Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Näischt ass fir d'Éiwegkeet"

Meditatiounsmeeschter Tang Rinpoche

"Näischt ass fir d'Éiwegkeet"

Meditatioun, Opmierksamkeetstraining a Yoga fannen ëmmer méi de Wee an déi westlech Kultur. Ëmmer méi Mënsche wëlle méi bewosst a méi lues liewen, fir dem Alldagsstress z'entgoen. De Lama Jigmé Namgyal aus dem Centre Culturel Tibetain vun Eech gëtt Meditatiounscoursen. Fir senge Schüler bäizebréngen, wéi wichteg et ass, sech ze fokusséieren, huet den tibetesche Lama e Meditatiounsmeeschter aus dem Bhutan agelueden.

auto_stories

5 min

Viru Kuerzem war zu Eech am Centre Culturel Tibétain en Owend, zu deem de buddhistesche Meeschter Tang Rinpoche ageluede war. Hien huet de Leit gewisen, wéi wichteg et ass, sech op eppes ze konzentréieren.

Den Tang Rinpoche hält e Kristall an d'Luucht. Hie seet, jidderee soll sech op dëse fokusséieren. Duerch d'Gedanken un déi nämmlecht Saach, erkennen d'Leit, déi un dëser Zeremonie deelhuelen, d'Kraaft, déi si all zesumme kënnen ervirruffen. De Kristall ass e Symbol fir d'Rengheet vum Geescht.

Den Owend war iwwerschriwwe mam Titel "Empowerment of Guru Rinpoche". En Empowerment entfacht eng Kraaft, déi no der buddhistescher Léier an all Mënsch ass - déi awer nach net aktivéiert gouf. Duerch d'Zeremonie mam buddhistesche Meeschter aus dem klengen asiatesche Land Bhutan, dem Tang Rinpoche, ginn d'Schüler vum Centre Culturel Tibetain an dësen Empowerment ageweit. Et geet dorëms de Kierper, d'Sprooch an de Geescht ze rengegen an ze stäerken.

Wéi den Tang Rinpoche viru Kuerzem Lëtzebuerg besicht huet, wieren him direkt e puer Ënnerscheeder zu senger Heemecht dem Bhutan opgefall, seet de Meditatiounsmeeschter.

Schéin organiséiert an op der richteger Plaz

An Europa wier alles immens geplangt a festgeluecht. Och d'Blummen an d'Planzen wiere schéin organiséiert an op der richteger Plaz. Am Bhutan géing alles wëll wuessen. D'Beem am Bhutan géinge wuesse, wou se wëllen. Europa wier och schéin. De Bhutan hätt einfach eng aner Virstellung vu Schéinheet.

Den Term Rinpoche gëtt virun allem am tibetesche Buddhismus ugewannt a bedeit wuertwiertlech wäertvolle Mënsch. Engem Rinpoche seng Aufgab ass et, d'Léier vum Buddha weiderzeginn. Hien ass och dofir Responsabel Stupaen a Statuen an Optrag ze ginn, déi d'Nokommen un de Buddha sollen erënneren.

E weideren Ënnerscheed tëscht dem Bhutan a Lëtzebuerg gesäit den Tang Rinpoche am Alldag vun de Mënschen.

Alles spillt mat der Zäit

Et wier fir hie ganz normal, datt d'Leit an enger staarker Wirtschaft méi beschäftegt wieren. D'Leit wieren ëmmer un d'Zäit gebonnen an et wier alles sou opgebaut, datt ee sech misst un d'Zäit halen. Och fir z'iessen géinge Westeuropäer just e puer Minutten aplangen. Et kéim een an de Stress, wann ee sech net géing drunhalen. D'Leit misste léieren, sech nees méi Zäit ze huelen. "Dat deet dem Kierper an dem Geescht gutt", seet de Tang Rinpoche.

Bhutan wier bei Wäitem manner developpéiert wéi Lëtzebuerg an aner westlech Länner. De Bhutan géif awer dacks als dat glécklechst Land op der Welt beschriwwe ginn.

