Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Thank you for the rain

Impakt-Filmer

Thank you for the rain

D'Welt vum Dokumentarfilm ass am Wandel. Fir vill Realisatricen a Realisateuren ass et haut wichteg, datt hir Filmer net just de Spectateur beweegen, mee iwwer hire cinematographesche Wäert eraus en Impakt op d'Gesellschaft hunn. Zu Den Hague ass d'lescht Woch de Film Festival "Movies that Matter" gelaf, mat enger Selektioun vun engagéierten Documentairen.

auto_stories

2 min

Fënnef Joer laang huet déi norwegesch Filmemacherin Julia Dahr de Kisilu Musya begleet, e Klengbauer aus Kenia, dee während dem Prozess vum Filmemachen zum lokale Leader a Klima-Aktivist gëtt.

Wëll de Film "Thank You for the Rain", also "Merci fir de Reen" de Personnage iwwer eng laang Dauer begleet, kritt den Zuschauer e Sënn fir de graduellen a lokalen Impakt vum Klimawandel op eng rural Communautéit am Kenia.

De Kisilu Musya ass net nëmmen den Haaptpersonnage, mee och de Co-Realisateur vum Film - e groussen Deel vum Documentaire huet hie selwer, mat enger klenger Kamera, gedréint. Esou ass de Spectateur ëmmer dobäi wann eppes geschitt a versteet dem Kisilu seng Erausfuerderungen op eng direkt Manéier.

De Film erzielt, wéi d'Bildmaterial vum Julia Dahr a vu Kisilu Musya dozou bäidroen, datt hie fir d'éischt an Norwegen an dann op d'Klimakonferenz COP21 zu Paräis ageluede gëtt. Dem Kisilu Musya säi perséinlechen Engagement kontrastéiert enorm mat den dacks vage politesche Verspriechen op der Klima-Konferenz. Den Zuschauer gëtt dorunner erënnert, datt ausserhalb vun der politescher Arena Klengbauere weltwäit no Léisunge sichen, fir an Zäite vum Klimawandel z'iwwerliewen.

Fir d'Julia Dahr sinn d'Grenzen tëscht Filmemachen an Aktivismus verwëscht. Hat versteet sech als Impakt-Produzentin. De Film ass schonn an iwwert 40 Länner gewise ginn a fir d'Julia Dahr ass et immens wichteg, datt de Film net nëmme Klima-Aktivsten, mee och Schoulen, Politiker an Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft erreecht.