Fraerechter Si verdeedegen eis Fräiheeten

Zanter dem Krich a Bosnien-Herzegowina setzt sech d'Jadranka Milicevic fir d'Rechter vun de Fraen an. De ganze Balkan ass d'Gebitt vun der Aktivistin, déi zesumme mat aner Fraen eng Rei Organisatiounen an Haiser opgebaut huet. Elo war si och zu Lëtzebuerg am Kader vum 30. Gebuertsdag vum Prix Sakharov, dee vum Europaparlament u Mënsche vergi gëtt, déi sech fir Mënscherechter asetzen.

Valerija Berdi / cbi

Jadranka Milicevic
D'Jadranka Milicevic

Zanter 1988 zeechent d'Europaparlament Persounen oder Organisatiounen aus, déi sech géint Ongerechtegkeet, Oppressioun an Intolerant asetzen. Dëst Joer gëtt am Kader vun dësem Präis, mam Numm Prix Sakharov, eng Ausstellung an der Abtei Neimënster gewisen, déi d'Aarbecht vu véier Verdeedeger vun de Mënscherechter weist. Eng vun de Personnagen, deenen hiert Engagement fotografesch festgehalen an hei gewise gëtt, ass d'Jadranka Milicevic.

En zweet Liewen

Hiert zweet Liewen hätt am Juni 1992 ugefaangen, seet déi 61-järeg engagéiert Feministin. Si hätt ëmmer de Geck gemaach, an hirer Biographie géif stoen: Gebuer, gelieft a gestuerwen ze Sarajevo. Mee d'Liewe géif engem aner Pläng kreéieren a bei der Jadranka Milicevic war dësen anere Liewensplang net erwënscht.

Am Fréijoer 1992 ass hier Stad ënner permanentem Beschoss. Hiert normaalt Liewen, wéi dat vun dausende weidere Mënschen hëlt en Enn, zielt si:

"Mat Hëllef vun eise Frënn an der Famill, krut ech d'Méiglechkeet Sarajevo ze verloossen, an déi eenzeg Sortie war Richtung Belgrad, well ech jo Jadranka Milicevic heeschen. An esou hunn ech am Juni 1992 mat mengen zwee Kanner, mat der Nopescht a Frëndinne Sarajevo verlooss a mäi Mann a mäi Papp sinn do bliwwen."

D'Wichtegkeet, aktiv ze ginn

D'Jadranka Milicevic wollt sech awer net hirem Schicksal fügen an et war hier immens wichteg, schonn aus Scholdgefiller hirer Famill géigeniwwer, aktiv ze ginn. Sou huet si sech der anti-militaristescher a feministescher Organisatioun "Fraen a Schwaarz" ugeschloss, déi nach haut eng wichteg Stëmm um Balkan sinn.

"Déi wichtegst Aktivitéit war fir mech all Mëttwoch, schwaarz ugedoen an ouni ze schwätzen, mat Plakater op der Plaz vun der Republik ze setzen a géint de Regimm vum Milosevic ze protestéieren. Dat huet mir d'Kraaft ginn, dat alles z'iwwerliewen. An deenen dräi an hallwem Joer hu mir awer och a Flüchtlingscampe geschafft, et si Fraen aus dem Ausland och komm, esou hu mer en Netzwierk opgebaut. Ech hat an där Zäit och Problemer mat der Police, grad wéi meng Kolleginnen. Dir wësst jo selwer, d'"Fraen a Schwaarz" waren net grad beléift an där Zäit, sinn et och haut nach net, also ech menge beim Regime. Mee ech hunn ëmmer gesot, ech ginn zréck op Sarajevo an dat ass och 1996 geschitt, nodeems Dayton ënnerschriwwe war."

