas. (...) Et puis, si les bateaux-usines étaient bel et bien des " usines ", ils échappaient cependant aussi à la loi sur les établissements industriels. Formidable ! On pouvait tout y faire à sa guise.''

Krabben am Nordmier fëschen ass u sech schonn eng haart Aarbecht, an et ass kal. Si hu sech jo fräiwëlleg gemellt... tjo fräiwëlleg... vill vun hinne sinn aarm Baueren, oder kommen aus der Minn, wat huet een do scho fir e Choix... :

''c'est comme à la mine, ici ! Toujours vivre en s'disant qu'on va crever. J'avais la trouille du grisou, mais les vagues, ça fout la trouille aussi.''

Mee dat Schlëmmst ass vläicht d'Aart a Weis, wéi d'Fëscher an d'Aarbechter u Bord vun de Cheffe behandelt ginn. Wéi Sklave gi si gedriwwen, fir ze schaffen, bis se ëmfalen. Dee Schlëmmsten ass de verhaassten Intendant, den Asakawa, deen eenzegen, deen iwwerhaapt am Roman een Numm dréit, d'Männer bleiwen dogéint anonym, wéi wa se keng richteg Mënsche wieren, just eng Mass, mat där ee ka maache wat ee wëll, Männer déi ee ka pisaken, déi ee ka schloen, déi een auspresse ka wéi Zitrounen... Hei war déi brutal Logik vum Kapitalismus um Wierk...

"Une noble mission dont dépend le destin de notre Empire"

De Kapitän, de versoffene Kapitän, deen huet näischt ze soen. Den arroganten Asakawa, de Vertrieder vum Patron, ass de wierkleche Meeschter um Schëff, deen d'Männer ënner Kontroll hält, andeems hien Angscht verbreet, d'Matrousen an d'Aarbechter géinteneen ausspillt, an dann op de Patriotismus setzt :

''C'est une affaire de la plus haute importance pour les relations internationales... Il s'agit de montrer qui est le plus fort : le peuple du Grand Empire nippon, ou les Russkoffs. C'est un duel entre eux et nous ! (...) C'est au nom d'une noble mission dont dépend le destin de notre Empire que nous partons braver les vagues des mers du nord, au péril de notre vie. (...) Alors s'il y en a parmi vous pour se mettre en tête d'imiter les Russkoffs comme c'est la mode en ce moment, s'il y en a qui soutiennent des idées tordues, ceux- là seront bien sûr considérés comme des traîtres à la patrie.''

Vill vun de Männer loossen sech nach vun esou Sonndesriede beandrocken. Mee d'Roserei op den Asakawa gëtt ëmmer méi grouss. Ee Warnsignal vun engem weidere ''bateau-usine'', deen am Gaang ass ënner ze goen, ignoréiert den Intendant - keng Zäit ze verléieren, d'Assurancë-Primm bréngt vill méi wéi d'Rettung vun deem Wrack, an déi honnerte Mënschen u Bord sinn him souwisou näischt wäert...

''D'épuisement ou de brimades, " ils en crèveraient " de toute façon. Ils étaient tous arrivés à cette conclusion.''

Kontakt mat de Russen

Entscheedend ass d'Erliefnis vun engem klenge Grupp vu Fëscher, déi ee Moment mat hirem Boot verschwonne waren. Si goufe virun der Küst vu Russe gerett. Zeréck um ''bateau-usine'' erzielen si hire Komeroden, wéi dës Renconter verlaf ass, wéi e Chines an engem gebrachene Japanesch tëschent hinnen an de Russe vermëttelt huet :

''Eh bien oui, les Russes étaient aussi des êtres humains !'