Duerch d'Léier vum Buddha

80 bis 90 Prozent vun de Buddhiste beschreiwe sech selwer als glécklech. Dat wier, well de Bhutan schonn ëmmer e Land vum Dharma, der buddhistescher Léier gewiescht wier. D'Leit wieren zur Konklusioun komm, datt een duerch d'Meditatioun géing léieren, méi glécklech ze sinn, wann een net esou vill huet. An de westleche Länner wéilten d'Leit ëmmer méi a si géife sech net mat deem zefridde ginn, wat si hunn.

"Et ass ni genuch a mat deem Gedanke stierwe si och. Am Buddhismus ass et esou, datt ee léiert, näischt matzehuele wann ee stierft."

Am Buddhismus géing ee scho fréi léiere lasszeloossen an datt näischt fir d'Éiwegkeet wier. D'Buddhisten a Leit, déi sech no der Léier vum Buddhismus riichten, wiere glécklech mat deem, wat si hunn. D'Meditatioun géing hinnen dobäi hëllefen, dat ze realiséieren.

Alles wat ee mécht, kënnt zeréck

An der buddhistescher Léier gëtt et och de Karma. Dat bedeit, datt all Aktioun, déi ee mécht op iergendeng Aart a Weis op een zréckfält. Deet een engem aneren eppes Guddes, och wann et nëmmen eng Klengegkeet ass, kënnt dat Gléck iergendwann op een zréck. Nämmlecht ass et, wann een engem eppes Béises mécht. Doduerch géifen d'Leit motivéiert ginn, fir gutt Saachen ze maachen an an Harmonie ze liewen, fir selwer glécklech ze sinn.

Am Bhutan, dem klengen asiatesche Land aus deem de Meditatiounsmeeschter Tang Rinpoche kënnt, ass ee sech der technologescher Entwécklung an der Moderniséierung mat hire positiven an negative Konsequenze bewosst. D'Regierung probéiert d'Bhutanesen do virdrun ze schützen a verbitt zum Beispill de Verkaf vun Tubak, Plastikstuten a Reklammplakater. Am klenge Land am Himalaya, tëscht Indien an Tibet, gëtt d'Glécklechkeet vun de Leit iwwregens mam "Gross National Happiness" gemooss. De véierte bhutanesche Kinnek Jigme Singye Wangchuk huet Ufank de 70er Joren d'Bruttonationalgléck agefouert. D'Bhutanese ginn dovun aus, datt d'Gléck nëmmen op enger nohalteger Entwécklung vun der Gesellschaft baséiert - zesumme mat materiellen, kulturellen a spirituelle Wäerter. D'Bruttonationalgléck huet véier Sailen, dorënner och Gesetzer zum Schutz vun der Ëmwelt.

"Huel d'Beispill vun dengem eegene Kierper: Wann s du ganz vill Schnëtter an deng Haut méchs, dann hues de Wéi an dann hues och e Problem mat dengem Gehir. Wann s de däi Kierper gutt behandels, en esou léiss, wéi en ass an drop oppass, da bass du och psychesch gesi vill méi roueg a friddlech. Mat der Natur ass et ähnlech. Wann s du d'Natur léiss, wéi se ass a wéi se sech op natierlech Aart a Weis entwéckelt, da kanns du selwer och d'Ëmwelt vill méi genéissen a wouer huelen. Wann d'Natur reng ass, ass och de Mënsch am Rengen."

"Mir sinn all d'nämlecht"

"Egal wou een hierkënnt a wéi vill Ënnerscheeder et tëscht de Kulture ginn, d'Leit sinn iwwerall d'nämmlecht", seet de buddhistesche Meeschter Tang Rinpoche aus dem Bhutan. Hie wier awer nach net laang genuch an Europa gewiescht, fir d'Mënschen hei wierklech anzeschätzen.

D'Leit zu Lëtzebuerg wieren immens intelligent an héiflech, mä fir d'Leit richteg kennenzeléieren, misst een hir Sprooch kënnen.

Bäitrag iwwer de buddhistesche Meeschter lauschterenplay_arrow