Et war awer och net einfach zu Sarajevo erëm Fouss ze faassen. Wéinst hirem serbeschen Numm huet si hier Aarbecht net méi erëm kritt, obwuel si sech kloer fir de Fridden agesat huet. Mee dat hätt keen interesséiert, just wat um Pabeier steet wier relevant, erzielt d'Jadranka Milicevic. Aus deem Gronn wier fir si eben eng solidaresch Aarbecht ausserhalb vum nationalen a reliéise Gedanke wichteg. Si wëll dat Positiivt weiderginn, wat si selwer erfueren huet:

"A ville Momenter war et guer net einfach an dann denks du, d'Liewen stellt der esou Obstakelen an de Wee, do kënns du net weider. Mee wann s du weess, datt s du en Ëmfeld hues, dee Saachen ännere kann an an déi Richtung schaffs, da kënns du och virun."

Eng staark lokal Vernetzung

Care international ass eng Organisatioun, déi 1945 an den USA entstanen ass an zanter den 90er Joren och um Balkan agéiert. d'Zil ass déi sozio-ekonomesch Inclusioun vu Fraen, hei mam Fokus op Romafraen. Lokal Organisatioune si matenee staark vernetzt an et ass virun all déi ländlech Gebidder, déi um Balkan viséiert sinn.

"Mir hunn elo a Bosnien, Serbien a Montenegro gesetzlech festgehalen, datt d'Grondausbildung garantéiert ass. Mee ech hunn d'Zuelen an d'Statistiken, déi weisen, datt Romameedercher d'Schoulausbildung ofbriechen. Da gëtt gesot, dat ass, well se sech sou jonk bestueden. Jo, si bestuede sech jonk, mee d'Ursaach ass, datt bewosst net an d'Bildung vu weiblecher Kanner investéiert gëtt. A wat ass dann hiert Liewe laang? E soziale Fall. Ouni Grondausbildung kanns du jo mol net méi Botzfra ginn. Mir hunn déi Stereotyppen, déi sech vu Generatioun ze Generatioun widderhuelen an dofir hu mer, wann ech soe muss, déi schwéier Situatioun."

Virun allem a Bosnien wier d'Situatioun schwiereg, konstatéiert d'Jadranka Milicevic, mee duerch d'Opklärung géif vill beweegt ginn. Am fréiere Jugoslawien wier et méi einfach gewiescht. Elo musse Fraen sech erem hier Rechter nei erkämpfen.

"Et ass weiderhin e patriarchalesche System, mee déi nei Generatioun vu Männer a Fraen ass besser, Si froen no Workshops mam Thema Feminismus, sinn um neie Wëssen interesséiert, och un internationale Stipendien a Volontariat. Mir ënnerstëtzen dat alles, haaptsaach si bilden sech weider, well et gëllt fir eis all, de gréissten Obstakel bei der Aarbecht ass d'Onwëssen."

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Jean-Claude Juncker, Borut Pahor
EU-Erweiderung

Slowenien a Kroatien si sech net eens iwwert d'Grenz am Waasser. De Sträit kéint de Bäitrëtt vu weidere Balkanlänner blockéieren. D'EU-Kommissioun soll elo als Mediateur optrieden.

Labina Mitevska.JPG
Cineast

Interview mat der mazedonescher Actrice a Produzentin Labina Mitevska iwwert d'Macho-Kultur, d'Fraen, d'Gewalt, déi ethnesch Tensiounen an déi politesch Zukunft am Balkanstaat Mazedonien.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

  • Une nouvelle application mobile « radio 100,7 »

    radio 100,7 vient de lancer sa nouvelle application pour appareils mobiles. L'appli, simple à installer et facile à utiliser, permet d'écouter le programme de la radio 100,7 en direct et en différé en puisant dans la médiathèque de la radio. 

  • Yann Logelin, nouveau chef de la programmation à radio 100,7

    radio 100,7 annonce la nomination de M. Yann Logelin au poste de chef de la programmation. Yann Logelin prendra le relais de M Claude Mangen qui, après 25 ans à ce poste, assumera la direction du Mierscher Kulturhaus à partir du 1er novembre 2018.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen