Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Batter Joren am Waassertuerm

Fotografie

Batter Joren am Waassertuerm

Den zweete Volet vun der Foto-Ausstellung “The Bitter Years” am CNA zu Diddeleng behandelt weiderhin d’Schicksal vu Mënschen ënnert der grousser Wirtschaftskris am Amerika vun den 1930er Joren. Mee mat anere Fotoen: aus technesche Grënn, a fir de Bléckwénkel ze wiesselen. Dëse Weekend sinn d’Portes ouvertes am CNA.

auto_stories

4 min

Foto: John Vachon

Den éischte Volet vun “The Bitter Years” war zënter 2012 am Diddelenger Waassertuerm ze gesinn. Well des historesch Dokumenter musse geschützt ginn, gi si duerch eng nei Serie vu Fotoen aus der Sammlung vum Edward Steichen ersat.

Et géif ee genee Consignë respektéieren, déi ee mat de Restaurateuren ausgeschafft huet, sou d’Michelle Walerisch vum Centre national de l’audiovisuel (CNA). Eng dovu wier d’Expositioun vun de Fotoen zu der Luucht. “Do hu mer eng gewëssen Unzuel vu Stonnen, déi virgesi sinn. Bei der éischter Rotatioun si mer elo plus ou moins’ op déi Limite komm”.

Wat bleift? Wat ännert?

De Sujet vun der Ausstellung bleift dee selwechten: déi ländlech Gesellschaft an Amerika tëschent 1935 an 1941. Eng ganz Rei Fotografen haten deemools, am Optrag vun der staatlecher Landwirtschaftsverwaltung (“Farm Security Administration”), Mënscheschicksaler während der Wirtschaftskris (“Great Depression”) festgehalen.

Wat ass dann elo beim zweete Volet vun “The Bitter Years” anescht? Während am éischten Deel och déi amerikanesch Landschaft an der Krisenzäit duergestallt gi wier, géif dës Kéier méi d’Aarbecht respektiv d’Aarbechtslosegkeet thematiséiert ginn, erkläert d’Michelle Walerisch. D’Mënsche géifen an hirem deeglechen Ëmfeld, an hirer Famill a während der Aarbecht gewise ginn.

Selektioun vun de Fotoen

Déi ursprénglech Kollektioun gouf vum Roy Stryker ausgewielt. Hien huet deemno vill Zäit mat den Optragsaarbechte vum Walker Evans, dem Arthur Rothstein, dem Russell Lee a besonnesch och der renomméierter Fotografin Dorothea Lange verbruecht.

Den zweeten Tour vun der Selektioun ass Jore méi spéit iwwer den Edward Steichen gelaf. Elo erlaben d’CNA-Mataarbechterinne Michelle Walerisch an Anke Reitz, duerch hiren eegene Choix, eng weider Perspektiv op dat grousst Wierk.

Vun den am ganze 84 Biller vun der éischter Rotatioun waren der eleng eng 50 vum Dorothea Lange. Elo kéime Fotografe wéi de Walker Evans (deemools mat nëmmen zwou Fotoe vertrueden) mat sengem dokumentaresche Stil méi zum Zuch.

Foto: Dorothea Lange

Och fir Kanner eng interessant Erfahrung

“D’Aarbecht vum Steichen, déi mir um CNA konservéieren an ausstellen, ass immens accessibel – souwuel fir Erwuessener wéi och fir Kanner”, seet d’Anke Reitz. “Et spillt just mam Visuellen, et kann ee sech dra verléieren, wann ee sech drop aléisst. De Steichen spillt immens vill och mat Emotiounen”. De Kanner géif ee souwuel d’Geschicht ronderëm vermëttelen (ouni déi een d’Ausstellung duerchaus och kéint appreciéieren) wéi och déi “immersiv Erfahrung” mat de Fotoen.

E klengen Highlight an der zweeter Rotatioun ass sécherlech déi nei App, déi de Visiteur sech eroflueden an als Audioguide benotze kann. D’Fotoausstellung gëtt duerch ee Lieseck komplettéiert, mat enger Selektioun vu Bicher iwwert de Sujet. D’Portes ouvertes vun “The Bitter years”, dëse Weekend, ass dann och gläichzäiteg mam Open Air Cinema.