Radioen

On air

Notturno  |  Secret Night Gang - When Will The Sun Rise Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Standing Ovation fir "Breaking the Waves"

Lars von Trier

Standing Ovation fir "Breaking the Waves"

Exzellent Schauspillerinnen a Schauspiller, eng stringent Regieféierung an eng verstéierend Geschicht. Der Theaterregisseurin Myriam Muller ass erëm eng Kéier e Meeschterwierk gelongen. D'Ëmsetzung vum Lars von Trier sengem Film "Breaking the Waves" am Studio vum Groussen Theater huet begeeschtert, trotz e puer Schéinheetsfeeler.

auto_stories

3 min

Gutt zwou Stonnen, also bal esou laang, wéi de Film vum Lars von Trier, huet d'Adaptatioun ënner der Regie vun der Myriam Muller am Klenge Studio vum Groussen Theater gedauert. Et ass net just d'Längt vum Stéck, mee praktesch de ganze Zeenario, dee praktesch 1 zu 1 dem dänesche Regisseur senger Virlag entsprécht.

D'Bess, eng jonk, naiv Fra, déi kee Mann fënnt, well si vun all Mënsch als net ganz gescheit bezeechent gëtt, wiisst an enger déifreliéiser Gemeinschaft mat engem bigotte Geeschtlechen, deen iwwer jiddwereen an alles bestëmmt a riicht. D'Bess verléift sech an e Friemen, deen op enger Buerinsel schafft, de Jan. Si bestuede sech, nodeem de Kapp vun der Kierch a vum Duerf seng Erlaabnis ginn huet an d'Bess entdeckt, net just wéi frou si mam Jan ass, mee och hir Freed um Sex.

En tragescht Schicksal

Et kënnt awer zu engem Accident op der Buerinsel, de Jan gëtt schwéier blesséiert a bleift geläämt, et ass just nach säi Kapp dee fonctionnéiert. Fir d'Bess brécht eng Welt zesummen, net well de Jan e Fleegefall gëtt, mee well si sech d'Schold un dësem Virfall gëtt. Si hat dofir gebiet, datt hie bei si zeréckkënnt an net méi op d'Buerinsel geet.

De Jan, e raue Mann, deen awer voller Léift fir d'Bess ass, erdréit hir Trauer net a wëllt si erëm frou maachen. Hie biet si un, mat anere Männer Sex ze hunn a him dovun ze erzielen. Si wier nach esou jonk a voller Liewensfreed a sollt net op dat verzichten, wat hir esou vill Spaass mécht. D'Bess follegt, net aus Loscht, mee well si iwwerzeegt ass, wa si mat anere Männer schléift, da géif si de Jan erëm gesond maachen.

Eng enorm Leeschtung

Natierlech kënnt een net dolaanscht, d'Theaterstéck mam Film ze vergläichen. Mee fir d'éischt mol: Wat d'Equipe vun der Myriam Muller op der Bühn leescht, ass enorm! Eng exzellent Chloé Winkel an der Roll vun der Bess, awer grad esou iwwerzeegend d'Brigitte Urhausen, d'Schwéiesch, Infirmière a besuergte Frëndin vun der Bess.

Déi ausgewielte Musek ass bei der Myriam Muller vill méi aggressiv wéi am Film, virun allem bei den Iwwergäng. Wat awer net feelt ass ënner anerem "Child in Time" vun Deep Purple.

Kloer Uspillungen op de Film

Dann, wat natierlech en Hommage, oder op d'mannst eng Uspillung op de Lars von Trier ass, ass d'Handkamera, déi d'Schauspill verfollegt, mol weist wat hanner de Diere passéiert oder Grand Planen - sou wéi den dänesche Regisseur dat gäre mécht - op d'Gesiichter, op d'Mimik, op d'Hänn vun de Schauspiller wéist.

Dee gréissten Ënnerscheed mécht awer d'Duerstellung vun der Bess aus. Beim Lars von Trier ass et och kloer eng naiv jonk Fra, déi awer en immens gudden a léiwe Mënsch ass, eng Zort Femme-enfant. Hei dann e Kritik-Punkt: D'Bess ass hei op der Bühn deelweis esou kannereg duergestallt, datt een dann och mol laache muss, net well et just witzeg ass, mee och mol lächerlech, an dat irritéiert.

Beim Lars von Trier war et eng iwwerdriwwen Duerstellung vum Märtyrerturm, op der Bühn soll elo d'Bess aus der Roll vun der Victime erausgeholl ginn. D'Léift an dat Gutt am Mënsch, déi iwwer all mënschewierdeg Grenzen erausginn, sollen hei positiv konnotéiert ginn. En interessante Versuch, deen awer net esou richteg schmaache wëllt.