Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Claire Parsons - Ursa Major

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mat enger fikitiver Biografie opgelueden"

LEAP-Prize

"Mat enger fikitiver Biografie opgelueden"

Dësen Donneschdeg den Owend gouf déi lëtzebuerger Kënschtlerin Sophie Jung als éischt Laureatin vum LEAP-Luxembourg Encouragement for Artists-Prize ausgezeechent. De Präis, dee mat 12.500 Euro dotéiert ass, gëtt vun Allen & Overy gestëft, an Zesummenaarbecht mat de Rotonden, an dem Curateur Alex Reding. An de Rotonden ass den Ament eng Ausstellung mat Aarbechte vun der Sophie Jung, awer och vun deenen dräi anere Finaliste vum LEAP-Prize: dem Justine Blau, Julien Grossmann, a Vera Kox.

Cléo Thoma / ckl

auto_stories

3 min

Déi véier Finalisten (v.l.n.r.): Vera Kox, Sophie Jung (Gewënnerin), Julien Grossmann, Justine Blau

All zwee Joer soll de LEAP-Prize vergi ginn. Et geet dobäi net drëm, e bis elo onbekannte Kënschtler ze entdecken, mä jonken Artisten an Artistinnen, déi schonn am Komme sinn, e weidere Coup de Pouce ze ginn. Dat erkläert firwat déi véier  Finalisten – d'Sophie Jung, d'Justine Blau, de Julien Grossmann a d'Vera Kox – Leit sinn, déi souwisou méi oder wéineger an der lëtzebuerger Konschtlandschaft amgaang sinn zimlech uewen ze schwammen. 

Am Ganze waren 89 Kandidaturen agereecht ginn. Eng Konditioun war, datt déi beschriwwen Aarbechten net dierfte méi al wéi dräi Joer sinn. Doriwwer befonnt huet ee Jury aus nationalen an internationalen Experten: 

  • den Emmanuel Latreille, Direkter vum FRAC Languedoc-Roussillon 
  • d’Estelle Pietrzyk, Chef-Conservatorin am Musée d’art moderne et contemporain vu Stroossbuerg
  • de Christophe Tannert, artisteschen Direkter vum Künstlerhaus Bethanien zu Berlin
  • de Sammler Patrick Majerus. 

Aus de véier Finalisten, ass schliisslech d’Sophie Jung als éischt Gewënnerin vum LEAP Prize ausgewielt ginn. Alle véier kruten si elo eng Gruppenaustellung an de Rotonden. All Artist huet ee selwecht groussen Espace zur Verfügung, sou wéi och de Katalog aus véier eenzelne Bicher vum selwechte Format besteet. 

"Et geet mer drëm, datt een net alles versteet". 

D'Laureatin Sophie Jung presentéiert siwen Aarbechten, déi sech alleguer mat Thema "Home" befaassen – am breede Sënn vum Wuert. "Wann ech soen, datt et ëm 'Doheem' geet oder dorëms sech ze iwwerleeën een Dag iwwert dem Kapp ze hunn oder sech kierperlech anzwousch ze verankeren, dann ass dat vill ze banal". Zu all Skulptur vun der Kënschtlerin gehéiert een Text, deen als Audio-File zur Verfügung gestallt gëtt. 

D'Wierker vum Sophie Jung si net autobiographesch u sech. Mee: "Soubal ech verschidde Saachen an Aarbechte gebrauchen, lueden ech se mat enger fiktiver Biographie op, déi zu mir gehéiert. Wann ech schreiwen oder schwätzen, da klammen ech och a verschidde Charakteren eran". D'Artistin well an hiren Texter "op kee Fall erklären" a si seet och kloer: " Et geet mer drëm, datt een net alles versteet".

Eng vun der Sophie Jung hiren Aarbechte besteet aus engem wäissen stofften Hues, e Petzi mat enger rosa Nieschen. Hei balancéiert hien op zwee no ënnen hi spatz zoulafenden Dräiecken, déi un der Mauer festgemaach sinn. Lénks e bësse méi uewe gesäit een eng duerchsiichteg Plastikstut mat engem pastellgréngen, méiglecherweis déckflëssege Liquid dran, eng Sträif dovu fënnt sech och op der Mauer erëm. Wichteg nach um Hues: u senger Nues geklemmt, oder villäicht sinn dat och seng Baarthoer, entdeckt een der Sophie Jung hir Ënnerschrëft.

An dat kommentéiert d'Artistin folgendermoossen an hirem Text: