Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Täter vun der Zäit"

Rüdiger Safranski

"Täter vun der Zäit"

Wéinst sengen Aussoe par Rapport zur Flüchtlingspolitik steet de Rüdiger Safranski an der Kritik. De Philosoph, Literaturkritiker an Auteur kënnt awer op Lëtzebuerg fir iwwer säin neit Buch ze schwätzen. Den Titel "Zeit. Was sie mit uns macht und was wir aus ihr machen."

Nathalie Bender / ys

auto_stories

2 min

©Peter-Andreas Hassiepen, München

"Mir sinn Täter vun der Zäit. Mir organiséieren d'Zäit an der Gesellschaft," erkläert de Rüdiger Safranski. A sengem Buch gëtt et Kapitelen iwwer déi vergeselltschaften Zäit an iwwer déi bewirtschaften Zäit. "Mir maachen eppes mat der Zäit, an an deem Sënn mécht si dann och eppes mat eis."

Zum Beispill géife mir net d'Zäit beschleunegen, mee eist Handelen an der Zäit. Doduerch géife mir eis ënner een Zäitdrock setzen. An dee géif eis bis zum Burnout an zum Stress veränneren.

"Mir mussen eis nees en Deel Selbsbestëmmung iwwert eisen Zäitmanagement zeréckhuelen," seet de Rüdiger Safranski. Bei der Beschleunegung bräichte mir ausserdeem bëssen Ent-Schleunegung.

D'Argument, datt vill Leit am Alldag keng Méiglechkeet hätten, fir eng souverän Zäitexperienz ze hunn, léisst hien net gëllen. Et géif ëmmer Fräiräim ginn, sou den Auteur. Säi Buch wär kee Ratgeber an hie wéilt net priedegen. "Ech wëll Saache beschreiwen. An ech wëll mech selwer dobäi ameséieren an dem Lieser e Moment vu Rou duerch Nodenke ginn."

Den 23. Mäerz diskutéiert de Rüdiger Safranski am Neimënster mam Norbert Campagna. Et invitéiert den Institut Pierre Werner.

Dee ganzen Interview kënnt Dir hei drënner lauschteren.