"Spigelbild vun enger aktiver Muséeslandschaft"

Den 10. Oktober ass déi 15. Editioun vun der “Nuit des Musées” an d’Stater Muséeën maachen nees hir Diere bis wäit an d’Nuecht fir de grousse Publikum op. D’Qualitéit vun den Ausstellunge wier trotz de Spuermesurë grouss, seet de Jo Kox, Coordinateur vun de Stater Muséeën, Direkter vum Casino Forum d’Art Contemporain, a President vum nationale Kulturfong (Focuna).

20150214-Jo Kox-3910

Dat internationaalt Joer vun der Luucht ass d'Thema vun dëser “Nuit des Musées”. Dat bedeit ënnert anerem, dass d'Muséeën den 10. Oktober speziell beliicht ginn. A bei der Lëtzebuerger EU-Rotspresidence huet een sech och inspiréiert: Sechs ganz verschidde Presidenten (vum Chamberpresident, iwwer d'ASTI-Presidentin bis zum President vun engem Petanque Veräin) kënnen sech ee "Coup de Coeur" an de Muséeën eraussichen - “fir dee mam Publikum ze deelen”, sou de Jo Kox.  Déi grouss Qualitéit vun den Ausstellungen, déi dëse Summer an och elo während der "Nuit des Musées" kënne gewise ginn, beschreift de Jo Kox als e Spigelbild vun enger ganz aktiver Muséeslandschaft.

Qualitéit trotz Spuermesuren

Zum Sträit ronderëm d'Spuermesurë vun der blo-rout-grénger Regierung am Kulturberäich sot de Jo Kox: "Mir hunn dat elo verdaut a mir hunn entre-temps och aner Pistë gesicht." Et misst een sech méi afale loossen, fir d'Qualitéit vun deene siwen Haiser z'erhalen. Do misst all eenzel Conservateur an all eenzel Direkter eng Schëpp bäileeën: “Dat ass ustrengend, mee mir sinn alleguer motivéiert.” Zur Fro, ob an der Kulturzeen ze vill iwwer Suen, an dowéinst vläit ze wéineg iwwer Inhalter geschwat gëtt, sot de Jox Kox: "Dowéinst ass eng Manifestatioun wéi d'Nuit des Musées sou wichteg, well mir hei awer kënnen anescht eisen Inhalt no bausse vermëttelen."

Ära vum Kulturjoer '95 geet op en Enn

Am Februar sot de Jo Kox am 100,7-Interview, datt hien den 22. Mäerz 2016 am Casino ophält. Et hätten sech vill Kandidate fir seng Successioun gemellt, sou Plaze wieren ëmmer immens gefrot, well et der net vill an deem Genre ginn. D’Prozedur vun der Auswiel géif elo ufänken.

Och wann hien nach net wéisst, wat hien dono genau mécht, géif et him net schwéier falen opzehalen, sou de Jo Kox. D'Ära vun de Leit, déi d'Kulturjoer 1995 mat geprägt hunn, géif eben sou lues op en Enn goen. Fir de Casino wier elo de Moment komm, fir sech als Institutioun a Fro ze stellen a sech nei ze positionéieren, "an dann ass et och besser, wann eng nei Equipe do ass. Beim Focuna wëll de Jo Kox weider President bleiwen. Op dee Poste weider een éierenamtlech bleift, léich an den Hänn vun der Politik.

Audio:

Den Interview vum Jean-Claude Majerus mam Jo Kox:

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Redakter/Redactrice Web

    radio 100,7

    Den Média de service public 100,7, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Redakter/Redactrice fir d'Onlineredaktioun mat engem Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Am November gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen