Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Somalia ass méi wéi Krich a Korruptioun

Literatur

Somalia ass méi wéi Krich a Korruptioun

Den Numm Somalia fält dacks an den Noriichten. Seelen an engem positive Kontext. Virun allem Biergerkrich, Spannungen a Refugiéë gi mam Staat um Horn vun Afrika a Verbindung bruecht. E Gespréich mam somalesche Schrëftsteller Nuruddin Farah. Iwwert seng Heemecht, de Kolonialismus an d’Roll vun der Literatur.

auto_stories

4 min

"D'Leit solle Somalia verstoen", sou de Nuruddin Farah. (Foto: Christiana Morick-Diallo)

Dem Nuruddin Farah seng Bicher spille bal all a Somalia a behandele ganz verschidde Sujeten. Vun der Roll vun der Fra an der Gesellschaft, iwwert d’Radikaliséierung an den Terrorismus, d’Relioun, d’Piraterie oder d’Roll vum Westen an der afrikanescher Politik... Dobäi ass dem Nuruddin Farah säi Bléck ëmmer kritesch an dacks geet aus senge Wierker ervir, datt de Westen e falscht Bild vu Somalia verbreet.

Dem Auteur ass et wichteg, datt d’Leit verstinn, wéi komplex d’Situatioun a Somalia ass. Dëst hätt ënnert anerem mat der kolonialer Vergaangenheet ze dinn. Somalia wier dat eenzegt afrikanescht Land, an deem just eng Sprooch geschwat gëtt. Verschidde Kolonialmuechten hate sech d’Land ënnerdeelt. "An ee franséischen, een italieneschen, ee kenianeschen an een europäeschen Deel. Dat ass komplex. Vill Somalier sinn deenen hiren Ideologien nach haut trei." Dobäi kéim, datt Somalia no beim Mëttleren Osten läit. "Wann d’Wieder gutt ass, gesäit ee vum Horn vun Afrika aus de Yemen”, erzielt de Nuruddin Farah.

Post-Kolonial?

De Schrëftsteller fënnt et falsch ze soen, de Kolonialismus wier Vergaangenheet. A senger fréierer Form wier en dat zwar. Mee d’Konsequenze wiere bis haut net iwwerwonnen, esou de Nuruddin Farah. Déi politesch Situatioun a Somalia wier schwiereg. An de Medie géing d’Land fir Krich, Korruptioun an humanitär Krise stoen. Somalia dorops ze reduzéiere wier awer falsch.

All Land hätt am Laf vu senger Geschicht mat Problemer ze kämpfe gehat, fënnt de Nuruddin Farah. Déi aktuell Situatioun kéint nëmme verstoen, wann een d’Kolonialgeschicht a Betruecht zitt. Europa hätt och Biergerkricher duerchlieft. Zum Beispill Kricher, déi aus reliéise Grënn gekämpft gi wieren. Den Ënnerscheed wier awer, datt dës vill méi laang hier wieren.

Dat hätt Grënn. De Schrëftsteller mengt, déi afrikanesch Länner hätten hir Biergerkricher och misse virun 200 bis 300 Joer hunn. Mee du wieren d'Kolonialmuechte komm an hätten dee Prozess ënnerbrach. "Mir Afrikaner hunn eis du gesot: Mir klären dat, nodeems mer d'Kolonialhären lass gi sinn." Dat hätt nach eng Kéier 200 bis 300 Joer gedauert. "Dowéinst ass dee Krich deen deemools hätt solle sinn, eréischt elo. Et ass en néidege Kampf, e reliéisen an ideologesche Konflikt, deen elo muss gekläert ginn."

"D'Problemer goufen einfach exportéiert"

Demokratien an Europa wieren e Resultat vum Kolonialismus, esou de Nuruddin Farah. Andeems een aner Länner koloniséiert hätt, hätt een zum Beispill déi wirtschaftlech Problemer doheem kënne léisen: D’Problemer wieren einfach an d’Kolonien exportéiert ginn. An elo hätten déi fréier Kolonië mat de Konsequenzen ze kämpfen. D'Biergerkricher wieren awer onëmgänglech, seet de somaleschen Auteur. Hie wier sech zwar net sécher op no de Konflikter direkt eng Demokratie géif entstoen. Mee si hätt eng besser Chance. "Mee dee Konflikt muss gekämpft ginn. Et geet net anescht", mengt de Nuruddin Farah.

(Foto: Christiana Morick-Diallo)

Hie gesäit d'Problemer, mat deenen déi afrikanesch Staaten haut konfrontéiert wieren, als Fortschrëtt. D'Kolonialhäre wieren net do gewiescht, fir d'Afrikaner z'ënnerriichten. "Si waren do, fir eng Handvoll Afrikaner z’ënnerriichten, fir datt déi hir dreckeg Aarbecht maachen." Den Auteur ass iwwerzeegt: "Trotz Déifstall, Korruptioun, an obwuel si schrecklech Saache maachen, sinn déi national Regierunge besser wéi d'Kolonialhären".

"Den Exil ass keen Obstakel"

Gebuer gouf den Nuruddin Farah 1945 am italienesche Somaliland. Hien huet awer ënnert anerem an Indien an England studéiert. Säin éischte Roman "From a Crooked Rib" ass 1970 an England erauskomm. A Somalia goufe seng Wierker zenséiert. Tëscht 1979 a 1983 huet den Nuruddin Farah eng Trilogie erausbruecht. A "Sweet and Sour Milk”, "Sardines" a "Close Sesame" kritiséiert hien de Regime vum Mohamed Siad Barre a Somalia. Hie gouf "in absentia" zum Doud veruerteelt a konnt laang net méi a säin Heemechtsland zréck goen. Haut lieft den Auteur zu Cape Town a Südafrika.

Obwuel den Nuruddin Farah schonn zënter laangem net méi am Somalia lieft, ass et him wichteg, weiderhin iwwert seng Heemecht ze schreiwen. Iwwert Somalia géing nämlech seele gutt geschriwwe ginn. Och aus der Distanz géing hie säi Land gutt kennen a kéint sech virstellen, wéi d’Situatioun a Somalia wier.

Sech aus der Distanz mat Somalia ze befaasse wier esouguer gutt, well "d'Distanz mécht d’Saache méi kloer." Den Auteur géing schliisslech Romaner schreiwen, keng anthropologesch Tester. "Mir ass et egal, wat den Zocker gëscht zu Mogadischu kascht huet. Mir geet et dorëms, wéi d’Psych vun de Somalier ass, wéi hire Charakter ass."

Mee wat fir ee Message wëll den Auteur mat senge Wierker vermëttelen? Dozou seet de Nuruddin Farah: "Lies a Léier. Léier méi iwwert anere Leit hiert Liewen an hir Kultur. Da léiers du däin eegent Liewen an deng Geschicht kennen."


Dee ganzen interview mam Nuruddin Farah kënnt Dir hei lauschteren:

Interview mam Nuruddin Farahplay_arrow