Radioen

On air

Notturno  |  The Jam - English Rose

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Emanzipatioun duerch Traditioun

Sworn Virgins

Emanzipatioun duerch Traditioun

Op den éischte Bléck gesi si aus wéi Männer. Wann ee genee kuckt mierkt een, datt et Frae sinn. An den nordalbanesche Bierger liewe '"Sworn virigins". Den Neimënster weist hir Geschicht an enger Expo.

Kerstin Thalau / ys

auto_stories

3 min

©Pepa Hristova

D’Pepa Hristova ass 1977 a Bulgarien op d’Welt komm an huet Germanistik studéiert. Si ass an Däitschland ausgewandert an huet do mat Konschtgeschicht a Kommunikationsdesign hir Etuden ofgeschloss. Zanter hier lieft si als Fotografin an Enseignante zu Hamburg. Am Neimënster presentéiert si den Ament impressionant Portraitfotoen.

Op den éischte Bléck gesi si aus wéi Männer. Eréischt, wann ee ganz genee kuckt, mierkt een, datt et Fraen a Männerkleeder sinn. An den nordalbanesche Bierger liewen haut nach '"Sworn virigins", also assermentéiert Jongfraen. Allerdéngs handelt et sech dobäi net em eng Aart reliéisen, mee vill méi em e gesellschaftleche Brauch: De Familljepatriarch stierft an huet kee männlechen Successeur. Dann iwwerhëlt eng Fra aus senger Famill seng Plaz a seng Roll a lieft vun deem Ament un e Liewen als Mann.

Éier vun der Famill

Eng Famill ouni Patriarch géif hir Éier verléieren, erkläert d'Pepa Hristova: "D'Éier vun der Famill ass méi wichteg wéi Selbstverwierklechung oder Emanzipatioun. Et ginn och Beispiller, wou een eng Emanzipatioun duerch d'Traditioun erlieft. Wann ee wëll erausgoen, oder d'Fräiheete vun engem Mann wëll genéissen, gesäit een duerch d'Traditioun eng Méiglechkeet, fir dat ze maachen."

Dës Traditioun kënnt aus dem Mëttelalter. D’Pepa Hristova hat geduecht, si géif an den albanesche Bierger déi lescht Mann-Frae kenneléieren, mee mat der Kris an de Stied kommen nees vill Jonker an déi ländlech Géigenden zeréck, well se hinnen méi Zukunftschance bidden. D’Mann-Fraen schaffen haart. Si di sech un a behuelen sech ewéi Männer. 

Den Titel "Sworn virgins" kënnt, well si Männer am Sozialen sinn. Sexuell musse si inaktiv bleiwen. D'Fotografin bewonnert dëse Mënschen hir Disziplin, an déi enorm äusserlech Verännerungen. "Dat kënnt nëmmen duerch déi bannescht Astellung. Ouni operativ oder hormonell Agrëffer."

Déi jéngste Mann-Fra, déi an der Ausstellung portraitéiert gëtt, huet 30 Joer, déi eelsten 80. Interessant ass, datt eréischt mam Alter nees vereenzelt kleng weiblech Charakteristiken ze gesi sinn.

Hir Geschicht erzielen

Des Welt mat hire Rituale war der Pepa Hristova friem. Si war verwonnert, datt se nach existéieren. Des Gesellschafte gehéieren zu Europa, mä dat Europa kennt een net. Also versicht déi bulgaresch Fotokënschtlerin, et eis méi no ze bréngen, net op eng voyeuristesch, mee op eng intimistesch, perséinlech Manéier.

Eréischt duerch d'Distanz am Ausland hätt si no der Heemecht verlaangert. "Zanterhier fillen ech mech obligéiert, fir iwwer dës Regioun z'erzielen an der Geschicht eng nei Vue ze ginn. Mech interesséiere sou Sujeten, déi mat Identitéitsëmformungen an Identitéitsverloscht ze doen hunn, well ech dat och um eegene Läif erlieft hunn. Net méi ze wëssen, ween ech sinn, oder mech komplett nei ze formuléieren."