Éisträich, kuerz virum Éischte Weltkrich. De jonke Leutnant Anton Hofmiller gëtt op eng Soirée bei de räichen Ungar Kekesfalva invitéiert, den Anton, begeeschtert vun der Atmosphär, dem gudden Iessen, dem Wäin, den angeneeme Gespréicher, der Musek an der grousser Éier hei däerfen derbäi ze sinn, mécht dat, wat sech fir e jonke Mann an där Zäit an op där Plaz gehéiert: hie freet d'Duechter vum Haus ëm en Danz a blaméiert sech onmoosseg.
Dat jonkt Edith ass geläämt an den Anton verléisst total genéiert d'Haus. Fir d'Saach erëm guttzemaache schéckt hien den Dag duerno e Bouquet Blummen an domat hëlt déi dramatesch Geschicht hire Laf.
Den Anton ass all Dag um Schlass, hie fillt sech wuel mam Edith a virun allem mat der Cousine Ilona. Hien vernoléissegt seng Kolleegen, déi de Geck mat him maachen, datt hien, dee klengen Zaldot an dësem räichen Haus, eran- a rausgeet. Hie mierkt, wéi eng Liewensfreed hien dem Edith duerch seng Presenz erëmgëtt, wéi déi jonk Fra opblitt, mee hie kritt net mat, datt si sech an hie verléift huet a wou et esou wäit ass, ass et ze spéit, sech der Wouerecht ze stellen.
An dann de Papp, deen eng wansinneg Karriär am Räich vun den Habsburger gemaach huet, gesäit awer just an der Duechter e Liewenssënn a gëtt all seng Suen aus beim Versuch d'Edith ze heelen. Et kënnt awer alles anescht wéi geplangt, an de Leutnant, deen net aus Léift, mee aus Matleed Versprieche gemaach huet, déi hien net anhale kann a wëllt, muss säin inkonsequent Handele schwéier bezuelen.
E kuerzweilege Pleséier, deen ee sech gënne soll
Wéi wäit geet e Mënsch, wann e vu Matleed geleet gëtt? Wou sinn d'Grenzen tëschent Matleed an Empathie? Kann ee Léift empfanne fir een aneren, wann dëst Matleed dat dominant Gefill ass? Wéi fillt ee sech, wann ee feststellt, dat de Mënsch, mat deem ee frou ass, just aus Matleed bleift?
"Ungeduld des Herzens" ass en typescht Wierk fir de Stefan Zweig, alles ass bei him tragesch, et ass ni d'Gléck, dat gewënnt.
Trotzdeem ass dëst Lauschterbuch einfach e Genoss. D'Stëmmen, virun allem vun der däitscher Schauspillerin Gustl Halenke, sinn esou lieweg, matrappend. D'Ëmsetzung esou gelongen a waarmhäerzeg, datt ee sech net eng Sekonn langweilt. Virun allem an dësen Zäiten, wou et net einfach ass mat Freed a Liichtegkeet duerch den Alldag ze goen, ass "Ungeduld des Herzens" e kuerzweilege Pleséier, deen ee sech gënne soll.