"Gens qui travaillent, comme ça. Gens qui travaillent pas, comme ça." L'homme répétait son manège. "Comme ça, pas bien. Gens qui travaillent, comme ça. (Et là, au contraire, il bombe le torse d'un air fier.) Gens qui travaillent pas, comme ça. (Il imite un vieux mendiant). Ça, c'est bien. - Comprendre ? La Russie, ici. Que des gens qui travaillent. Que des gens qui travaillent, comme ça. (Il bombe le torse.) Dans Russie, gens qui travaillent pas, il y a pas. Gens pas honnêtes, il y a pas. Gens qui tuer nous, il y a pas. Comprendre ? Russie pas du tout pays qui fait peur. Ils tous disent mensonges.''

D'Handlung vum Roman spillt Enn den 1920er Joren, also nëmmen ee Joerzéngt no der russescher Revolutioun vun 1917, d'Sowjet-Unioun war nach am Opbau, ier de Stalin eng aner, méi radikal Richtung ageschloen huet...

Proletaresch Literatur a Japan

De Kobayashi Takiji war den Haaptvertrieder vum proletaresche Courant an der japanescher Literatur. Mat sengem Roman ''Le Bateau-usine'' huet hien e Meilesteen gesat. De Roman huet seng Sprengkraaft bis haut a Japan bäibehalen. An engem Nowuert vun der Ausgab vum franséischen Allia-Verlag erkläert d'Iwwersetzerin Evelyne Lesigne-Audoly, wéi ''Le Bateau-usine'' 2008 a Japan nei entdeckt gouf a sech séier zu engem Bestseller entwéckelt huet : no engem wirtschaftleche Boom, deen e puer Joerzéngten ugehalen hat, koum d'Erniichteren : Working poors, Prekaritéit, Sans abrien... D'Japaner si mat der anerer Säit vun der Medaile konfrontéiert ginn. Ee Roman, deen 80 Joer virdrun erauskoum, war op eemol erëm héich aktuell. Säin Auteur ass eng Ikon ginn.

Wéinst der brutaler Repressioun vu politeschem Widderstand war d'Literatur am Japan vun den 20er Joren trotz der Zensur deen eenzegen Terrain, wou een nach relativ fräi konnt politesch aktiv sinn, schreift d'Evelyne Lesigne-Audoly. De Kobayashi Takiji war vu Schrëftsteller wéi dem belsche Nobelpräisdréier Maurice Maeterlinck, dem franséische Kommunist Henri Barbusse oder dem Karl Marx beaflosst. Mëtt den 20er Joren hat hie seng éischt Romaner publizéiert, mat Succès. 1929 hat hie mat ''Le Bateau-usine'' den Héichpunkt vu senger Karriär erreecht.

Mee de Präis fir säi literarescht Engagement war héich : 1930 war de Kobayashi zweemol an de Prisong komm. Den 20. Februar 1933 da gouf hie vun der politescher Police verhaft, zu Tokyo an e Prisong bruecht, an do gefoltert. De selwechten Owend nach war hien am Alter vun nëmmen 29 Joer gestuerwen... Esouguer am Ausland hat dem Kobayashi Takiji säin Dout fir Opreegung gesuergt, virun allem an der kommunistescher Press.

Opruff zur Revolt

De Roman, mat deem hie sollt berühmt ginn, ass en Opruff zur kollektiver Solidaritéit, zur Revolt. Déi ausgebeuten Aarbechter sollten sech hirer Kraaft bewosst ginn, wéi dee Fëscher, deen et op eemol gewot hat, sengem Chef ze äntweren :

''Pourtant, ce pêcheur qui n'avait jamais appris qu'à obéir avait d'abord refoulé cette force. Il n'avait pas encore compris que c'était précisément sa propre force.

" Est-ce qu'on aurait pu dire la même chose, nous autres ? " Progressivement, ils prenaient conscience que oui, ils auraient pu.

Une fois qu'ils avaient compris cela, ils se laissaient envahir par l'envie de révolte qui désormais les fascinait singulièrement. Toutes les souffrances endurées, les conditions de travail inhumaines, tout ce qu'ils avaient accepté si longtemps se révélait le plus fertile terreau pour leurs nouveaux sentiments.''

Keng Mass vun anonymmen Aarbechter méi, mee ee kollektiven Held, dee säi Schicksal selwer bestëmmt!