Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Fell Runner - Come Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Singin' in the Rain" nach ëmmer aktuell a relevant

Legend Gene Kelly

"Singin' in the Rain" nach ëmmer aktuell a relevant

Den Dänzer a Choreograph Gene Kelly huet bis haut e groussen Impakt op Hollywood. Dat gëtt duerch de Succès vu "La La Land" nees däitlech. Seng Wittfra Patricia Ward Kelly erënnert och zu Lëtzebuerg un den Artist.

auto_stories

4 min

An hirer One-Woman-Show "Gene Kelly: The Legacy" zeechent d'Patricia Ward Kelly e Portrait vun hirem verstuerwene Mann. Si benotzt dofir Film-Extraiten, Toundokumenter, an hir eegen Erënnerungen. 2012 hat si dës Manifestatioun fir de Centenaire vum Gene Kelly eng éischte Kéier kreéiert, an ass domat zënterhier op enger erfollegräicher Welttournée.

D'Patricia Ward Kelly huet als ganz jonk Fra fir d'amerikanesch Televisioun geschafft. Den Gene Kelly hat si 1985 bei enger Sendung kennegeléiert. Si gouf seng Biographin a mat him bestuet. Zënter sengem Doud geréiert si d'Gene Kelly Archiven. An doraus kënnt vill Material fir hire Spektakel.

Dee beschreift si als eng intim Rees a säi kreative Prozess. "An dat wat hien inspiréiert huet, wat hien ugedriwwen huet. Wéi hie seng Nummere geschaf huet, a wéi radikal a revolutionär se waren."

Gene Kelly-Referenzen a "La La Land"

Dem Damien Chazelle säi Film "La La Land", dee voller Referenzen u Filmer mam Gene Kelly stécht, huet momentan grousse Succès. Dofir ass et grad elo derwäert, den Gene Kelly z'entdecken oder erëm z'entdecken. D'Patricia Ward Kelly war un der Kreatioun vu "La La Land" bedeelegt. Si hat den Damien Chazelle kenne geleiert, wéi hien de Projet an Ugrëff geholl hat. Si huet hien invitéiert, sech hir Archiven dach mol ukucken ze kommen.

"Hien, de Ryan Gosling, d'Emma Stone an d'Choreografin Mandy Moore koume fir z'iessen. An duerno hu si eng zimlech laang Zäit an den Archive verbruecht." Virun allem d'Choreographin wier vun den Note begeeschtert gewiescht. De Ryan Gosling hätt hir erzielt, datt den Gene ee vu sengen Helde wier.

"La La Land" beweist an hiren Aen, wéi aktuell a relevant den Gene Kelly, och 21 Joer no sengem Doud, bliwwen ass. D'Patricia Ward Kelly begréisst, datt den Damien Chazelle aus deenen alen Nummeren eppes Neies mécht. Hire Mann hätt genee dat vun de Mënschen erwaart: "Hie wollt datt si seng Aarbecht sollten appreciéieren, dovunner léieren awer dann eppes Neies maachen."

Filmmusicals sinn extrem opwänneg

De Genre vun der musikalescher Komedie, déi ouni Zweiwel mam Gene Kelly ee gëllent Zäitalter hat, gouf zënter hier méi wéi eemol fir dout erkläert. An de 50er, mam Opkomme vun der Televisioun, goung et eng éischte Kéier staark biergof. Mä sou Filmer kommen ëmmer nees erëm, de Genre evoluéiert.

Et dierft een net vergiesse wéi deier et war fir sou Filmer ze maachen, seet d'Patricia Ward Kelly. "Schonn eleng duerch déi vill Leit, déi een duerfir brauch. Bei der MGM am Gëllenen Zäitalter vun de Filmmusicals hat een all Mënsch ënnert engem Daach: d'Costemieren, d'Zeenaristen, d'Arrangeuren, d'Museker, d'Dänzer, den Gene, d'Choreografen, de Réalisateur." Et wier quasi onméiglech fir dat nozemaachen. Den Damien Chazelle hätt eng riseg Hal gelount an all Mënsch dorënner versammelt. Doduerch wier hie sou no un den ursprénglechen Esprit erukomm.

Dem Gene Kelly säin Haaptuleies wier gewiescht, de Leit Freed ze maachen. Als Publikum hu mir eist Verlaangeren no Filmer, déi eis frou maachen, ni verluer, seet d’Patricia Kelly. Si zitéiert awer eng Ried vum Cineast David Lean, dee ganz streng mat der Filmindustrie an d'Geriicht goung. Aus Bequemlechkeet a Feigheet eraus géifen ëmmer nëmmen déi selwecht Zort Filmer, déi Suen erabréngen, gedréint ginn. Hie prangert en Hollywood un, dat sech net traue géif, eppes Neies ze woen.

Dowéinst wier d'Patricia Ward Kelly ëm sou méi frou iwwert den Erfolleg vu "La La land". Lionsgate hätten en enorme Risque geholl, souvill Suen an dee Projet z'engagéieren, ouni ze wëssen ob e géif ukommen.

Trump ass eng grujeleg Saach

Datt den Donald Trump amerikanesche President gouf, bezeechent d'Patricia Ward Kelly als grujelegst Saach an hirem Liewen. "Wann een den Gene Kelly kuckt, an anerersäits dat, firwat den Trump a seng Administratioun stinn: dat ass genee de Contraire vun deem, wat hie war. Dat ass och ee vun de Grënn firwat ech sou frou sinn iwwert "La La Land". An deem Film geet et ëm Leit, déi Dreem hunn, déi eppes wëllen erreechen, déi sech duerfir engagéieren. Ech hoffen, datt mir et fäerdeg bréngen, dat och weider ze maachen an dëse wierklech, wierklech däischteren Zäiten."


Dëse Samschdeg, den 11. Februar moderéiert d'Patricia Ward Kelly eng Soirée an der Cinemathéik: http://www.vdl.lu/Calendrier+des+%C3%A9v%C3%A9nements-eventid-779471-p-144708.html

E Sonndeg ass eng Virféierung vun hirem Spektakel "Gene Kelly: The Legacy" am Kinneksbond zu Mamer: