Radioen

On air

De Moien  |  Erma Franklin - Piece Of My Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Allied: Spionageromanz, déi net vum Fleck kënnt

Hollywood

Allied: Spionageromanz, déi net vum Fleck kënnt

De Brad Pitt an d'Marion Cotillard spillen am Robert Zemeckis sengem "Allied" eng verléifte Spiounekoppel am Zweete Weltkrich. Dem Zemeckis säi Film huet vill versprach, awer net vill gehalen.

auto_stories

3 min

Brad Pitt a Marion Cotillard (Foto: Daniel Smith © 2016 Paramount Pictures)

Schlecht gesënnte Geeschter gesinn am Robert Zemeckis just ee Realisateur, deen déi Sujete verschafft, op déi säi Mentor Steven Spielberg keng Loscht hat. Dem Zemeckis gutt gesënnte Geeschter gesinn an him e Mann, dee sech a senger Carrière ni ze Schued war, fir thematesch, ma virun allem technesch ëmmer nees nei Weeër ze goen.

"Back To The Future", "Forrest Gump", "Contact", "The Polar Express" an "Who Framed Roger Rabbit", seng Palett ass ausseruerdentlech faarweg. Bis elo war hien awer net bekannt, fir clever konstruéiert duuss Suspense-Geschichten op de groussen Ecran ze bréngen. Ma dat sollt sech elo mat "Allied" änneren".

En däitsche Maulef?

De Brad Pitt, Geheimdéngschtler um Terrain, soll am Marokko vum Joer 1942 zesumme mat enger franséischer Resistenzlerin, vum Marion Cotillard incarnéiert, den däitschen Ambassadeur ëm den Eck bréngen. D'Tarnung vun der "bestueter" Koppel muss perfekt sëtzen. Dobäi léiere sech de Max Vatan an d'Marianne Beauséjour eréischt am Restaurant viru Leit kennen.

Et kënnt awer, wéi et am Hollywoodfilm komme muss. Si verléiwen a bestuede sech, plënneren op London an hunn zesummen e Kand. Enges gudden Daags mellt sech dem Pitt säi Virgesetzte bei him. De britesche Geheimdéngscht hätt Grond ze mengen, datt seng Fra en däitsche Maulef wier. De Mann ass natierlech alles anescht wéi "amused" an huet ee Weekend Zäit, fir säi Chef a sech selwer z'iwwerzeegen, datt dëst ee Spill ass.

De klasseschen Hollywoodfilm ass Vergaangenheet

An engem anstänneg konstruéierte Film wier dës Expositioun Bestanddeel vu maximal 25 bis 30 Minutten, fir d'Handlung lass ze trëppelen. An 30 Minutte si schonns immens generéis, well ee sech wierklech Zäit huele kann, fir d'Koppel an hiren "amouréisen" Interêt ze weisen. Wann dës Expositioun awer d'Halschent vum Film ausmécht, dann ass eng Kromm an der Heck.

Et ass immens éierbar, am Joer 2016 ze probéieren, déi laang vergaange grouss Zäite vum klassesche Hollywood fir e puer Stonnen nees ze reaniméieren. Wann de Film awer um "Retro Production Design" riskéiert anzeknécken, wann en esou schwéierfälleg ass, datt d'Dramaturgie an de Plot net vum Fleck kommen, dann hu mer schonns zwou Krommen an där nämmlechter Heck.

"Allied" a Rekordzäit realiséiert, e schlecht Zeechen?

A wann dann nach d'Stars et net fäerdeg bréngen, ee Fonken Energie opkommen ze loossen, dann ass de Match esou gutt wéi verluer. Den Tournage vum Film ass Ufank dës Joers iwwert d’Bühn gaangen. An d'Postproduktioun ass a scheinbarer Rekordzäit absolvéiert ginn. E schlecht Zeechen? Wie weess.

De Stephen Knight a säin Dréibuch kënne sech net entscheeden, wat de Film soll sinn. Soll et "Casablanca meets Mr & Mrs Smith meets Inglorious Basterds" sinn oder dach léiwer "Tinker Taylor Soldier Spy meets The English Patient"? Mat enger fataler Liebesgeschicht also, bei där ee vun Ufank u weess, dat se schlecht ausgeet. Mengetwege Retroschlock, mee da wann ech gelifft konsequent duerchzéien. Well al Hollywoodfilmer si virun allem eppes: an hirer thematescher Linn mat hirer Einfachheet vu vir bis hanne schlësseg. Wann een eppes Neits wollt erzielen, da gouf dat Joer drop ganz einfach een zweete Film mat deenen nämmlechte Stars produzéiert.